Am Bistro mat der woxx #381 – Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et net esou schlecht, wéi d’Patronat seet

von | 17.04.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

All Joer mécht d‚Fondatioun Idea, déi vun der Chambre de Commerce finanzéiert ass, ee Rapport iwwert déi wirtschaftlech Lag vum Land. Si gesäit éischter schwaarz fir d‚Lëtzebuerger Ekonomie: Net genuch Wuesstem, net genuch Produktivitéit – an iwwerhaapt géif et ze vill Paperassen a Prozedure ginn. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi vill vum dem Rapport fir bor Mënz ze huelen ass, a wéi vill dozou déngt, de Standpunkt vum Patronat ze verdeedegen. Hien erkläert och, wisou d‚Rating–Agenturen ee ganz anere Bléck op Lëtzebuerg hunn an dem Land zanter Joren ëmmer een AAA–Rating ginn.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: La finance n’est plus une bouée de sauvetage

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...