Roger Manderscheid: Die Eroberung des Nordpols

De Roger Manderscheid, e Monument an der Lëtzebuerger Literatur- a Kulturzeen, och wann en dat selwer net gären héiert, huet den 1. Mäerz säi siwwenzegste Gebuertsdag gefeiert.

Roger Manderscheid: „Ech kommen aus engem Haus, do ass et nëmmen ee Buch ginn“. Foto: Christian Mosar

De Roger Manderscheid huet dobäi net op Kaddoë gewaart, neen en huet sech selwer an deenen déi en unhuele wëllen e Kaddo gemaach, a Form vun engem Buch, enger laanger Notiz zur Entwéckelung vun der Lëtzebuerger Literatur an der zweeter Halschent vum leschte Joërhonnert.

De Rosch ass ee vun deenen, déi „nom Krich“ dervun iwwerzeegt waren, datt den ale Geescht, deen d’Leit Joërhonnerte laang hannert de Festungsmauere vermuuschte gelooss huet, an nach laang nom Ofrappe vun de Maueren a vill ze ville Käpp bis haut festsëtzt, sech fräimaachen an nei Weeër siche misst. mehr lesen / lire plus

WEYER PIT: Wéi eng Faarf huet en Hamlet?

De Pit Weyer. Wéi soll een engem dee beschreiwen? Een, deen e kennt, deem brauch een en net ze beschreiwen. Een, deen en net kennt, deem kann een en net beschreiwen. De Pit ass onbeschreiflech.
Geet dat duer als Beschreiwung?

Dem Pit Weyer séng Theaterplakater, dat ass ee Kapitel fir sech, dat als Buch erauskomm ass, bei Geleeënheet vun enger eemoleg intressanter Ausstellung am Escher Theater. Datt déi Plakater hir Plaz an enger Theatergalerie fond hun, ass scho bal normal, an awer huet et laang gedauert, bis dem Pit déi Eier zoukomm ass. Méi ewéi 180 däer klenger Konschtwierker huet de Pit niewent sénger „normaler“ Aarbécht als Grafiker erduecht, nodeems en d’Stéck intensiv gelies hat, da skizzéiert, gezeechent, geschnidden, zesummegepecht, awer ni produzéiert. mehr lesen / lire plus

LITERATUR ZU LETZEBUERG: De Concours ass mäin Optrag

De Jhemp Hoscheit, ee villsäitege Mënsch wat d’Schreiwen ugeet, porträtéiert vum Jemp Schuster.

Dat éischt wat mer tëschent de Bicher vun der klenger LSV- Bibliothéik „Beim Engel“ opfällt, ass e Laptop um Dësch. Oh hei, de Jhemp huet sech awer un de Computer gin. E konnt virun e puer Joër einfach nët mat deem Dénge warem gin. Déi al Schreifmaschinn war him nach ëmmer léif, a wann een ëm vun engem „traitement de texte“ geschwäeremt huet, dann huet en einfach nët nogelauschtert. Dem Jhemp säin Handwierksgeschier war d’Schéier, de Pritt an den Tippex. „Ech muss deen Text nach schnëppelen“, huet en da gesot. mehr lesen / lire plus