Roger Manderscheid: Die Eroberung des Nordpols

von | 18.04.2003

De Roger Manderscheid, e Monument an der Lëtzebuerger Literatur- a Kulturzeen, och wann en dat selwer net gären héiert, huet den 1. Mäerz säi siwwenzegste Gebuertsdag gefeiert.

Roger Manderscheid: „Ech kommen aus engem Haus, do ass et nĂ«mmen ee Buch ginn“. Foto: Christian Mosar

De Roger Manderscheid huet dobäi net op Kaddoë gewaart, neen en huet sech selwer an deenen déi en unhuele wëllen e Kaddo gemaach, a Form vun engem Buch, enger laanger Notiz zur Entwéckelung vun der Lëtzebuerger Literatur an der zweeter Halschent vum leschte Joërhonnert.

De Rosch ass ee vun deenen, dĂ©i „nom Krich“ dervun iwwerzeegt waren, datt den ale Geescht, deen d’Leit JoĂ«rhonnerte laang hannert de Festungsmauere vermuuschte gelooss huet, an nach laang nom Ofrappe vun de Maueren a vill ze ville Käpp bis haut festsĂ«tzt, sech fräimaachen an nei WeeĂ«r siche misst.

„Ech kommen aus engem Haus, do ass et nĂ«mmen ee Buch ginn“, verzielt en. „Die Eroberung des Nordpols“. „Dat hat meng Mamm an der Schoul als Präis kritt, an ech hunn et als Bouf bei all FĂ©iwer am Bett op een neits gelies.“ Um Nordpol ass alles ugaang. Parallellen zu LĂ«tzebuerg?

Schreiwe war an ass fir de Roger Manderscheid eng Sich no KloĂ«rheet, eng ManĂ©ier Saachen ze entdecken, dĂ©i soss am Niwwel stoĂ« bleiwen. Virun allem sicht en hei eng Ă„ntwert op d’Fro vun de FroĂ«n: „WĂ©i ass et derzou komm, datt ech haut dee sinn, deen ech sinn?“ Dat fĂ©iert dann noutgedrongen derzou, datt säi Schreiwen un d’Wuerzele geet an zur Autobiografie gĂ«tt. „Schacko Klak“, „De Papagei um Käschtebam“, a „Feier a Flam“ beschreiwen dĂ©i Zäit tĂ«schent 1935 an 1960. Mä wĂ©i wann en op eemol Angscht virum eegene Courage kritt hätt, lĂ©isst en duerno dat Autobiografescht, dat PersĂ©inlecht, wat en als SchrĂ«ftsteller op eemol plakeg do stoen deet, Ă«mmer mĂ©i an den Hannergrond trieden.

„Wann ee jonk ass, mengt een nach mam Schreiwen d’Welt veränneren ze kĂ«nnen“, dĂ©i Illusioun huet e laang opginn. Et gĂ«tt natiirlech Bicher dĂ©i d’Welt verännert hunn, awer dĂ©i hate ganz aner OploĂ«n an eng aner Lobby ewĂ©i e Buch, dat zu LĂ«tzebuerg an engem klenge Verlag eraus kĂ«nnt.

Schwarz-blo Regirung: Selwer Denken net erwënscht

DĂ©i Ă©ischt PolitisĂ©ierung vun der Literatur huet en an de sechzeger JoĂ«ren zu Consdorf an der Scheier erfuer, well och no enger Première am KollĂ©isch keen e kritescht Denke vermĂ«ttelt krut. Selwer Denke war do net erwĂ«nscht, et huet ee just dat missten nodenke, wat eng konservativ a kathoulesch orientĂ©iert Schoul engem virgeduecht huet. Haut si mer Ă«nnert enger schwaarz-bloĂ«r Regirung erĂ«m um „gudde Wee“ dohinner zrĂ©ck. D’Mauere wuessen an d’Paarte ginn erĂ«m zou.

WĂ©i häls d’et da mat der Relioun, gĂ©if d’GrĂ©itchen elo froĂ«n. Fir de Roger Manderscheid ass dat haut keen Thema mĂ©i. Och do huet e sech fräi gemaach vun deenen alen operluechten Zwäng, der EnnerdrĂ©ckung an der Kontroll vun der Kathoulescher Kierch. Dee ganzen Apparat, deen se ronderĂ«m e fiktiven Härgott opgebaut hunn, fir hir Utopie ze verkafen, deen Apparat, deen och haut nach hei zu LĂ«tzebuerg eng immens Präsenz huet, dee muss ee natiirlech bekämpfen, och literaresch, wann een net wĂ«llt, datt e ganzt Vollek doduerch verdommt gĂ«tt. D’Trennung vu Kierch, a speziell Kathoulescher Kierch a Staat, ass haut zu LĂ«tzebuerg mĂ©i wäit ewech ewĂ©i an der Vergaangenheet.

Awer do si mer hei am Land nach op anere Plaze schwĂ©ier krank. D’Asylpolitik an d’Auslännerpolitik vun dĂ«ser Regirung a besonnesch hirem Justizminister ass einfach skandalĂ©is, an awer gĂ«tt op literareschem Plang ganz wĂ©ineg bis guer net drop reagĂ©iert. Och de SchrĂ«ftsteller Manderscheid huet et opginn, dĂ©i MĂ«ssstänn literaresch ze verschaffen. WĂ©i dĂ©i allermeescht vu senge Kolleegen.

Trotz LSV, ass et schwéier, Literaten déi an dräi verschiddene Sproochen zu Lëtzebuerg schreiwen, ënnert een Hutt oder un een Dësch ze bréngen. Dat kënnt awer och doduerch, datt Eenzelner sech professionaliséieren, an domat aner Usprëch u sech selwer an un hiert Emfeld stelle, well se musse vun hirem Schreiwe liewen, woubäi anerer dat nach ëmmer an hirer Fräizäit maachen. De fräie Schrëftsteller ass heinsdo manner fräi wéi deen, deen nach eng Pei als Sécherheet um Kont huet.

De Roger Manderscheid fĂ«nnt ee nĂ«mme ganz rar am Theater erĂ«m. Firwat? Den Tun Deutsch hat 1974 fir de Kasemattentheater e StĂ©ck bestallt, an de Rosch huet „rote nelken fĂĽr herkul grĂĽn“, geschriwwen. Dat StĂ©ck ass awer ni opgefouert ginn, well et ze vill gewot oder ze vill modern fir dĂ©i Zäit, war. A well de Rosch keng Konzessioune wollt maachen, awer och aus enger gewĂ«sser Enttäuschung eraus, huet en duerno net mĂ©i fir den Theater geschriwwen. Op d’mannst keen eegent StĂ©ck. Den „Herkul GrĂĽn“ ass vill mĂ©i spĂ©it an enger lĂ«tzebuergescher Versioun am „Théâtre du Centaure“ gespillt ginn, awer zu enger Zäit, wou en net mĂ©i deen Impakt hat ewĂ©i virdrun. Seng Hörspiller goufen dogĂ©int op verschiddenen däitsche Sendere mat vill Erfolleg opgefouert.

Begrenzten Schreiwzäit

Wann en am Ufank nĂ«mmen op däitsch geschriwwen huet, dann ass säin Ă©ischte Kontakt mam LĂ«tzebuergeschen just duerch den Theater zustane komm. 1980 mĂ©cht en eng Iwwersetzung: „den ubbu gĂ«tt kinnĂ©k“, fräi nom Ubu-Roi, vum Alfred Jarry. Hei entdeckt de Roger Manderscheid, datt d’LĂ«tzebuerger Sprooch vill mĂ©i hiergĂ«tt wĂ©i en Ă«mmer gemengt huet. Fir d’Ouverture vum Kapuzinertheater kĂ«nnt dann eng zweet Iwwersetzung. Aus dem Labiche sengem StĂ©ck: „L’affaire de la rue de Lourcine“, mĂ©cht de Roger Manderscheid 1985 „eng nuecht um kuelebierg.“ „Du kanns leider net op allen Hochzäiten danzen, e SchrĂ«ftsteller deen nach niewebäi e ’seriöse Beruff‘ huet, deem seng Schreifzäit ass begrenzt.“ An esou ass et bei ganz wĂ©inegen Ausflich an d’Theaterliteratur bliwwen.

Ass LĂ«tzebuerg dann elo dĂ©i literaresch ProvĂ«nz, fir dĂ©i et Ă«mmer gehale gĂ«tt? „ProvĂ«nz gĂ«tt et iwwerall“, mengt de Rosch, „ech hu GĂ©igenden am Ausland erlieft, wou et vill mĂ©i schlĂ«mm ass wĂ©i hei zu LĂ«tzebuerg. LĂ«tzebuerg ass esouguer privilegiĂ©iert, duerch seng SprochintensivitĂ©it, awer et gĂ«tt esou wĂ©ineg draus gemaach.“

WĂ©i e säin Ă©ischte Roman: „Die Dromedare“ un de Suhrkamp Verlag geschĂ©ckt, an eng hĂ©iflech Ofso als Ă„ntwert krut, awer mam Wonsch verbonnen dat nächst Manuskript wĂ«llen ze liesen, du sot de Rosch neen, dann eben net, „vu mir kritt der näischt mĂ©i. Ech gi mäi Wee och esou.“ Am RĂ©ckblĂ©ck ass en zefridde matt deem, wat e mat sĂ©ngem Schreiwen erreecht huet. Wat fir e Stellewäert säi literarescht Schaffen huet, dat muss d’Zäit weisen.

Zanter 1969 hält e sech konsequent un d’Klengschreiwen. Firwat? „Ech schreiwen nun emol esou. Well d’SchrĂ«ft ass eppes SchĂ©ines“, seet en, an da pĂ©ckt en ee ganzen Tirang „SchrĂ«ftbiller“ a verschiddene Formater aus. Geschriwwe Konschtwierker. WĂ©i säi Buch „mam velo bei d’gĂ«lle fra“ dat ganz op der Hand geschriwwen ass. Dat wĂ«llen awer vill Leit net liese, well et esou ustrengt. Dann eben net.

Den neitste Roman ass fäerdeg. kleng geschriwwen. Hoffentlech net dee leschten.

Jemp Schuster

De Roger Manderscheid ass den 23. Abrëll beim 4. Liesmarathon mat dobäi. Vun 19 Auer an der Kulturfabrik zu Esch.

Dat kéint Iech och interesséieren

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Assises sectorielles du chant choral: Junge Chorsänger*innen gesucht

Die „Assises sectorielles du chant choral“ vom vergangenen Samstag offenbarten, wo den Chören hierzulande der Schuh drĂĽckt. Es mangelt an Sichtbarkeit, pädagogischem Know-how und vor allem an Nachwuchs.   Wie bei Rundtischgesprächen ĂĽblich, boten die „Assises sectorielles du chant choral“ vergangenen Samstag einen Morgen voller leiser...

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch: Luxemburgisch im Fokus

Die Luxemburger Sprache soll ab diesem Jahr jeden 26. September gefeiert und gefördert werden – und zwar mit Kulturevents, Aktivitäten und Diskussionsrunden. Das Programm der Erstauflage des „Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch“ wurde am Montag bei einer Pressekonferenz vorgestellt. „Sprache ist der Schlüssel zur Welt“, sagte bereits Wilhelm von...

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Staffelfinale „And Just Like That”: Vergessene Vorläufer

Allzu schwer fällt er nicht, der Abschied von der Serie „And Just Like That“ – sie hat den Charme des Anfangs eingebüßt. Interessanter ist ein Blick auf die Ursprünge: Mit Mary McCarthys Buch „The Group“ fing alles an. Und einfach so ist alles vorbei: Mit dem Staffelfinale des „Sex and the City“-Sequel „And Just Like That“ schließt das...