De Jhemp Hoscheit, ee villsäitege MĂ«nsch wat d’Schreiwen ugeet, porträtĂ©iert vum Jemp Schuster.
Dat Ă©ischt wat mer tĂ«schent de Bicher vun der klenger LSV- BibliothĂ©ik „Beim Engel“ opfällt, ass e Laptop um DĂ«sch. Oh hei, de Jhemp huet sech awer un de Computer gin. E konnt virun e puer JoĂ«r einfach nĂ«t mat deem DĂ©nge warem gin. DĂ©i al Schreifmaschinn war him nach Ă«mmer lĂ©if, a wann een Ă«m vun engem „traitement de texte“ geschwäeremt huet, dann huet en einfach nĂ«t nogelauschtert. Dem Jhemp säin Handwierksgeschier war d’SchĂ©ier, de Pritt an den Tippex. „Ech muss deen Text nach schnĂ«ppelen“, huet en da gesot. NĂ«t formatĂ©ieren, nĂ«t editĂ©ieren, nĂ«t printen, einfach schnĂ«ppelen. An och virun der leschter Virstellung huet de Jhemp nach eng KĂ©ier sĂ©ng SchnĂ«ppelen duurchgekuckt, ir en op d’BĂĽhn gaangen ass. Einfach nĂ«mme fir sĂ©cher ze sin. Dat ass mer alles an deem kuurze Moment duurch de Kapp gaange wĂ©i ech de Laptop gesinn hun. D’AarbĂ©chtsgeschier huet sech also verännert. An den Aarbechter? Mir haten eis eng Zäitchen nĂ«t mĂ©i gesinn, an elo sollt ech ee Porträt vun em schreiwen.
Loosse mer dat Privat ewech, dat geet keen eppes un. De Jhemp ass mĂ©i roueg gin, an e gesäit e bĂ«sse midd aus, e misst emol an d’frĂ«sch Loft. Bicherwirem si gäeren eng Grimmel ze bleech.
An dann d’Schoul, dat ass och keng Plaz fir sech ze sonnen. „Ech hun dĂ«st JoĂ«r eng Première, do muss ech dru bleiwen.“ Och dat nach. HĂ«llt en dann dĂ©i Rou mat an d’Schoul, ass en dee coole Prof? „Mat 50 bass d’ee langweilege Pauker, deen de Programm muss eriwwer brĂ©ngen, do bleift keng Zäit fir d’Phantasie. Ech wĂ«ll och d’Schoul nĂ«t mat der SchrĂ«ftstellerei vermĂ«schen.“
„SchrĂ«ftsteller“ hĂ©iert en nĂ«t gär, dat ass ze vill gestelzt, an nĂ«mme well hien elo den Nationale Literaturpräis iwwerreecht kritt huet, dofir passt kee vun de Studenten an der Stonn besser op, an et hĂ«lleft him och nĂ«t, ee bessere Prof ze sin.
Als Literat net aléng sin
De Sekretär vum LSV. No bei de Bicher, de Wierker vun de Schreifkolleginnen a Schreifkollegen, hei „beim Engel“, wou dĂ©i gesammelt Wierker vun all deene stin, dĂ©i zu LĂ«tzebuerg a verschiddene Sproochen hir Gedanken a Gefiller tĂ«schent zwee Buchdeckelen agespaart hun, hei ass et roueg, hei misst en dach eigentlech am Himmel sin. Awer dat meescht geschitt souwisou am Kapp?
Firwat lued en sech dĂ©i AarbĂ©cht op? „Well et mer Spaass mĂ©cht“, seet en, „a well jo een et muss maachen.“ Dat ZesummegehĂ©ieren, dat Gefill vun nĂ«t eleng sin, d’GewĂ«ssheet dat nach anerer do sin, dĂ©i sech mat deene selwechte Problemer erĂ«mklappen. An d’Tatsaach, datt eigentlech kee vun eis aus sĂ©nger Haut kann. Hei däerf oder muss e regelmĂ©isseg säin „Notizblock“ aus alle mĂ©iglechen Zeitungsartikeln a CommuniqueĂ«n zesumme schnĂ«ppelen, duerno kopĂ©ieren, an un all Membere verschĂ©cken. Nach Ă«mmer dĂ©i al Method. Vill BrĂ©iwer sin a sĂ©nger Sekretärszäit hin an hier gaang, villes huet sech beweegt, awer dat meescht bleift nach ze maachen. „Wann s de dech engagĂ©iers, kriss de gäere virgeworf du wĂ«lls dech selwer an d’Vitrin setzen.“
Heinsdo huet e schon d’Flemm well et nĂ«t richteg weider geet, well d’Literatur zu LĂ«tzebuerg nach Ă«mmer ee StĂ©ifkand ass, an och wäert bleiwen. „Jiddereen ass frou datt geschriwwe gĂ«t, awer gĂ©if een eis vermĂ«sse wa mer nĂ«t mĂ©i gĂ©ife schreiwen?“ D’Ă„entwert op dĂ©i Fro kritt e mĂ©i spĂ©it. Ech froĂ«n en eppes anescht. Brauchs du d’Erausfuerderung vun engem Concours? „Jo, well et eng gutt ManĂ©ier ass, sech an engem Genre äuszedrĂ©cke, wou een sech soss vläicht nĂ«t gĂ©if dru woĂ«n. Et ass een Challenge, ee Kick fir ze kucke wat anerer dervun halen, well ee selwer keng Distanz zu deem huet, wat ee schreift, selwer schlecht beuurtele kann, wou een dann elo steet“. Och wann eng Jury eng aner Meenung huet, wĂ©i dee breede Publikum? Och dann. „De Concours ass mäin Optrag.“ Nom Roman „Perl oder Pica“ war d’Versuchung grouss, een zweete Roman an däer Richtung weider ze schreiwen, an d’sechzeger JoĂ«re wullen ze goĂ«n, mä dĂ©i Iddi ass erĂ«m verschott, haut denkt de Jhemp Ă©ischter drun, ganz äus deem „autobiographesch Fiktiven“ wĂ©i en et nennt, eräuszeklammen an eppes ganz Neies ze probĂ©ieren.
An dobäi ass en ee villsäitege MĂ«nsch wat d’Schreiwen ugeet. Vun der Satir, dem Cabaretstext, der Kuurzgeschicht, iwwert d’Kannerlyrik bis bei de Roman huet en de Bou schon zimlech wäit gespaant. Do kĂ«nnt dann och nach d’Zweesproochegkeet derbäi. FransĂ©isch oder lĂ«tzebuergesch, bal Ă«mmer eng Gefillssaach. Dat Ă©ischt Kannerbuch ass eigentlech Ă©ischter zoufälleg entstanen, aus Lyrik fir Erwuessener, dĂ©i vläicht nĂ«t erwuesse genuch war, an dĂ©i sech een anere Wee gesicht huet.
Mat de Genre spillen
Den Theaterauteur Jhemp Hoscheit mĂ©cht sech mĂ©i rar. „Et ass schwĂ©ier ee StĂ©ck an engem Theater Ă«nnerdaach ze krĂ©ien, wann s de keen eegenen Ensembel hues, oder nĂ«t zu den Hausauteure gehĂ©iers.“ Wann och d’Schreiwe fir d’BĂĽhn nĂ«t un Ă©ischter Stell steet, sou ass et dach spannend an och wichteg, dee mĂ©i beschwĂ©ierte Wee mat engem Text iwwert de Regisseur an d’Schauspiller bis bei de Publikum ze maachen.
Huet een, deen sech op esouvill verschidde Manéieren ausdréckt, eng Virléift fir deen een oder anere Genre?
„Ech hun doheem verschidde Farde leien, an däer enger schlĂ©ift d’Iddee zu engem neie Roman, an däer anerer den Entworf fir ee Kannerbuch, an däer drĂ«tter leie fäerdeg Cabaretstexter, an däer nächster ugefaange Gedichter, a wann eng Farde rifft dann huelen ech s’eraus, jee no Loscht a Laun. Et ass wĂ©i ee Spillgezei, wĂ©i ee Baukasten, ech sin doranner e bĂ«sse Kand bliwwen. An da gĂ«t gespillt. Mat der Sprooch, mat der Form, mam Inhalt, et ka sinn dat näischt derbäi eraus kĂ«nnt, da gĂ«t eben erĂ«m alles agepaakt, an dann ass et fir eng aner KĂ©ier.
Dat héiert sech no vill Liichtegkeet a kënschtlerescher Fräiheet un.
Wéi ass et da mam Drock? Gët nët vun engem Jhemp Hoscheit verlaangt, ze beweisen datt e säi gudde Numm nët gestuel huet?
Natiirlech huet en Angscht, awer e lĂ©isst sech nĂ«t vun där Angscht erdrĂ©cken. Well et keng Existenzangscht ass, well en nĂ«t vu sĂ©ngem Schreiwe muss liewen. E kĂ«nnt zu all Moment soĂ«n: elo geet et duer. Awer just duurch dĂ©i Villsäitegkeet kĂ«nnt en eigentlech ni esou an d’Labbrenten. Also scho bal ee literarescht Chamäleon. „Wann d’LĂ«tzebuergescht mer ze vill persĂ©inlech, ze vill autobiographesch gĂ«t, wann ech d’Gefill hun zevill iwwert mech ze verroden, da gin ech mech hannert d’FransĂ©ischt verstoppen. Dat brĂ©ngt mer dĂ©i nĂ©ideg Distanz.“
„Ee Buch ass eppes Schreckleches! Et ass ee Support, een Dokument, dat, wann et bis Ă«nnert de Leit ass, dem Auteur komplett entwutscht. An deemno wien et an d’Fanger kritt, kann et esouguer ausser Kontroll geroden, du hues keen Afloss mĂ©i drop, an dat mĂ©cht mer heinsdo Angscht.“
Ass also den Auteur Jhemp Hoscheit deen ofgekapselten, e bĂ«sse scheie MĂ«nsch? „Ech stelle mech selwer nĂ«t gären an d’Vitrin. Wann awer eng Éierung usteet, wann ee Präis kĂ«nnt, da sin ech frou driwwer, awer ech stin nĂ«t gären zevill laang um Podium.“
Den Escher Jong, zu Esch gebuer, zu Esch opgewuess, zu Esch verwuurzelt. „Och wann ech fort gĂ©ing,“ seet en, „da wir ech awer geeschteg nach Ă«mmer hei“ Wat hällt en dann a sĂ©ngem Eck? Ass e buedemstänneg, verwuurzelt?
„Et ass nach Ă«mmer d’Kand wat a mer schreift, d’Kand vun deemools, dat am Bierg wĂ©i an enger grousser SchatzkĂ«scht wullt.“
De Mäerchenerzieler, Gaukler, Troubadour, de Sproochjongleur dee Saz fir Saz äus sĂ©ngem Bierg eräuskroopt, an e weider verschafft bis e sech vum selwen drĂ©it. Dee sĂ©nger geschriwwener Phantasie op enger Liesung ee Gesiicht gĂ«t. A wann nĂ«mmen e puer Leit op dee Moment gewaart hun, da war d’AarbĂ©cht nĂ«t Ă«msoss, an dann huet en d’Ă„ntwert op sĂ©ng Fro vun d’Ă©inescht. Well dat beschte Buch ass dout, wa keen et an d’Hand hĂ«lt an et liest. Oder virliest.
Eng literaresch Klamer proposĂ©iert de Jemp Hoscheid den 10. an 20. Januar mat engem Schreifatelier Ă«nnert dem Titel: „Re-crĂ©ation littĂ©raire et ludique – les arts en dialogue“. Novize-SchrĂ«ftstellerInnen kĂ«nnen hei de Wierker aus der Austellung „Identity“ an der Galerie Engel de Puls fillen.
Informatiounen an Aschreiwung bei „Wunnraum fir Studenten asbl“, TĂ«l. 26 48 04 24, e-mail: wfs@pt.lu Präis: 25 Euro (15 fir Studenten).

