Am Bistro mat der woxx #304 – D’Diskussiounen ëm d’Pensiounsreform hate kee gudde Start

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Diskussioune ronderëm eng méiglech Pensiounsreform hunn dës Woch offiziell ugefaangen. Dat, obwuel an deene leschte Méint scho vill iwwert Thema geschwat gouf. Mat enger Diskussiounsplattform sollen all d’Bierger*innen matschwätze kënnen, mä net vill. Wien sech vun engem Zeechelimit vu 500 Zeeche virun de Kapp gestouss fillt, ass net eleng: Och d’Gewerkschafte sinn net zefridde mat der Aart a Wéis, wéi d’Regierung deen Discours organiséiere wëll. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wisou de Start vun där grousser Debatt mësslongen ass.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Pensions : la tension monte entre syndicats et gouvernement

Am Bistro mat der woxx #303 – Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng staark Segregatioun am Schoulsystem. Schüler*innen, déi doheem net Lëtzebuergesch schwätzen oder déi aus engem schwaache sozioekonomeschen Haushalt kommen, lande vill manner dacks am Classique wéi zum Beispill lëtzebuergesch Schüler*innen mat räichen Elteren. D’María Elorza Saralegui huet sech fir d’woxx ugekuckt, wat d’Ursaache vun deenen Ënnerscheeder si kéinten. Fest steet, datt d’Orientéierung am sechste Schouljoer wuel vir vill Leit dee wichtegste Moment an hirem Liewen ass, deen hir spéider berufflech Zukunft scho festleet. Dofir schwätze mir am Podcast och vill doriwwer, wéi sech déi Orientéierung an deene leschte Jore verännert huet, mä awer och doriwwer, wisou keen iwwert eng grouss Reform mat engem verlängerten Tronc Commun schwätzt.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #302 – D’EU an de béise Wollef

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zanter e Mëttwoch ass kloer: De Wollef soll deemnächst an der EU manner streng geschützt sinn. Argumentéiert ginn ass dee Schratt mat Problemer, déi d’Déier soll verursaachen, zum Beispill duerch Schof, déi gerass ginn. Och Lëtzebuerg huet sech fir ee manner strenge Schutz ausgeschwat. Domadder huet d’Regierung eng 180-Grad-Dréiung higeluecht, ouni déi awer genee ze erklären. Am Podcast schwätzen d’María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert de Wollef, seng Situatioun zu Lëtzebuerg an an der EU, an iwwert Fro, wéi ee Management vum Wollef kann ausgesinn.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #301 – Abschottungspolitik an den USA an an Europa

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch huet d’woxx zesumme mat der ErwuesseBildung d’Journalistin Kathrin Zeiske op Lëtzebuerg invitéiert, fir iwwert de Grenzregime tëscht den USA a Mexiko ze schwätzen. Am Podcast erzielt d’Melanie Czarnik eis, wat déi vun eis, déi net konnten do sinn, verpasst hunn. Et geet net nëmmen dorëms, wéi d’USA sech méi a méi ofschotten, mä och ëm d’Fro, wéi vermeintlech Vereinfachunge wéi d’Digitaliséierung vun der Asylprozedur gesellschaftlech Ännerungen ervirruffen. Mir schwätzen och iwwert Parallellen tëscht der EU an den USA, well an Europa ass d’Grenzpolitik genee esou mäerderesch.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #300 – Liberty Steel a finanzieller Kris

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Et ass eng onverständlech Situatioun: Säit dräi an hallef Jore ginn d’Employéë vu Liberty Steel zu Diddeleng bezuelt, fir bal näischt ze schaffen. D’Stolwierk steet stell, déi ronn 160 Aarbechter*innen hu keng Aarbecht. An der leschter Zäit, huet sech d’Lag nach verschlëmmert: Säit Woche waarden d’Employée*n op hire Loun vum August, mä bis elo ass keen*t bezuelt ginn. D’Syndikater sinn alarméiert, den Aarbechtsministère suivéiert d’Situatioun. De Fabien Grasser präsentéiert dëst Woch seng exklusiv Recherche zum Thema an erkläert, wéi et dozou komm ass, wéi eng Zukunft d’Stolwierk an d’Aarbechter*inne erwaarde kéint a wat de Milliardär Sanjeev Gupta mat allem ze dinn huet.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #299 – Wat maache géint haislech Gewalt?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

2023 louch dZuel vun de Policeasätz wéinst haislecher Gewalt déi éischte Kéier iwwer 1.000 pro Joer. Dat heescht, dat dPolice ongeféier dräi mol am Dag geruff gëtt, well et Fäll vun haislecher Gewalt gëtt. DAffer vun an der Haaptsaach Fraen. Wéi dVerhältnis vun de Geschlechter genee ass, ass awer jee no Statistik ënnerschiddlech. Am Podcast erkläert dMelanie Czarnik net nëmmen, wisou dat esou ass, och, wat fir Angeboter et zu Lëtzebuerg esouwuel fir Affer wéi och fir Täter*innen gëtt.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #298 – Déi sënnlos Diskussiounen no dem Attentat vu Solingen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dat dschihadistesch Attentat zu Solingen huet vill Diskussiounen opgewullt. Nieft Messere gëtt och iwwert den DublinProzess an Ofschiebungen geschwat, esouguer een Asylstopp ass am Gespréich. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an den Thorsten Fuchshuber doriwwer, datt dës Debatten eigentlech sënnlos sinn, well se déi wierklech Problemer net uginn, nämlech dFro, wisou sech Leit radikaliséieren an zu Terrorist*innen ginn. Thema ass awer och, wéi lëtzebuergesch Politiker vum rietse Bord déi Diskussiounen aus Däitschland opgräifen a probéieren, selwer politescht Kapital dorausser ze schloen.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #297 – Endometrios: Wisou gëtt dës Krankheet net unerkannt?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Endometrios ass déi zweetheefegst gynekologesch Krankheet. Dacks sinn dSymptomer esou schlëmm, datt déi Betraffen hirem Beruff net méi richteg kënnen no goen. Eng nei Petitioun fuerdert elo, datt dEndometrios endlech als chronesch Krankheet unerkannt soll ginnausserdeem soll et méi Flexibilitéit op den Aarbechtsplaze ginn. Am Podcast erkläert eis nei woxxJournalistin Melanie Czarnik, wat et mat där Krankheet op sech huet, a wisou dPolitik sech mat enger Unerkennung esou schwéier deet.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #296 – Firwat planzt ee Bauer Blummen un?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wëll Planzen si wichteg fir d’Biodiversitéit, well si bidden Insekten a Vigel Narung a Liewensraum. Mä duerch verschidde Facteuren ginn et der ëmmer manner, vill Biotope verschwannen. D’woxx war sech dës Woch ee Projet ukucken, mat dem aktiv dogéint gekämpft gëtt. Dëse Projet, bei dem wëll Planzen ugebaut an da Geseems fir Wiseblummen fir landwirtschaftlech a privat Notzer*innen verkaaft gëtt, gouf zesumme vum Naturmusée an dem Gemengesyndikat Sicona op d’Bee gestallt. Am Podcast verréit d’María Elorza Saralegui, wat si bei hirem Besuch um Feld geléiert huet, wéi de Projet genee funktionéiert a wéi den Afloss vun der EU-Agrarpolitik dorobber ass.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #295 – Wouhier kënnt d’Angscht viru queere Kanner?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Petitioun Nummer 3198 wëll all queer Inhalter aus der Schoul erauskréien. Dat suergt säit gutt zwou Woche fir Diskussiounen, virun allem well quasi jiddereen*t eppes aneres an den Text vun der Petitioun eraninterpretéiert. Mä wat fir Argumenter ginn am Fong benotzt, fir dës Petitioun ze verteidegen? Am Podcast schwätze mir doriwwer, analyséieren déi Ängschte, déi dohannert stinn a ginn och e puer historesch Beispiller, wou et esou Verbueter an änlech Initiative scho gouf.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
LGBTIQA: So net „queer“! mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #294 – Den neien nationalen Energie- a Klimaplang ass keng Verbesserung

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Déi endgülteg Fassung vum nationalen Energie- a Klimaplang (Pnec) wéist, wat CSV an DP a Saache Klimaschutz virhunn. Dat si manner Ambitioune bei der Energieeffizienz a méi Hoffnung an technologesch „Wonnerléisungen“. Mir analyséieren dat am Podcast, an schwätzen och iwwer ee Waasserstoff-Projet, deen erëm aus dem Pnec verschwonnen ass.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
 Nationaler Energie- und Klimaplan: Verschlimmbesserung

 

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #293 – Wéi verännert d’kënschtlech Intelligenz d’Aarbechtswelt?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wéi verännert d’kënschtlech Intelligenz d’Aarbechtswelt?  Et gëtt am Moment vill orakelt, wat den Afloss vu sougenannter Kënschtlecher Intelligenz op d’Aarbechtswelt ugeet. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wat hie bei senger Recherche zum Thema erausfonnt huet. Hien huet ënner anerem mat Gewerkschafte geschwat, déi natierlech och hir Vue zu de Probleemer a Chancë vu ChatGPT a Co. hunn. Mir schwätzen dann awer och iwwer d’Fro, wien am Fong d’Verantwortung huet, wann ee Computer eng Decisioun trëfft a wéi vill bei KI Hype a wéi vill Substanz ass.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #292 – A wat geschitt elo a Frankräich?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Am Podcast erkläert de Fabien Grasser déi politesch Lag a Frankräich, no der iwwerraschender Victoire vum Nouveau Front populaire. Kann dat lénkt Parteiebündnis eng Regierung bilden? Wisou wëll de Macron net agesinn, datt seng Partei d’Walen net gewonnen huet? A wéi grouss ass d’Gefor vum rietsextremen RN?

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Élections législatives en France : La gauche se fera-t-elle voler sa victoire ?

 

 


De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #291 – Wat geschitt a Frankräich?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch geet et an eisem Podcast ëm déi franséisch Politik an déi lëtzebuergesch Ënnerstëtzung fir de Front Populaire. De Fabien Grasser an d’María Elorza Saralegui schwätzen doriwwer, wéi d’Walen d’läscht Woch ausgaange sinn, wéi se dëse Sonnden ausgoe wäerten a wat dat neit lénk Bündnis nach rappe kann. Riets geet awer och iwwert Fro, wisou esou vill Leit a Frankräich eng rietsextrem Partei wielen a wat de Präsident Macron am Fong wëlles hat, wou hien Neiwalen ausgeruff huet.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Élections législatives en France : L’union de la gauche au-delà des frontières

 

 


 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #290 – Wouhier kënnt déi vill Transfeindlechkeet?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Trans Mënschen hunn an de leschte Jore vill Haass erlieft. Dëst kënnt haaptsächlech vu Rietsextremisten, awer och aner politesch Beweegunge sinn ufälleg fir dës onmënschlech Ideologie. D’woxx huet e puer besonnesch heefeg Argumenter analyséiert, an am Podcast schwätze mir doriwwer, wat fir Argumenter et ginn, wisou se grad elo sou heefeg opkommen a wéi d’Parteien zu Lëtzebuerg sech positionéieren.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

LGBTIQA-Rechte: Transfeindlichkeit als Trend

 

 


 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #289 – Wéi den Asylsystem zu Lëtzebuerg versot

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den Asylsystem generell an d’Dublin-Prozedur am spezielle verhënnert, datt Leit Asyl kréien, obwuel se an hirer Heemescht verfollegt ginn. No enger laanger Recherche weist d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui unhand vum Fall vun der Famill Sedova, wéi Leit aus Lëtzebuerg expulséiert ginn. Si kruten net genuch Zäit, fir hir Geschicht ze erzielen an haten dowéinst net déi geréngste Chance op Asyl. Mir schwätzen och iwwert Zoustänn, an deenen esou „Dublin-Fäll“ wunne mussen, a wat déi stänneg Onsécherheet mat de Mënsche mécht.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Dublin-Verfahren: Wohin, wenn das Asyl verwehrt wird? mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #288 – Déi langweileg Ried zur Lag vun der Natioun

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Premier Luc Frieden huet den Dënschden seng éischt Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber gehalen. Déi Ried war net besonnesch spannend, huet de Joël Adami fonnt, am Podcast schwätzt hie mam Tessie Jakobs doriwwer, wourunner dat geleeën huet. Si diskutéieren och doriwwer, wéi d’Riedner*innen vun der Majoritéit an der Oppositioun an hire Reaktiounen op dem Premier säin Discours sech gemaach hunn.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Rede zur Lage der Nation: Visionslos

 

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #287 – Migratiounspolitik am EU-Walkampf

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Déi eng Parteie gesi Migrant*innen als Risiko fir d’Sécherheet, déi aner wëllen se als Aarbechtskräften an Europa gesinn, a just e puer setzen sech fir eng besser a méi mënschlech Asylpolitik an. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wat an de Walprogrammer fir d’EU-Wal steet a klären doriwwer op, wat fir falsch Fakten iwwert den EU-Migratiounspakt verbreet ginn.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Asylpolitik in den Wahlprogrammen: Um Solidarität oder um Sicherheit bemüht?

 

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #286 – Ëmmer nach Neiland – Digitalpolitik vun de Lëtzebuerger Parteien

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Digitaliséierung, Kënschtlech Intelligenz a Quantecomputer – d’Lëtzebuerger Parteie werfen an hire Walprogrammer fir d’Europawale vum 9. Juni gäre mat Schlagwierder ronderëm sech. Dacks kritt een awer d’Gefill, et wier net vill méi dohannert. Am Podcast schwätzt de Joël Adami mam Tessie Jakobs iwwert Grënn, wisou Digitaliséierung nach ëmmer esou ee schwieregt Thema fir d’Parteien ass an erkläert, wou et dach awer e puer interessant Iddie gëtt.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Digitalpolitik: Wen würden Computer wählen?

 

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #285 – Wéi eng Sozialpolitik wëllen d’Lëtzebuerger Parteie fir d’EU?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Bei der EU denke vill Leit un de fräie Marché, Agrarsubventiounen oder nach den Euro. Gemeinsam sozialpolitesch Reegele wéi de Mindestloun kommen engem meeschtens net direkt an de Kapp. An dëser Episod schwätze mir doriwwer, wat d’EU op sozialem Plang iwwerhaapt matschwätze kann, a wéi eng sozialpolitesch Iddien déi lëtzebuergesch Parteien am Europawalkampf präsentéieren.

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:

Élections européennes : Le social, parent pauvre de l’UE
Élections européennes : Ce qu’en disent les partis luxembourgeois

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus