E Sonndeg, 19. Januar: Presseclub mat der woxx

D’politesch Regierungs-Remaniementer vun der LSAP, e Rapport iwwert de Fonctionnement vum Haff en attente, de Finanzement vun der Piratepartei, d’geplangt Akzissen-Haussen vum Sprit an d’Banneliewen bei der ADR – Sujeten, déi déi läscht Deeg d’Aktualitéit dominéiert hunn. Mir schwätzen driwwer an analyséieren – am RTL-Presseclub um Sonndeg. Invitéen sinn d’Dani Schumacher aus dem Wort, de Pol Schock vum Lëtzebuerger Land, de Robert Schneider vum Tageblatt an de Joël Adami vun der Woxx.

 

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 5. Januar: Presseclub mat der woxx

Den Depart vum Etienne Schneider an seng Auswierkungen op d’Regierung an op d’LSAP, déi elo och ouni den Alex Bodry do steet, een Ausbléck op déi politesch Lee 2020, déi virun allem mat Steierreform versprécht spannend, vläicht esouguer zu enger Zerräissprouf fir d’Dräierkoalitioun ze ginn – doriwwer, mä awer och iwwert d’Tensiounen tëscht  USA an Iran schwätzen am Presseclub dëse Sonndeg de Marc Schlammes vum Wort, d’Josée Hansen vum Land, de Christoph Bumb vu Reporter.lu an de Joël Adami vun der Woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg – deen éischten vum Joer – wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 14. Juli: Presseclub mat der woxx

Ganz geheim, semi-secret oder oppen – egal, wéi d’Fichieren vu Parquet a Police sinn – et muss a Saachen Dateschutz nogebessert ginn.
Wéi ass den Emgang vu Majoritéit an Oppositioun mat där ganzer Affaire ze bewaerten – offensiv oder arrogant?
Doriwwer  – an och iwwert en Tëschebilan vun deem wat d’Dräierkoalitioun bis lo no de Wahlen am Oktober ëmgesat huet – schwätzen am Presseclub dëse Sonndeg d’Dani Schumacher aus dem Wort, de Claude Karger vum Journal, de Christoph Bump vum digitalen News-Magasin Reporter, de Richard Graf vun der Woxx an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg – deem läschten virun der Summervakanz – wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 2. Juni: Presseclub mat der woxx

D’Europawahlen sinn eriwwer an am Stroosbuerger Parlament mussen sech elo d’Fraktiounen beieneen dinn … hei am Land wëssen d’Regierungs- mee och d’Oppositiounsparteien wou se dru sinn.
Wéi eng Konsequenzen musse bessonnech bei de Perdanten gezunn ginn?
Wou steiert d’EU hin? Dat froe mer dëse Sonndeg am Presseclub no …

Invitéen sinn: de Marc Schlammes aus dem Wort, den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt, de Jean-Claude Franck vum Radio 100,7 an de Luc Caregari vun der woxx.

RDV fir de Presseclub wéi gewinnt live um Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer an natirlech och a Bild an Toun op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 7. Abrëll: Presseclub mat der woxx

Et sinn Dauerbrenner, déi d’Aktualitéit déi lescht Deeg dominéiert hunn: Brexit, de Luc Frieden – elo President vun der Chambre de Commerce -, de Logement an d’Mobilitéit (oder Immobilitéit).

Doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Marc Schlammes vum Wort, de Robert Schneider vum Tageblatt, de Claude Karger vum Journal an de Richard Graf vun der woxx.

Presseclub, dëse Sonndeg 7. Abrëll, kuerz no 11h bis Mëtteg op RTL Radio an duerno als Podcast op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 10. Mäerz : Presseclub mat der woxx

Wéi ginn d’Sozialwalen aus? Wat stëcht hannert dem Gemauschels an der CSV? Huet déi kathoulesch Kierch genuch fir Mëssbrauchsaffer gemeet? D’Visite vum russesche Premier an och nach d’LISER-Etuden zum Logement – dat sinn Themen dëse Sonndeg, live tëscht 11 an 12 Auer um Radio an am RTL LiveStream.

Et diskutéieren: De Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land, d’Dani Schumacher vum Wort, den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt an de Luc Caregari aus der woxx. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 24. Februar: RTL-Presseclub mat der woxx

Wat fir eng Léiere sinn aus dem déidlechen Tëschefall am Arméidépôt um Waldhaff ze zéien? Wéi kritt d’CSV de Sträit an der Partei geregelt? A wéi eng Auswierkungen huet d’belsch Garde à vue vun hirer Europadeputéiert op déi Gréng?

Ënnert anerem doriwwer schwätzen dëse Sonnden vun 11 Auer un de Romain Hilgert vum Land, de Claude Karger vum Journal, de Robert Schneider vum Tageblatt an de Joël Adami vun der woxx.

Suivéiert de Presseclub de Sonndeg, 24. Februar, live tëscht 11 an 12 Auer um Radio an natierlech op RTL an och am livestream. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 2. Dezember: Presseclub mat der woxx

Innovatioun oder roueg Politik an der Kontinuitéit? Iwwert de Koalitiounsaccord an d’Ressorte pro Partei gëtt e Sonndeg am RTL-Presseclub geschwat.

Néng Plenièren an Dosende vun Aarbechtsreuniounen waren néideg – elo steet de Koalitiounsaccord, grad wéi dass d’Ressorten tëscht Blo, Rout a Gréng verdeelt sinn!

Mä wéi ass de Contenu ze bewäerten: Innovatioun oder roueg Politik an der Kontinuitéit?

Wat ass ënner „Wäitsiicht“, ambitiéis a Gerechtegkeet ze verstoen?

Mir huelen d’grouss Linnen, déi d’Verhandlungspartner ausgemaach hunn, ënnert d’Lupp – an der Journalisteronn um Sonndeg.

Am Presseclub dëse Sonndeg sinn dës Invitéen: de Marc Schlammes vum Wort, d’Josée Hansen aus dem Land, de Richard Graf vun der woxx, an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt. mehr lesen / lire plus

Ein Tag für das Klima

Am kommenden Montag, dem 12. November, findet in Luxemburg-Stadt ein Klimatag statt. NGOs und Gemeinden führen den Teilnehmer*innen die Dringlichkeit des Handelns vor Augen und beraten über die Möglichkeiten, die sich in Luxemburg bieten.

Einen Monat vor der Weltklimakonferenz in Polen, während in Luxemburg über ein Regierungsprogramm verhandelt wird, will das Klimabündnis mit seiner Plenarsitzung ein Zeichen setzen. Gemeinsam mit den NGOs der Plattform Votum Klima organisieren die Klimabündnisgemeinden am kommenden Montag, dem 12. November, einen „Klimadag“ (Facebook-Event) in den Rotondes.

Den Auftakt macht um 12.15 Uhr der Klimawissenschaftler Quentin Lejeune, der die Ergebnisse des Weltklimarates IPCC über eine Erderwärmung um 1,5 Grad vorstellt (auf Französisch). mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 4.November: Presseclub mat der woxx

Dëse Sonnden um 11 Auer ass och d’woxx nees am RTL-Presseclub mat dobäi. Nieft den Themen ënnendrënner schwätze mer och iwwer 30 Joer woxx!

D’Koalitiounsverhandlunge gi bis Mëtt November um Niveau vun den Aarbechtsgruppe weider – mee wat gëtt do geschwat a wéi wäert sech de Regierungsaccord agencéieren?

Wéi eng Politiker solle wéi ee Ministère iwwerhuelen an wéi positionéieren sech d'“Wahlgewënner“?

En aneren Sujet deen dës Woch dominéiert, ass d’Zukunft vun der Koalitioun an Däitschland verbonne mat där vun der Kanzlerin Merkel no de Wahlen an Hessen an d’Asylpolitik vun der Lëtzebuerger Regierung …

Dorops komme mer dëse Sonndeg am RTL-Presseclub ze schwätzen … mat an der Ronn vun de Journalisten setzen:

d’Dani Schumacher vum WORT
d’Michèle Sinner aus dem LAND
de Luc Caregari vun der Woxx
an de Robert Schneider vum Tageblatt. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 21. Oktober: Presseclub mat der woxx

Wat fir eng Haaptenseignementer sinn aus de Chamberwale vum leschte Sonnden ze zéien? Wouriwwer wäerten d’LSAP, d’DP an déi Gréng an de Koalitiounsverhandlunge besonnesch streiden? A wéi stinn d’Chancë vun enger CSV, dach nach an d’Regierung ze kommen?

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Christoph Bumb vu reporter.lu, de Richard Graf vun der woxx, de Robert Schneider vum Tageblatt an d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort vu kuerz no 11 bis Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 27. Mee: Presseclub mat der woxx

Den onerwaarten Doud vum Staatssekretär Camille Gira huet d’lëtzebuerger Politik, mee och d’Leit am Land déif getraff – d’Politik verléiert domat ee Pilier am Domaine vun Ëmwelt- a Naturschutz. Den RTL-Presseclub kennt de Sonnden 27. Mee, kuerz no 11 Auer, op dës Perte ze schwätzen: aner Sujeten sinn ënner anerem d’Modalitéiten fir Member am Staatsrot ze ginn, grad wéi nei méi oder manner politesch Mouvementer, déi sech virun de Wahlen crééieren.

Invitéen dës Woch am Presseclub sinn: d’Dani Schumacher aus dem Wort. d’Ines Kurschat vum Land, de Claude Karger aus dem Journal an de Richard Graf vun der woxx. mehr lesen / lire plus

Dëse Sonndeg 6. Mai: Presseclub mat der woxx

 

Wat ass vum Premier Xavier Bettel sénger Ried zur Lag vun der Natioun zréckzebehalen? Wéi steet Lëtzebuerg mat séngem Burkagesetz do? A wourop hunn d’Gewerkschaften um 1. Mee den Akzent geluegt?

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden  de Claude Karger vum Journal, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt, d’Dany Schumacher vum Lëtzebuerger Wort an de Richard Graf vun der woxx. Vu kuerz no 11 bis Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg.

 

(Text: RTL)
mehr lesen / lire plus

Dëse Sonndeg 4. Februar: Presseclub mat der woxx

 

Presseclub vum 4. Februar 2018.
(Foto: RTL)

UPDATE: Den MP3 vun der Sendung ass online!

Kréie sech d’Regierungsparteien trotz Meenungs-Verschiddenheeten nach zesumme gerappt? Kënnen Diskussiounen iwwer eenzel Persounen d’CSV am Hibléck op d’Walen a Gefor bréngen? An ass Lëtzebuerg mat Satellite wéi dem GovSat-1 um richtege Wee?

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden d’Bérengère Beffort vum Lëtzebuerger Wort, de Claude Karger vum Journal, de Raymond Klein vun der woxx an den David Marques vum Quotidien. Vu kuerz no 11 bis Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg.

 

(Text: RTL)
mehr lesen / lire plus

Dëse Sonndeg: Sylvester-Presseclub mat der woxx

UPDATE: den MP3 ass lo online

Um Programm vum RTL-Presseclub vum 31. Dezember, ab 11.15: Lescht Regierungs-Projeten, Oppositioun, Wahl-Sujeten 2018.

D’Regierung huet hire leschte Staatsbudget presentéiert a wëll Land a Leit mat Rifkin an aneren digitalen a Space-Mining-Projeten fit fir d’Zukunft maachen. Trotz allem läit d’Equipe vum Premier Bettel net an der Gonscht vun den aktuelle Wielerëmfroen a Politsondagen.

Wat muss nach geschéien, fir d’Rudder erëmgedréint ze kréien? Hunn d’Gemengewahlen awer nach en Impakt op d’national Politik? Wéi schléit sech d’Oppositioun a wat ginn d’Wahlkampfsujeten 2018?

Invitéen an der Spezial-Editioun beim Roy Grotz sinn d’Dany Schumacher aus dem Wort, den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt, de Raymond Klein vun der Woxx, de François Aulner vum Paperjam, an de Claude Karger aus dem Journal. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 10. Dezember: Presseclub mat der woxx

D’Resultater aus dem Politmonitor, d’Zukunft vun der asbl Esch 2022, déi zweet Phase vum Brexit, e Bréif vum Vize-Premier Schneider un den CSV-Spëtzekandidat Wiseler an e neit Mobilitéitsgefill duerch den Tram – dat sinn d’Sujeten vum RTL-Presseclub um Sonndeg tëscht Véierel op 11 an 12.

Mat derbäi d’Dani Schumacher aus dem Wort, den David Marques vum Quotidien, d’Josée Hansen aus dem Land an de Richard Graf vun der woxx.

  mehr lesen / lire plus

Woxx am Presseclub vun RTL dëse Sonnden 29. Oktober

De Sonnden ass et nees souwäit: d’woxx diskutéiert mat am RTL Presseclub dësen Sonnden ab 11 Auer. Themen sinn ënner anerem d’Nolies vun de Gemengewahlen mat Fokus op Esch a Stad, e Wuert iwwert d’Whistleblower, e Wuert Archiven Tambow, Quo Vadis LSAP, Rifkin-Debatt an prekär Staatsfinanzen grad wéi d‘ALJP…

Vir d’woxx geet den Luc Caregari Sonndes Moies op de Kierchbierg. mehr lesen / lire plus

Zweet Phas vum Medieprojet vu radio 100,7 a Wochenzeitung woxx

D’Oktoberrevolutioun vun 1917 a Russland huet d’Fro no der zukünfteger Wirtschaftsuerdnung konkret zougespëtzt, déi schonn zënter Joerzéngten theoretesch diskutéiert gi wor. Dat huet een och zu Lëtzebuerg gespuert. An der Gewerkschaftszeitung „Die Schmiede“ housch et den 1. Dezember 1917: „Im Kampfe für die Arbeiter gegen das Kapital ist nur ein Hüben und Drüben. Der für das erstere ist, kann nicht für das letztere sein, keiner kann zwei Herren dienen. Drum heißt es auch jetzt nicht ‘Fort mit dem Klassenkampf’, sondern der Schlachtruf lautet ‘Her mit dem Klassenkampf’!“

Ëm déi „Grouss Sozialistesch Oktober-Revolutioun” an hir Suite fir Europa a fir Lëtzebuerg geet et am Hierschtprogramm vum gemeinsame Medieprojet vun der Wochenzeitung woxx a vum Radio 100,7. mehr lesen / lire plus

Public Forum – Montag, 15. Mai – 18h30: Welche Zukunft für den Journalismus?

Über Relevanz, Glaubwürdigkeit und Finanzierung der Medien
Eine Diskussion am
Montag 15. Mai,
18:30-21 Uhr
in den Rotonden,
Luxemburg-Bonnevoie

Ohne freien Journalismus keine Demokratie. Ohne Demokratie keine Freiheit.
Doch der klassische Journalismus steht unter Druck: Durch Facebook und Twitter verliert er an Relevanz; seine Glaubwürdigkeit wird untergraben durch Parallelwirklichkeiten, politische Kampagnen und eigene Fehler; sein hundertjähriges Finanzierungsmodell ist durch die Demokratisierung der Meinungsäußerung auf Internet und eine weitverbreitete Gratis-Mentalität bedroht.Europaweit werden neue Formen des Leser-finanzierten Journalismus ausprobiert: De Correspondent in den Niederlanden, Krautreporter in Deutschland, Mediapart in Frankreich oder Republik in der Schweiz zeigen, wo in Zukunft Qualitätsjournalismus stattfinden kann. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 23. Abrëll: Presseclub mat der woxx

Press Club, San Francisco
(Photo: Raymond Klein)

Wat ass vun der Wirtschafts-Missioun, d’lescht Woch, iwwert d’Lëtzebuerger Weltraum-Aaktivitéiten ze halen, wat sinn d’Défien a wat fir e Bilan ass vum Trip op Seattle an an d’Silicon Valley ze zéien?

Fir doriwwer ze schwätzen ass dëse Sonnden de Raymond Klein am Presseclub, zesumme mam Pierre Reyland vum Radio 100,7, mam Jean-Philippe Schmit vum Tageblatt, mam Olivier Tasch vum Jeudi a mam Bernard Thomas vum Lëtzebuerger Land. Moderatioun: Eric Ewald.

De Presseclub héiert Dir e Sondëg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg (Livestream).

Den MP3 ass lo online: http://radio.rtl.lu/emissiounen/presseclub/1027944.html mehr lesen / lire plus