All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen.
Dës Woch geet et am Podcast vun der woxx engersäits iwwert d’Perquisitioun am MNHA an anersäits ëm d’Fro, wat fir Therapieforme fir Autismus ubruecht sinn.
Mam Luc Caregari schwätzt de Joël Adami doriwwer, wéi d’woxx op d’Spuer vun de „Läichen“ am Keller vum MNHA komm ass, wat fir Steng bei der Recherche am Wee louchen a wat déi Affär mat dem belsche Parquet ze dinn huet.
Eis zweet Thema ass d’Fro, ob een Autismus heele kann. Dat behaapten nämlech ëmmer erëm Leit, déi mat dem Versprieche Reklamm fir deier Therapië maachen. Mam Tessie Jakobs ass riets driwwer, wisou dës Siicht op d’Thema problematesch ass a wisou sou een Usaz der Iddi vun der Inclusioun am Wee stoe kann.
De Podcast abonnéieren: mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #066 – Sozialalmanach an 100 Joer Walrecht
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #042 – Wat ass Sexualassistenz a wisou ginn et sou vill ënnerschiddlech Meenungen dozou?
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #017
- Am Bistro mat der woxx #304 – D’Diskussiounen ëm d’Pensiounsreform hate kee gudde Start
- Am Bistro mat der woxx #303 – Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?