Carte Blanche op RTL: Och de Pressepluralismus leit ënnert dem Covid-19

Grad a Krisenzäiten erweist sech wéi wichteg eng effikass an onofhängeg Presselandschaft ass. Allerdéngs gesi mer, datt och d’Press, elo wou se besonnesch vill sollicitéiert gëtt, op wackelege Been steet.

Et ass schonn erstaunlech wéi an dëse Krisenzäiten verschidde Milieuen, déi soss net midd ginn no engem schlanke Staat ze jäizen, op eemol lauter Argumenter fannen, fir datt hinnen vun genau dem selwechte Staat gehollef gëtt.

Sécher ass di aktuell Covid-19-Kriis eppes Exzeptionelles, dat och ganz aussergewéinlech Mesuren verlaangt. An datt de Staat méi Suen an d’Hand hëlt, wéi en der effektiv am Tirang huet, ass ee Reflex, dee bal esou natierlech ass wéi dobaussen ee Mask unzedoen. Virausgesat natierlech, et huet een iwwerhaapt esou ee Mask zur Verfügung.

Wa mer spéider an de Geschichtsbicher noliesen, wéi mer mat der Kriis ëmgaange sinn, ass et dann natierlech méi einfach de Bilan ze zéien – wat ass richteg, a wat ass falsch gelaf.  Allerdéngs sinn d’Masken do exemplaresch: Elo no engem Mount wou eis gesot ginn ass, si wären net esou wichteg, ginn se op eemol obligatoresch. Natierlech war et wichteg am Ufank virun allem d’Gesondheetspersonal domadder ze beliwweren.

Et bleift awer de battere Nogeschmaach, datt praktesch keent vun de räichen Industrielänner virbereet war, fir direkt mat alle néidegen Mëttelen géint d’Pandemie unzegoen. Et war d’Press, déi net midd ginn ass, d’Raisonnementer déi hanner verschidden Decisioune stoungen ze hannerfroen. Déi wollt verstoen, wéi déi eng oder aner Schrëtt ze erkläre sinn. A firwat den Iwwergang, vun der enger zu der aner Phase, verschidde Narrativer, ze soen iwwer Nuecht, obsolet gemaach huet.

Nu kenne mer frou sinn, datt mer eng, zwar net ëmmer ganz onofhängeg, an dach awer relativ pluralistesch Press hunn. Nach hunn, misst ee soen, well besonnesch di gedréckten Zeitungen, ob ee Schlag, ee vun hire Standbeener, bal ganz verluer hunn: dat vun de Publicitéiten.  An dat zweet, d’Abonnementer, variéiert och mat der ekonomescher Aktivitéit, wann och mat enger gewësser Verzögerung.

Wéi no der Kris vun 2008 eng Rei vu Verwaltungen a Betriber gezwongen goufen, hir Käschten ze senken, waren Zeitungsabonnementer een vun den éischte Posten déi gestrach gouf. An och Privatleit, déi op eemol an ekonomesch Turbulenze kommen, kennen sech net méi all Abonnementer leeschten.

Eng konsumkritesch Zeitung wéi d’woxx hänkt natierlech manner vu Reklammen of. Mat beschränkte Mëttelen ze schaffen a quasi an enger Dauerkriis ze operéieren – ass ee scho bal gewinnt. Trotzdeem sollt een, an der Suite vun der Corona-Kris, d’Iwwerleeungen, wéi eng onofhängeg Medielandschaft zu Lëtzebuerg soll an Zukunft funktionéieren, ënnert engem neien Liicht weider féieren:

Eng ze vill staark Ofhängegkeet vun der Ekonomie féiert net nëmmen zu engem mediepolitesche Gläichklang am Alldag. Si kann och de K.O. vun der ganzer Medielandschaft bedeiten, wann hire Geschäftsmodell op eemol zesumme brécht. A sief et och nëmmen wéinst engem butzege Virus den ee weeder richen, schmaachen oder kucke kann.

 


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.