Am Bistro mat der woxx #282 – 30 Joer nom Genozid am Ruanda – Wat sinn d’Léieren aus dem Prozess?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. No enger Artikelserie vu véier Artikele kucke mir haut nach eng Kéier op de Genozid am Ruanda an de Prozess géint den Théoneste Bagosora virum Tribunal pénal international pour le Rwanda. De Fabien Grasser erkläert,...






