E Sonndeg, 13. Dezember: RTL-Presseclub mat der woxx

von | 12.12.2020

Ze vill, ze mann? Ze streng – net restriktiv genuch?

Iwwert d’Weiderféiere vun de Covid-Mesuren, déi fir vill Leit näischt bis ewell bruecht hunn, kann vill debattéiert a gestridde ginn. Wat sinn d’Mesurë wäert? Iwwerweit d’Ekonomie viru Mënscheliewen an ass d’Vertraue vun de Leit an d’Regierungs-Strategie nach ginn? Dës froe stelle mer eis e Sonndeg am Presseclub… aner Sujete sinn natierlech d’Resultater vun der Sonndesfro an d’Debatt ëm d’Sécherheet an der  Stad.

An der Journalisten-Ronn diskutéieren: d’Dani Schumacher vum WORT, de Christoph Bumb vum Online-Magazin Reporter, an de Luc Caregari vun der Woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 Auer live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

WOXX@HOME

Yolène Le Bras, une nouvelle plume pour le woxx

Depuis quelques semaines, les colonnes de notre journal se sont enrichies d’une nouvelle plume : Yolène Le Bras a définitivement rejoint la rédaction du woxx au cours de cet été. Nos lecteurs et lectrices les plus assidu·es connaissent déjà sa signature, la journaliste ayant régulièrement et avantageusement collaboré à la rubrique culture du...