E Sonndeg, 7. Abrëll: Presseclub mat der woxx

von | 05.04.2019

Et sinn Dauerbrenner, déi d’Aktualitéit déi lescht Deeg dominéiert hunn: Brexit, de Luc Frieden – elo President vun der Chambre de Commerce -, de Logement an d’Mobilitéit (oder Immobilitéit).

Doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Marc Schlammes vum Wort, de Robert Schneider vum Tageblatt, de Claude Karger vum Journal an de Richard Graf vun der woxx.

Presseclub, dëse Sonndeg 7. Abrëll, kuerz no 11h bis Mëtteg op RTL Radio an duerno als Podcast op rtl.lu.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #370 – Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d'Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä...