Zweet Phas vum Medieprojet vu radio 100,7 a Wochenzeitung woxx

von | 26.10.2017

D’Oktoberrevolutioun vun 1917 a Russland huet d’Fro no der zukünfteger Wirtschaftsuerdnung konkret zougespëtzt, déi schonn zënter Joerzéngten theoretesch diskutéiert gi wor. Dat huet een och zu Lëtzebuerg gespuert. An der Gewerkschaftszeitung „Die Schmiede“ housch et den 1. Dezember 1917: „Im Kampfe für die Arbeiter gegen das Kapital ist nur ein Hüben und Drüben. Der für das erstere ist, kann nicht für das letztere sein, keiner kann zwei Herren dienen. Drum heißt es auch jetzt nicht ‘Fort mit dem Klassenkampf’, sondern der Schlachtruf lautet ‘Her mit dem Klassenkampf’!“

Ëm déi „Grouss Sozialistesch Oktober-Revolutioun” an hir Suite fir Europa a fir Lëtzebuerg geet et am Hierschtprogramm vum gemeinsame Medieprojet vun der Wochenzeitung woxx a vum Radio 100,7. A wéwäit hat se en Afloss op d’Reform vun der Lëtzebuerger Verfassung, déi zënter Hierscht 1917 virbereed gouf? A wat hat se mat der Fro vum Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker ze dinn, déi fir dat klengt Land ëmmer méi wichteg ginn ass?

Am Mëttelpunkt steet awer déi grouss Fro, wéi eng Bedeitung d’Oktorrevolutioun haut nach fir déi fortschrëttlech Parteien huet, an ob de Géigesaz Reform vs. Revolutioun am 21. Joerhonnert nach eng Roll spillt.

Ëffentlech Table ronde
Reform oder Revolutioun? D’politesch Parteien haut an d’Ierfschaft vun 1917

Méindeg, den 13. November 1917 um 19:00
Kasemattentheater Bouneweg

Virun honnert Joer huet d’Fro d’Leit beweegt, ob eng besser Welt am kapitalistesche System méiglech wier. Vill sinn der op d’Strooss gaang, well se mat dësem System brieche wollten. A Russland koum d’Oktober-Revolutioun, an de Kommunismus huet sech duerchgesat, an aneren europäesche Länner gouf zumindest d’Monarchie a Fro gestallt. Och zu Lëtzebuerg koum et zu enger revolutionärer Beweegung, déi sech awer net duerchgesat huet.

Ass déi Fro no Reform oder Revolutioun haut nach aktuell? Oder kann een se, 100 Joer duerno a méi wéi e Véirelsjoerhonnert nom Fall vun der Berliner Mauer, ad acta leeën? Stellt sech d’Fro iwwerhaapt nach fir déi politesch Parteien, déi fundamental Ännerungen an eiser Gesellschaft ustriewen? Mat eise Gäscht wëlle mer iwwert d’Selbstverständnis vun de lénke Parteien haut schwätzen.

Et diskutéieren:
Robert Garcia (Déi Gréng),
Alain Herman (KP),
Ginette Jones (LSAP),
Serge Urbany (Déi Lénk)

Moderatioun: Radio 100,7 a Wochenzeitung woxx.

Diffusioun vun der Table ronde um radio 100,7:
Sonndeg, den 19. November um 19:30 Auer.

Méi Infoen op 1917.woxx.lu an op
www.100komma7.lu/article/wessen/1917-e-joer-dat-d-welt-verannert-huet

Dat kéint Iech och interesséieren

GESCHICHTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #350 – Wirtschaftlech Interessen a Protester: D’Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an Südafrika zur Zäit vun der Apartheid

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Den 10. September ass et 40 Joer hir, datt op engem Treffe vun den EG-Ausseminister*innen iwwert Sanktioune géint Südafrika geschwat ginn ass. Mir hunn dat als Ulass geholl, fir zeréckzekucken op déi wirtschaftlech...

GESCHICHTTHEMA

Geschäft mit der Apartheid: Ein schwerer Abschied

Sanktionen gegen das südafrikanische Apartheid-Regime standen auf dem Programm, als sich vor genau vierzig Jahren auf Kirchberg die Außenminister der zehn Mitgliedstaaten der Europäischen Gemeinschaft trafen. Ein historischer Moment? Eher der Höhepunkt europäischer Tatenlosigkeit, der sich unter Luxemburger Präsidentschaft vollzog....