Podcast: Am Bistro mat der woxx #018 – D’Kulturpolitik an de Wahlprogrammer

von | 05.10.2018

Wéi all Woch bidde mir iech och dës Woch an eisem Podcast „am Bistro mat der woxx“ een Abléck doranner, wat d’woxx-Redaktioun déi läscht Woch sou beweegt huet.

Dës Woch steet eis Print-Nummer ganz am Zeechen vun de kommenden Wahlen. Mir hunn eis den Wahlkampf an den sozialen Medien méi genee ugekuckt an  d’Wahlprogrammer op d’Thema Chancëgläichheet hin analyséiert.

D‘Kulturpolitik ass d‘Thema vun der Woch. De Luc Caregari an de Joël Adami vun der woxx schwätzen iwwert d‘Stëmmung bei der Presentatioun vum Kulturentwécklungsplang an iwwert Fro, wéi realistesch et ass, datt dëse Plang dann tatsächlech an d‘Realitéit ëmgesat gëtt. Mir analyséieren d‘Kulturdeeler vun de verschiddene Wahlprogrammer. Dobäi kommen och e puer interessant Proposen zum Virschlag a mir gi gewuer, wat fir eng Partei de Kulturbudget carrement verduebele wëll.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...