Jonk Lëtzebuerger Schrëftsteller*innen: „Wann et méiglech wier, géif ech gär einfach schreiwen“

Jonk Schrëftsteller*inne begéinen nach méi jonke Schrëftsteller*innen – dat war d’Konzept vun enger Table ronde, déi den 1. Abrëll 2022 am Lycée Ermesinde stattfonnt huet. Ronn zwanzeg Schüler*innen aus enger Creative-Writing-Klass haten d’Geleeënheet, sech mat Vertrieder*inne vun der jonker Lëtzebuerger Literaturzeen auszetauschen: Eline Klaassen, Antoine Pohu, Cosimo Suglia a Maxime Weber.

Den Antoine Pohu (Mëtt) studéiert Theaterwëssenschaften zu Bréissel. Seng Texter goufe widderhuelt ausgezeechent, sief et beim Prix Laurence oder beim Poésiesconcours „Jeune Printemps“. 2019 huet säi Manuskript „La Quête“ den éischte Präis beim Nationale Literaturconcours gewonnen, 2020 gouf den Text als Roman bei Op der Lay verëffentlecht. 
D’Eline Klaassen (riets) ass op enger 1e A* am Lycée Robert Schuman. Seng Texter sinn 2016 an 2018 beim Prix Laurence ausgezeechent ginn. 2021 huet hatt beim Nationale Literaturconcours mam Manuskript „Die Bibliothek der gescheiterten Schriftsteller“ den éischte Präis an der Kategorie Jugendbicher/Jonk Auteure gewonnen. (© Laurent Henn)

De Cosimo Suglia ass deen éischten, dee sech traut e faarwegen Ziedel aus der Këscht ze fëschen, déi virun den Invitéeën um Dësch steet. D’Konzept vun dëser Table ronde ass, dass d’Auteur*inne mussen déi Froe beäntweren, déi zum Virschäi kommen, wann se den Ziedel ausernee falen. Zwee Creative-Writing-Schülerinnen, d’Lisa Völkening an d’Célie Wald, haten se sech am Virfeld ausgeduecht. Wou fënnt een Inspiratioun? Wéini weess een, dass engem säin Text gutt genuch ass? A wéi kritt ee Schreiwen a Studium respektiv Beruff ënnert een Hutt?

woxx: Wéini hutt Dir bemierkt, dass Schreiwen eppes Besonnesches fir Iech ass an Iech méi läit wéi aner Saachen?


Cosimo Suglia (C.S.) : Ech hu mat 18 Joer mam Schreiwen ugefaangen. Virdrun hunn ech Comics gezeechent, dat heescht, ech hunn op eng aner Manéier Geschichten erzielt. Mat mengem éischten Text fir de Prix Laurence, „De Café um Bock“, sinn ech direkt an d’Final komm. Do wosst ech: Ok, dat läit mer e bëssen an sou hunn ech einfach weidergemaach.

Maxime Weber (M.W.) : Ech hu mat néng Joer mäin éischte Roman geschriwwen. Deemools war ech déck obsessed mat Brietspiller, vun deenen ech all d’Iddie geklaut hunn! Mat zwielef Joer hunn ech e richtegen Exposé verfaasst fir e Verlag a wierklech dru gegleeft, dass ee mäi Buch kéint verëffentlechen. Och wann ech dertëscht heiansdo gemengt hunn, ech wier net gutt genuch, ass de Wonsch awer ëmmer erëm komm. Meng Proffen a meng Mamm hu mäi Wonsch ënnerstëtzt.

Antoine Pohu (A.P.) : Ech hu mat 15, 16 ugefaangen. Mat 19, 20 koum do de Moment, wou ech entscheet hunn, dass ech méi u mengem Schreiwe wéilt schaffen. Dat ass déi wierklech Entscheedung, wann een decidéiert richteg u sengem Schreiwen ze schaffen.

Eline Klaassen (E.K.) : Ech hunn ëmmer gär a vill geschriwwen. A wann een dru schafft, da mierkt een och, dass ee besser gëtt.

Firwat schreift Dir an där Sprooch an där Dir schreift?


C.S.: Ech hunn Englesch studéiert a konsuméiere vill englesch Medien, dofir ass meng Wiel direkt op Englesch gefall. Elo wou ech mäi Master an der Luxemburgistik maachen, hunn ech ugefaangen op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Ech spille mat deenen zwou Sproochen a wiessele mech of.

M.W.: Ech hunn och ëmmer op Däitsch geschriwwen, well ech als Kand vill däitsch Bicher gelies hunn. Leschtens hunn ech awer eng Kuerzgeschicht op Englesch geschriwwen, an déi huet mer déck gutt gefall. Englesch läit mer mëttlerweil am meeschten. Ausserdeem huet een en zimmlech grousse Public wann een Englesch schreift. Lëtzebuergesch hunn ech ni geschriwwen, mee duerch meng Aarbecht un engem Theaterstéck fir Esch 2022, zesumme mam Cosimo a mam Antoine, hunn ech gemierkt, dass dat mer méi Spaass gemaach huet, wéi ech erwaart hat.

„Schreiwen ass wéi wann ee méi Erfarungen hätt, wéi een der am Fong huet“

A.P.: Ech hunn esou geflucht, wéi mer dat Theaterstéck geschriwwen hunn! Wéi, dat Wuert gëtt et net? Ech benotzen dat dach all Dag! A wat ass dat do fir eng Grammairesreegel?! Iwwer de Summer hunn ech mech also e bëssen an d’Lëtzebuergesch erageschafft a fannen dat och interessant, mee Franséisch läit mer méi. Mäi Papp ass Fransous, mee ech hu meng ganz Kandheet däitsch Bicher gelies an däitsche Fernsee gekuckt. Mat foffzéng Joer hunn ech decidéiert, dass ech wéilt „Les Misérables“ liesen an doduerch hunn ech ugefaangen op Franséisch ze schreiwen.

E.K.: Ech schreiwen haaptsächlech op Däitsch. Heiansdo hunn ech aner Sprooche probéiert, mee am Däitsche sinn ech am fräisten, well ech do déi meeschte Wierder kennen. Et ass eng ganz billerräich Sprooch. Ech fannen, et gëtt ëmmer grad dat richtegt Wuert, no deem ech sichen.

Wat maacht Dir wann Dir keng Iddi méi hutt?


M.W.: Kräischen! (laacht) Also dat kënnt bei mir eigentlech net vir. Mäi Problem ass éischter d’Iddien auszebauen.

C.S.: Schreifblockade ginn ewech andeems ee schreift. Ech sëtze mech dohinner a schreiwen ee blöde Saz an nach een, an op eemol huet een awer geschriwwen. Et hëlleft och wann een net erwaart, direkt Qualitéit ze produzéieren. Wa mir näischt méi afält, da liesen ech aneren hir Wierker oder kucke Filmer a klauen eppes. Ech sinn der Meenung, dass ee Saache ka léinen an da mat sengen Experienzen eppes Eegenes draus maachen.

A.P.: Ech erziele wéineg Geschichte wann ech schreiwen. Et geet bei mir méi ëm Momentopnamen an d’Relatiounen tëscht de Leit. Do brauch een net emol eng Iddi. Et léisst een einfach e Personnage aus sengem Haus erausgoen an da kommen d’Saache scho vum selwen. Op eemol spieren ech, dass de Personnage do ass, ech gesinn d’Plaz an d’Sätz fänken un ze kommen. Da sëtzen ech mech dohin a schreiwen.

E.K.: Ech hunn och méi de Problem, dass ech keng Zäit hunn, wéi dass ech keng Iddien hunn. Heiansdo weess ech net konkret, wéi ech eng Iddi soll ëmsetzen, da ginn ech einfach e bësse mam Hond trëppelen an da komme meeschtens Gedanken.

Wat wëllt Dir an der Zukunft maachen? Soll Literatur ëmmer eng Roll an Ärem Liewe spillen?


Alleguer: Jo.

C.S.: De Problem zu Lëtzebuerg ass, dass et hei immens schwéier ass, vum Schreiwen ze liewen. Ech wëll awer schonn e Beruff an deem ech mat Literatur ze dinn hunn, als Proff am Lycée zum Beispill. Och Editeur kéint ech mer virstellen.

A.P.: Ech weess emol net, ob ech onbedéngt vu mengem Schreiwe liewe wéilt. Dofir hunn ech elo zënter September zu Bréissel e Master am Theater ugefaangen, well et no um Schreiwen drun ass. Schreiwen ass net just seng eege Romaner schreiwen. Leschtens hunn ech och un Traductioune geschafft an et ass ëmmer méi reegelméisseg, dass ech bezuelten Opträg unhuelen. Dat ass manner vum Zoufall ofhängeg, wéi e Roman erauszeginn an ze hoffen, dass e sech verkeeft.

E.K.: Wann et méiglech wier, géif ech immens gär einfach schreiwen. Ech mengen net, dass et vill aner Beruffer ginn, déi ech gär géif maachen. Ech tendéieren ëmmer dozou, entweder eppes ganz ze maachen oder guer net. Am Endeffekt wäert ech wuel musse Kompromësser agoen a villäicht entdecken ech am Studium jo nach aner Perspektiven.

De Cosimo Suglia (lénks) huet e Bachelor an der Anglistik a mécht aktuell e Master an der Lëtzebuerger Sprooch a Literatur. 2021 gouf hie mam Chrysalis Award ausgezeechent, e Präis fir spekulativ Fiction. Am selwechte Joer huet hien d’PoetrySlam-Meeschterschafte gewonnen. Rezent huet hien et mat sengem Text „Héichuewen, Déifbuedem“ op d’Shortlist vum 
Prix Laurence gepackt. 
De Maxime Weber (riets) huet Philosophie zu München studéiert a schafft aktuell fir eng Ëmweltorganisatioun. 2021 koum säin Debütroman „Das Gangrän“ bei Kremart Editions eraus. Nieft senger literarescher Aarbecht mécht hien och Musek an dréint Kuerzfilmer a Museksvideoen. (© Manu Noll)

Hutt Dir heiansdo den Drock eppes Guddes schreiwen ze mussen?


M.W.: Ëmmer!

C.S.: Wat fir mech gutt ass, ass et fir deen anere villäicht net. Eppes wouropper ech pochen ass, dass ee säin Text soll Leit weisen, deenen ee vertraut, ier een en iergendwou hi-schéckt. Dee Feedback kann een unhuelen oder net. Ech mengen ëmmer meng Texter wiere gutt, da schécken ech se menger Frëndin, an dann ass dat Gefill ganz schnell fort. (laacht) Et si schonn Texter vu mir erauskoum, déi positive Feedback kruten, déi ech perséinlech awer net esou gutt fonnt hunn an ëmgedréint. Ech kucken immens gär Trashfilmer, ech mengen de Maxime och, objektiv sinn se warscheinlech net gutt mee …

M.W.: … si ënnerhalen dech! Wann ech vun engem Text gelangweilt sinn, dann ass e schonn emol sécher net gutt. Ech hunn héich Erwaardungen u mech beim Schreiwen, mee et ass wierklech wichteg, dass een anere Leit seng Aarbecht weist. Beim Schreiwen ass een esou déif am Prozess dran, dass een eng ganz verzerrte Siicht op säin Text huet. Mäi Roman („Das Gangrän“, 2021, Kremart Editions, Bem. vun der Red.) ass am Lektorat duerch siwe bis aacht nei Versioune gaangen. Ech hat e bëssen ënnerschat, wéivill Zäit dat an Usproch hëlt. Et war e ganz oppenen a coole Prozess, bei deem ech vill geléiert hunn, a mech verbessere konnt.

A.P.: Ech hu mech ni als Perfektionist gesinn, mee et gëtt ëmmer méi schwéier mat den eegenen Texter zefridden ze sinn. Wann een un engem Roman schafft, da brauch een e Joer fir alles opzeschreiwen a wann een dann den Ufank duerchliest, da kritt ee Loscht fir erëm alles frësch ze maachen. Wann een eppes bis 15 mol gelies huet, da gëtt et komplizéiert, fir et nach gutt ze fannen. Iergendwann muss ee lassloossen. Dat Praktescht dorunner ass, dass et de Leit da besser gefält wéi engem selwer.

Wann Dir Iech an e Personnage erafillt, a seng Trauregkeet oder Freed wëllt beschreiwen, spiert Dir Iech dann och esou?


C.S.: E Personnage muss eppes hunn wat e wëll, an eppes hunn wat e brauch: Wants and needs. Ech ginn do méi technesch vir, fir e Charakter opzebauen, wéi ze soen, ech fille mech elo an deen eran.

M.W.: Bei mir muss et eng gewësse Stëmmung ginn, déi ech novollzéie kann, ouni dass ech se selwer fillen. Ech hunn ëmmer eng Distanz dozou. Soss géif ee jo duerchdréinen, wann een déi ganzen Zäit misst d’Emotioune vu senge Personnage noempfannen!

C.S.: Recherche ass genee esou wichteg. Ech schreiwen och iwwer Charakteren, bei deenen ech net weess, wéi se sech fillen. Wann ech e Charakter beschreiwen, deen homosexuell ass an ech sinn et net, da kucken ech mer d’Experienze vun anere Leit un a ginn da sensibel drun erun.

M.W.: Recherchéieren ass eigentlech dat Wichtegst. A mengem nächste Buch ass e Personnage Paleoanthropolog. Ech hu mer Youtube-Videoen zum Thema ugekuckt – do léiert een immens vill bäi.

A.P.: Fir mäin nächste Roman hunn ech 100.000 Jazz-Videoen gekuckt! Generell probéieren ech net ze beschreiwe wat d’Leit fillen, mee Situatiounen ze kreéieren. Wéi am richtege Liewen, do weess een och net ëmmer wat deen aneren denkt. Wat ech fillen ass dacks net Freed oder Trauregkeet, mee eng immens Rou. Wann ech schreiwen, da sinn ech laang dono nach ganz roueg.

E.K.: Also ech fanne Recherche mega langweileg! Ech schreiwen net ëmmer nëmmen iwwer meng Erfarungen, mee wann ech eppes erfannen, da probéieren ech, dass ëmmer ee Gefill 
dran ass, dat ech kennen. Heiansdo gëtt et dat vergréissert oder an en 
anere Kontext gesat.

C.S.: Et hänkt och vun der Form of. Wann ech Poetry Slam schreiwen oder Spoken Word, dat ass perséinlech, dat sinn ech. Och a Gedichter spigelen sech perséinlech Erfarungen.

M.W.: Bei Songtexter, dat sinn och ech. Natierlech stécht an de Personnagen ëmmer eppes vum Auteur dran, mee et ass genee esou interessant, Persounen ze beschreiwen, déi näischt mat engem senger Liewensrealitéit ze dinn hunn.

Wéi hutt Dir Äre Schreifstil, respektiv Genre fonnt?


M.W.: Wéi ech ugefaangen hu mat Schreiwen, war mäi Genre Fantasy. Eng Zäit duecht ech, dat géif zu Lëtzebuerg net seriö geholl. Do hunn ech versicht mech unzebiederen andeems ech méi realistesch Saache geschriwwen hunn, mee dat gefält mer net esou. A mengem aktuelle Buch si surrealistesch Elementer dran an dat läit mer méi. Doduerch gëtt mäi Schreiwen och besser.

C.S.: Ech hunn nach kee spezifesche Schreifstil, ech versichen ëmmer anescht ze schreiwen. Ech huelen Elementer déi mer gefalen a bauen se an. Als Exercice fannen ech de Genre awer déck gutt. Well all Genre huet Konventiounen a mat deene kann ee spillen

A.P.: Am Ufank hunn ech Saachen imitéiert, déi ech cool fonnt hunn. Mir gefalen d’Texter vum Philippe Claudel zum Beispill, dee mega kritesch mat der d’Gesellschaft ëmgeet. Dono hunn ech awer gemierkt, dass ech eng ganz aner Approche hunn. Ech ginn éischter mat enger vill méi doucer Sensibilitéit drun erun a maachen de Géigendeel fir dat selwecht ze soen. Esou baut een sech lues a lues seng Technik op.

© Camille Dupont

Huet d’Schreiwen Iech scho gehollef a Momenter, an deenen Dir Iech net esou gutt gefillt hutt?


M.W.: An der Primärschoul waren d’Kanner net ëmmer esou léif mat mir an do hunn ech e Fantasy-Roman geschriwwen. Dat war e bëssen Eskapismus, mee dat huet mer vill gehollef.

E.K.: Fréier hunn ech ëmmer déi Kanner, déi ech net leide konnt a meng Geschichten erageschriwwen, mëttlerweil maachen ech dat awer net méi.

C.S.: Beim Spoken Word si meng Texter dacks satiresch oder aggressiv, do kritiséieren ech och Lëtzebuerg a wat hei falsch leeft. Do ass meng Emotioun, an et ass meng Manéier fir Roserei ofzebauen.

„Fir mech ass et esou tëscht ,Et mécht mega Spaass’ a ,firwat maachen ech dat?’“

A.P.: Déi lescht Méint hunn ech gemierkt, dass reegelméisseg ze schreiwen sech dorop auswierkt, wéi ech mech fillen.

E.K.: Dat ass iwwerhaapt ee vun den Haaptgrënn firwat ech ëmmer geschriwwen hunn, well ech dat brauch, fir Situatiounen an Emotiounen ze verschaffen. Et ass awer och ëmgedréint esou, dass Saachen déi ech geschriwwen hunn, mir dono am Alldag eppes bréngen, well ech d’Gefill hunn: Dat do hues de an enger Geschicht schonn erlieft. Et ass, wéi wann ee méi Erfarungen hätt, wéi een der am Fong huet.

Fält et Iech méi liicht aus der Ech-Perspektiv ze schreiwen oder d’Saache vu baussen ze beschreiwen?


C.S.: Ech hunn elo véier Texter an der Du-Perspektive geschriwwen. Dat ass perséinlech an awer hues de eng gewëssen Distanz. Domadder spillen ech grad.

A.P.: Ech sinn immens gär an der Ech-Perspektiv. Ech probéieren oft esouguer de Kierper vu mengem Protagonist matanzebannen, kierperlech Gefiller ze beschreiwen, méi wéi sentimental Gefiller.

M.W.: An der Ech-Perspektive kann een och domadder spillen, dass de Protagonist Saachen zielt, déi net onbedéngt stëmmen.

A.P.: Am Theater probéiert een de Präsens déi ganzen Zäit ze verwëschen, zum Beispill andeems een tëscht de Pronomen hin an hier spréngt. Heiansdo seet een „ech“ an heiansdo „hien“, dat ass dann den Acteur, deen iwwer de Personnage schwätzt. Et ass interessant, sech dann doranner ze verléieren.

E.K.: Am Moment interesséieren ech mech virun allem fir d’Ech-Perspektiv, well ech et an der drëtter Persoun ganz komesch fannen, de Personnage ëmmer beim Numm mussen ze nennen. Well e Mënsch ni ganz genee an en Numm erapasst. Ech fannen et och flott fir mat de Geschlechter ze spillen a wann een da schreift „er“ a „sie“ verschwënnt do eppes.

Ass Schreiwe fir Iech och heiansdo eng Laascht?


A.P.: Fir mech ass et esou tëscht „Et mécht mega Spaass“ a „firwat maachen ech dat?“. Et sinn ëmmer e bëssen déi zwee Gefiller gläichzäiteg. Generell ass Schreiwen eng Aarbecht déi immens eleng ass. Dat ka schonn op d’Moral schloen.

E.K.: Ech hu mer esou ugewinnt, fir ëmmer all fräi Zäit fir d’Schreiwen ze notzen, dass ech mech onwuel fillen, wann ech Zäit hunn an net schreiwen. Gläichzäiteg denken ech mer: Wann ech elo eppes schreiwen an ech hu keng Loscht, da gëtt et souwisou näischt. Et bleift ëmmer e Scholdgefill. Dat nervt schonn e bëssen … Anerersäits géif ech mech soss warscheinlech langweilen!

D’Biografie vu den Autor*innen goufe recherchéiert vum Lena Differding, Nadia Ferraz Sales, Vicky Koster an Anne Scholzen.

Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressif sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.