Grad a Krisenzäiten erweist sech wéi wichteg eng effikass an onofhängeg Presselandschaft ass. Allerdéngs gesi mer, datt och d’Press, elo wou se besonnesch vill sollicitéiert gëtt, op wackelege Been steet.
Et ass schonn erstaunlech wéi an dëse Krisenzäiten verschidde Milieuen, déi soss net midd ginn no engem schlanke Staat ze jäizen, op eemol lauter Argumenter fannen, fir datt hinnen vun genau dem selwechte Staat gehollef gëtt.
Sécher ass di aktuell Covid-19-Kriis eppes Exzeptionelles, dat och ganz aussergewéinlech Mesuren verlaangt. An datt de Staat méi Suen an d’Hand hëlt, wéi en der effektiv am Tirang huet, ass ee Reflex, dee bal esou natierlech ass wéi dobaussen ee Mask unzedoen. mehr lesen / lire plus