Podcast: Am Bistro mat der woxx #025 – Geschlechtsspezifesch Gewalt
All Woch bidd d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Thema vun der Woch ass d‘geschlechtsspezifesch Gewalt. D‘Orange Week, déi jo iwwert Gewalt géint Fraen opkläre wëll, huet bei munche fir Opreegung gesuergt, well si der Meenung sinn, datt Männer méi vu Gewalt...


