De Pit Weyer. Wéi soll een engem dee beschreiwen? Een, deen e kennt, deem brauch een en net ze beschreiwen. Een, deen en net kennt, deem kann een en net beschreiwen. De Pit ass onbeschreiflech.
Geet dat duer als Beschreiwung?
Dem Pit Weyer séng Theaterplakater, dat ass ee Kapitel fir sech, dat als Buch erauskomm ass, bei Geleeënheet vun enger eemoleg intressanter Ausstellung am Escher Theater. Datt déi Plakater hir Plaz an enger Theatergalerie fond hun, ass scho bal normal, an awer huet et laang gedauert, bis dem Pit déi Eier zoukomm ass. Méi ewéi 180 däer klenger Konschtwierker huet de Pit niewent sénger „normaler“ Aarbécht als Grafiker erduecht, nodeems en d’Stéck intensiv gelies hat, da skizzéiert, gezeechent, geschnidden, zesummegepecht, awer ni produzéiert. Deen typesche Stil, dee Charakter, deen en all eenzel Plakat gin huet, ass bei him ni zur Masseproduktioun gin. All eenzelt Plakat ass haut nach eng Erënnerung, och wann dat Stéck scho laang vergiess ass.
Schon an de Sechzeger- Joëren, nach op der Schoul zu Essen, huet e sech fir déi Richtung intresséiert, a sech beim Professer Jozef Mroszczack weidergebild. Wéi dun hei zu Lëtzbuerg d’Theaterlandschaft sech lues ma sécher verännert huet, wéi ëmmer méi kleng Ensemblen entstane sin, du war de Pit Weyer vun Ufank un derbäi, fir däer neier Richtung eng nei Nues ze gin.
Et ass ugaang mat däer éischter Affisch, déi 1967 fir dem Kasemattentheater séng Produktioun „Spectacle Obaldia“ als Linoschnëtt gemaacht gouf. D’Iddee war déi, ewechzekomme vun enger Standardaffisch hin zu engem Plakat, speziell fir dat Stéck entworf, souzesoën eng Etikett, déi sech dann och am Programmheft oder an den Handziedelen erëmfond huet.
Wann een elo awer bedenkt, datt esou eng Aarbecht méi deier am Drock war, ewéi déi bis dohin üblech Affischen, wann ee weess, datt besonnesch déi kleng Ensemblen net vill Suën hate fir hir Produktiounen op d’Been ze setzen, da muss een och wëssen, datt de Pit Weyer séng éischt Theaterplakater fir näischt gemaacht huet. Awer egal, d’Begeescherung derbäi ze sin, um Opbau vun enger neier Theaterkultur kënne mattzeschaffen, d’Ambiance an engem klengen Ensembel wärend an no de Prouwen, dat huet dat alles opgewien. An nach haut schwätzt de Pit voller Respekt vun eben deene klengen Theateren, déi et trotzdem ëmmer fäerdeg bruecht hun, an nach bis haut fäerdeg bréngen, un enger gudder Affisch festzehalen, och wa jidderee weess, datt duurch eng Affisch déi wéinegst Leit an den Theater kommen. An dach: Dat éischt, wat de Publikum vun engem Stéck ze gesi krut a kritt, haut vläicht manner wéi deemools, dat waren d’Plakater, déi uechtert d’Stad op de Sailen an an de Bistroen hongen, vum Grafiker selwer zesumme mat de Schauspiller an dem Regisseur op enger Pechtournée no Feierowend an no de Prouwen opgehaang. Eenzelner hongen net laang, well se vu ganz äifrege Supportere geklaut gi sin, se hate Sammlerwert an hänken haut nach a villen Haiser op heemleche Plaze, wou een se da bei engem Besuch kann erëm gesinn.
Dat Typescht um Pit Weyer sénge Plakater ass d’Tatsaach, datt hien et ëmmer erëm fäerdeg bréngt, ee Stéck vun zwou Stonnen an e puer markanten Zich op de Punkt ze bréngen. Deen einfache kloëre Strëch, dat plakativt Schwaarzt op wäissem Hannergrond, dee roude Klecks, oder déi puer Sprëtzer wéi wann d’Fieder onverhofft ausgerutscht wir, ee Buchstaf hannevir, een aneren op der Kopp. De Pit kënnt bis haut ouni Computer aus. Et ass eigentlech dee leschten Handwierker an deem Beruff, een Auslafmodell, wéi hie sech selwer nennt.
Well och hien sech net ka wiere géint all déi Aflëss vu baussen, déi nei Techniken, dat sougenanntent Modernt, stellt en sech ëmmer erëm a Fro. Kann ee sech dat iwwerhaapt haut nach leeschten, esou ze schaffe, wéi hie schafft? Et muss, wéi hie betount, eng Contrainte do sin, a wa keng do ass, da muss een sech eng schafen. Och wann haut technesch alles méiglech ass, muss een et dach fäerdeg bréngen, sech op dat Wesentlecht ze beschränken, mat nëmmen zwou Faarwen ze schaffen, oder mat enger eenzeger, well ee Stéck huet eng Faarf, huet ee Schrëftzuch dee bei et passt, dat huet dee beschte Grafikprogramm net gespäichert. Beim Computer geet déi esou wichteg Disziplin verluer. Du geess net méi vun engem Konzept aus, du brauchs der virdrun net ze iwwerleeë, wéi et wiirkt, du kanns et einfach probéieren, an erëm mat engem Klick verwerfen. Do gët hie schlecht eens dermat, well de Pit nach ëmmer am léifsten 1:1 schafft. Eng Affisch baut hien op wéi ee Bild, seet hien, dat moolt ee jo och net an engem reduzéierte Format.
An domat wire mer bei sénger Siicht vun engem Theaterplakat. Et soll ee bleiwent Dokument iwwer déi Produktioun sin, konzentréiert, reduzéiert, wou ee mat engem Bléck alles versteet. An esou ass déi Ausstellung och méi ewéi eng Retrospektiv op dem Pit Weyer séng grafesch Aarbécht aus 35 Joër, et ass ee Spigel vum Theaterliewen zu Lëtzebuerg.
Firwat hu keng aner Grafiker sech dofir intresséiert? Ganz einfach, mengt de Pit, well et finanziell näischt bruecht huet. Et ass bis haut ee Luxus bliwwen. Wann een Artist ewéi hien am Ausland un engem groussen Theater beschäftegt gewiescht wir, dann hätt e kënnen dervu liewen. Awer dann hätt en erëm net kënnen esou fräi schaffen ewéi hei. En ass frou driwwer, datt en d’Vertraue vun de Regisseuren a Produzenten ëmmer hat, an en huet bis op déi eng oder aner kleng Ausnahm sech ni vun engem Virschrëfte maache gelooss, wéi déi Affisch dann elo auszegesinn hätt.
Als fräiberuffleche Grafiker gët e nostalgesch, wann en zréckdenkt un déi Zäit, wou zu Lëtzebuerg eng Hand voll Kollegen sech dee grousse Kuch vun der Publizitéit gedeelt hun. Wou nach bal alles iwwer Affischen oder Zeitungsreklamme gelaf ass, déi all vun Hand gezeechent a gemoolt gi sin, ir s’an der Dréckerei op de Pabeier komm sin. Den direkte Kontakt mam Direkter vun enger grousser Firma, déi sech een neie Logo ëntwerfe gelooss huet, zu engem Präis, deen haut ee Witz wir, dee besteet haut net méi. Well elo alles iwwer Marketing an Agence leeft, verléiert ee Pit Weyer d’Schlappen. Ech wëll dat och net méi, seet en. Ech hun a méngem Liewen net een eenzege Client ugeschwat, se sinn ëmmer bei mech komm. Haut ass Krich um Maart. Well hie selwer wéineg Uspréch un
d’Liewe stellt, an sech eng kleng Sécherheet geschaaft huet, kënnt en nach iwwert d’Ronnen. Benefice ass kee méi ze maachen. An esou bleift em haut nach just den Theater als Client. Wat e soss niewebäi gemaacht huet, dat ass elo zu sénger Haaptbeschäftegung gin.
Ech bedaueren absolut näischt, seet en. Am Beruff hat ech ëmmer genuch Opträg fir ze liewen, an d’Aarbécht fir den Theater huet mer Freed a Satisfaktioun bruecht. Dat Kommerziellt ass vergiess, dat Artistescht huet iwwerlieft. An dat ass gutt esou. Et ass vum Beschten.