Podcast: Am Bistro mat der woxx #032 – déi zwou helleg Kéi vu Lëtzebuerg: den Auto a Steierpolitik

von | 25.01.2019

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch geet et am Podcast vun der woxx iwwert zwee immens „lëtzebuergesch“ Themen: Engersäits d’Steierpolitik an anerersäits den Auto, méi genee den Autosfestival.

Bei der Steierpolitik ass et de Virstouss vun der Europäescher Kommissioun, fir zukünfteg net méi ee Konsens vun alle Länner ze brauchen, fir iwwer Steierfroen decidéieren ze kënnen, deen d’woxx beschäftegt huet. Am Moment brauch et fir esou Entscheedungen nämlech Unanimitéit. Mam Luc Caregari geet riets doriwwer, wéisou Lëtzebuerg dee Virschlag oflehnt. An dat, obwuel et an deene grousse Parteien net onbedéngt Eenegkeet doriwwer gëtt, ob dat esou sollt sinn. Och eng Etüd vun den europäesche Gréngen, no där Firmen zu Lëtzebuerg effektiv just 2 Prozent Steiere bezuelen – vill manner wéi den Taux d’Affichage, ass een Thema.

Den Autosfestival ass déi aner Thematik op eiser Agenda. Wéi schonn a ville Jore virdrunn probéiert d’woxx, eng Kafberodung fir déi Leit, déi sech en neien Auto kafe wëllen, dobäi awer ekologesch Kritäre wëlle berécksiichtegen, ze maachen. Ass en Elektroauto wierklech de beschte Choix fir jiddereen, oder kann et dann awer vläicht een Diesel sinn? Donieft gëtt de Phänomen vum SUV analyséiert. Déi „Straßenkreuzer“ sinn nämlech mëttlerweil dat wichtegst Segment um Autosmarché, wat vill negativ Konsequenzen huet, och fir d’Sécherheet vun deenen, déi net an esou engem „Panzer“ setzen. Dorriwwer ënnerhalen sech de Raymond Klein an de Joël Adami.

 

D‘mp3 eroflueden
De Podcast abonnéieren: mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #382 – Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d'Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, kritesch mat...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #380 – Ungarn vor dem Systemwechsel?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. De Sonnde sinn an Ungarn Parlamentswale: No 16 Joer Fidesz-Herrschaft vum Viktor Orbán gëtt et eng reell Chance op e Regierungswiessel. De Géigekandidat Péter Magyar an seng Tisza-Partei leien a ville Ëmfroe vir. Mä och wann den Orbán verléiert: Säi System...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #379 – Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zu Lëtzebuerg ass d'Loftqualitéit gutt. Op mannst steet dat meeschtens esou an der offizieller App an op offizielle Websäiten. Just ganz seele gëtt viru schlechter Loft gewarnt. Mä dat läit virun allem dorun, datt sech dobäi op al Grenzwäerter vun der EU bezu...