Zesummeliewen a menger Gemeng

A ville Gemengen ass d’Awunnerzuel an de leschte Jore staark an d’Luucht gaange. Gelder gi massiv an Infrastrukturen investéiert. Mobilitéitsproblemer stelle sech a brauchen Äntwerten. Mee geet et duer, nei Stroossen an nei Gebaier ze bauen a besser Uschlëss un d’Verkéiersnetz an d’Kanalisatioun virzegesinn, fir datt an eise Gemengen nei an al Awunner als Gemeinschaft zesummewuessen?

Wunnenge gi gebaut, déi natierlech nei Awunner unzéien. Nei Schoulen, Maison Relaisen, Kläranlagen a Stroosse musse geplangt a mat Zäit fäerdeg gestallt ginn, fir de Bedürfnisser vun dësen neien Awunner gerecht ze ginn. Vill vun hinne si jonk Stéit, Mënsche mat ganz ënnerschiddleche sozialen a kulturellen Hannergrënn, Lëtzebuerger mat oder ouni Migratiounshannergrond, Awanderer aus aller Häre Länner – elauter Leit déi versichen op eisem deiere Wunnengsmaart zu engem méiglechst anstännege Präis eng Wunneng ze ergadderen. Gemenge stinn dofir oft viru risegen Erausfuerderungen, fir hiren Aufgaben nozekommen.

Mam Budget stellen d’Gemengeverantwortlech d’Weiche fir d’ Entwécklung vun hirer Gemeng, leeë Schwéierpunkte fest bei den Ausgaben an Investitiounen, fir de legitimen Uspréch vun all hiren Awunner gerecht ze ginn. Iwwert d’Dotation financière, eng direkt Participatioun un ëffentlechen Infrastrukturen oder mat Instrumenter, wéi dem Pacte Logement, gräift de Staat de Gemengen dobäi anstänneg ënnert d’Äerm.

Sécher sinn Investissementer a Gebaier an Infrastrukturen immens wichteg, fir datt d’Gemengen hiren Awunner eng gutt Liewensqualitéit kënne bidden. Genee esou pertinent wéi d’Finanzéierung vun de Servicer, déi d’Gemeng hiren Awunner bitt, vun der Waasserversuergung an der Gemeinschaftsantenn iwwert de Recyclage an d’Entsuergung vum Dreck bis hin zu sozialen Déngschter oder enger kultureller Offer.

Mee geet dat duer fir datt all d’Awunner zu enger Gemeinschaft zesummewuessen? Liewe mer net éischter niefteneen oder laanschteneen – trotz oder wéinst eisem Wuelstand a Luxus, trotz oder wéinst eise sëlleche modernen Informatiouns- a Kommunikatiounsmëttel, trotz oder wéinst eiser multikultureller Gemeinschaft?

Gemengepolitiker wëssen, datt mer Plaze brauche, wou d’Leit sech kënnen treffen, kenneléieren oder austauschen. Schonns beim Plange vun neiem Wunnraum muss dru geduecht ginn, wéi a wou d’Awunner zesummentreffen, wéi déi ënnerschiddlechst Residenten aus der Gemeng d’Geleeënheet kréie, sech ze begéinen, wéi déi nei Awunner mat deenen déi scho méi laang an der Gemeng sinn, kënnen a Kontakt kommen. Ëmmer méi oft gi beim Plange vun neie Lotissementer Treffpunkte bannen a bausse virgesinn, als Brécken iwwert déi d’Zesummeliewen am neie Quartier oder an der neier Residence méiglech sinn a gefërdert kënne ginn. Misst esou eng Approche net systematesch vun Architekten a Promoteure gefuerdert a respektéiert ginn?

Natierlech geet et net duer, Plazen ze schafen. Mer brauche lokal Initiativen, déi d’Zesummeliewe fërderen an dës Plaze beliewen. Mer brauchen déi gesellschaftlech Erkenntnis, datt dëst net méi vum selwe geet, am Bistro um Eck, an der Duerfépicerie, déi béid ëmmer méi verschwannen, a mer brauchen eng politesch Volontéit, fir déi Initiativen ze ënnerstëtzen.

De Benevolat spillt heibäi op lokalem Plang eng eminent wichteg Roll, mee och de professionellen Encadrement an d’Schafe vun neie Beruffsbiller op de Schnëttstelle vun der Gemengeverwaltung an der Zivilgesellschaft si wichteg. An de nächste Jore muss dëst zu enger politescher Prioritéit ginn, wa mer de gesellschaftlechen Zesummenhalt wëlle garantéieren, wa mer de Problem vun de sougenannte Schloofgemenge wëllen an de Grëff kréien, a wa mer wëllen, datt d’Awunner net nieftenee mee matenee liewen. Mer brauche nei Äntwerten op d’Erausfuerderunge vun der heterogener Populatioun an eise Gemengen, mat all hire verschidde Sproochen, hiren ënnerschiddleche Kulturen an hiren diverse Liewenserfarungen.

Mer sollte net drop waarden, datt d’Zesummeliewe vum selwen entsteet, mee Strukturen a lokal Netzwierker opbauen, déi e ganz natierlechen Echange bei dagdeeglechen Aktivitéiten erméiglecht, z.B. beim Praktizéiere vun enger Sprooch, beim Ausübe vun engem Hobby, beim gesellegen Zesummesinn, beim Entdecken vun der Gemeng an hirem natierlechen a kulturelle Patrimoine, beim Kenneléiere vu frieme Kulturen oder bei anere Sport- a Fräizäitaktivitéiten.

Rezent huet de Conseil National pour Etrangers zesumme mat der Agence du Bénévolat der Familljeministesch ënnert dem Titel LOKAL – lieweg, oppen, kreativ, aktiv, lokal eng Strategie virgestallt, déi de Gemengen an hire Bierger*innen e Wee, en ongezwongenen Austausch an e liewegt Mateneen tëscht Kulturen a Generatiounen opweist. Eng innovativ an zukunftsträchteg Strategie, déi op politescher Volontéit an op der Freed u gesellschaftlechem Engagement fousst.

Hoffe mer, datt eis kommunal Verantwortlech beim Verwalte vum Zouwuess an eise Gemengen och un déi mënschlech Komponent vum Zesummeliewen denken, an datt déi zoustänneg Ministèrë bereet sinn, innovativ Handlungskonzepter genee esou grousszügeg ze ënnerstëtzen, wéi Investitiounen an d’Infrastrukturen.

Iwwregens: Mam Internetsite www.integratioun.lu gëtt et zu Lëtzebuerg elo eng nei Base de données mat enger Hellewull konkreten Iddeeën, Projeten a Kontakter, déi am Kontext vum Zesummeliewen an eise Gemengen eng onerschöpflech Quell vun Inspiratioun an Informatioun duerstellt. En originellt an nëtzlecht Instrument, dat jidderengem onbeschränkt zougänglech ass.

Philippe Eschenauer, Marc Faber, Laura Zuccoli


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged , , , . Bookmark the permalink.

Comments are closed.