D’Europawahlen sinn eriwwer an am Stroosbuerger Parlament mussen sech elo d’Fraktiounen beieneen dinn … hei am Land wëssen d’Regierungs- mee och d’Oppositiounsparteien wou se dru sinn.
Wéi eng Konsequenzen musse bessonnech bei de Perdanten gezunn ginn?
Wou steiert d’EU hin? Dat froe mer dëse Sonndeg am Presseclub no …
Invitéen sinn: de Marc Schlammes aus dem Wort, den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt, de Jean-Claude Franck vum Radio 100,7 an de Luc Caregari vun der woxx.
RDV fir de Presseclub wéi gewinnt live um Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer an natirlech och a Bild an Toun op rtl.lu.

