Fraen a Gender: Vun der Fraegeschicht zur gender history


Ronderëm den 8. Mäerz, dem internationale Fraendag, steet oft Geschicht vun der Fraenemanzipatioun am Virdergrond. Déi aner 364 Deeg am Joer bleift se och am 21. Joerhonnert oft nach ënnerbeliicht. Mee ass dës Perspektiv op d‘Geschicht iwwerhaapt nach produktiv?

Ee Klassiker vun der Ausernanersetzung matt Fraegeschicht koum 1984 ënnert der Direktioun vun der Michelle Perrot eraus. Deemols scho gouf d’Fro no der Realiséierbarkeet a vum Notze vun enger spezifescher Geschichtsschreiwung gestalt.

Kennt Dir den Numm vun der éischter Deputéierter am Lëtzebuerger Parlament? Oder déi vun der éischter Ministesch? Hutt Dir vun der Aar-
bechterin Margarethe Hey gehéiert, déi sech virun 100 Joer zu Lëtzebuerg fir d’Fraewalrecht staark gemaach huet? Wousst Dir, datt et an der Tëschekrichszäit eng Kéier eng reng Fraelëscht fir d’Gemengewale gouf? Oder datt bestuete Fraen eréischt an de Siwwenzegerjore vum leschte Joerhonnert gläich Rechter wéi hir Ehepartner kruten? Bis zum Enn vum leschte Joerhonnert ass een déi Saachen och nach net an de Schoulbicher gewuer ginn. Fraegeschicht wor keen Thema, so wéi och aner Domäner vun der Sozialgeschicht – mat Ausnahm vläicht vun där vun der Aarbechterbeweegung – nach kaum en Thema woren. Ech denken zum Beispill un d’Immigratiounsgeschicht oder un d’Geschicht vun Emanzipatiounsbewegunge wéi där vu Schwulen a Lesben oder vu Leit mat queeren Identitéite respektiv Liewensweisen.

Kampf géint d’Onsiichtbarkeet

Duerch déi nei Fraebewegung, déi an de Parage vu Mee ’68 entstanen ass, koum fir d’éischt méi e groussen Interêt fir d’Fraegeschicht op. Déi feministesch Analys wor, datt an der Geschichtsfuerschung, grad wéi och an anere gesellschaftleche Beräicher, d’Fraen onsichtbar wieren, an dat aus enger Rei vu Grënn, déi et och haut nach derwäert sinn, ze rappelléieren [1]:

Do wor engersäits déi historesch Situatioun vun de Fraen u sech, déi meeschtens verhënnert huet, datt si a fréieren Zäiten op politesch, wirtschaftlech oder soss gesellschaftlech relevant Poste komm sinn an iwwerhaapt konnten eng historesch bedeitsam Roll spillen. Während d’Unzuel vun deene Fraen nach bis an d’Siechzegerjore vum 20. Joerhonnert begrenzt wor, huet sech och de commun des mortelles vun de Frae bis dohi wéineg artikuléiert. Et muss een zum Beispill bedenken, datt Lycéeën, an domat Bildungsméiglechkeete fir jonk Meedercher, vill méi spéit geschaafe goufe wéi déi fir Jongen. Ier datt et nom zweete Weltkrich fir Meedercher eng Normalitéit ginn ass, Lycées- an och Unis-Studien ze maachen, woren och hir Méiglechkeeten, sech an der Gesellschaft bemierkbar ze maachen, beschränkt. Dat erkennt een net nëmmen am politesche Beräich, mee och zum Beispill an der Konscht oder an der Literatur, wou et zu Lëtzebuerg eréischt Enn vum 20. Joerhonnert e grousse Sprong no vir gouf.

Zweetens, an dat ergëtt sech aus deem Gesoten, gouf et wéineg Archiv-
quellen, an deenen d’condition féminine zum Virschäi koum. Hei ass d’Analys vum Historiker Alain Corbin vun 1984 nach ëmmer interessant: „L’histoire de la femme se construit en écho, à l’aide d’un faisceau de discours masculins; cela malgré l’effort des historiens(ennes) pour débusquer la parole féminine. La quasi-totalité des documents regroupés dans les dépôts d’archives publiques émanent d’hommes parés de responsabilités.“[2] Net nëmme sinn d’Fraen historesch an den Discourse vu Männer net erwähnt ginn, mee d’Quelle goufe fréier zu allermeescht duerch Männer selektionéiert an hu sech oft u männlechen Interêten orientéiert. Hei huet sech villes verännert, net zulescht, well den archivistesche Metier sech feminiséiert huet, mee och, well d’Alldagsgeschicht, aus där d’Liewenskonditioune vu Fraen oft erauszeliese sinn, méi wichteg ginn ass.

Drëttens awer wor och d’Ge-schichtsfuerschung selwer laang Zäit onintresséiert drun, iwwer Fraen ze fuerschen. Och hei kann een d’Fro opwerfen, ob dat net wéinstens zum Deel dru louch, datt et Männer woren, déi d’Choixe getraff hunn, wéi eng Aspekter an der Geschicht relevant wieren. Dee verengte Bléck op déi männlech Geschicht gëtt nach bis haut däitlech, wann een sech d’Aarbechtergeschicht ukuckt. Si ass zuallermeescht eng, wou de männlechen Aarbechter am Mëttelpunkt steet. Een Argument, fir dësen Desequiliber ze erklären, gëtt grad zu Lëtzebuerg natierlech duerch dee spezifeschen Impakt vun der Stolindustrie geliwwert, deem säin héije Stellewäert am Lëtzebuerger master narrative och dozou bäigedroen huet, datt d’Geschichtsschreiwung zu dësem Beräich déi vun anere Forme vun Industrieaarbecht oft iwwerdeckt huet. An an dësem joerzéngtelaang dominanten Aarbechtssecteur woren d’Frae schlecht vertrueden.

Mee och do, wou ee Fraen an der Stolindustrie fonnt huet, besonnesch an der Administratioun an an de Botz-Servicer, haten si apparemment fir d’Geschichtsfuerschung net dee Prestige, deen de Schmelzaarbechter an de Mineuren zoukomm ass. Sou ginn et an deem Beräich spezifesch Aspekter, déi bis haut nach wéineg erfuerscht sinn. Een interessant Beispill mat Bezuch op den Éischte Weltkrich virun 100 Joer, deen am Ablack jo méi am Fokus steet, ass d’Fraenaarbecht op der Schmelz an där Zäit. Hei en Extrait aus der sozialdemokratescher Zeitung „Die Schmiede“ vun 1917: „Fräuleins und Damen gesucht für Büroarbeit. So prangt seit Wochen und Monaten ein Plakat im Portal der Differdinger Schmelz, pardon, des Differdinger ‚Werk‘. Sie sollen zum Kehren, Bürsten, Waschen Verwendung finden, das ist die eine Abteilung. Die andern müssen Maschinenschreiben erlernt haben und sollen sich bei Herrn Rechnungschef … melden. Das ist die andere Abteilung. Von den zahlreichen Zelotenweibern, die gesetzwidrig zu Nachtarbeiten im Hochofenbetrieb als ‚rouleurs‘ in blauen Beinkleidern und Jacken, das schöne Geschlecht im Dienste des Kapitals entehren, nicht einmal zu reden.“[3] D’Fraen hunn also déi Zäit net nëmmen a Verwaltungs- a Botz-Servicer, mee och am Héichueweberäich geschafft. Iwwert dëse kuerzzäitege Phenomen vun der Fraenaarbecht op der Schmelz, deen nom Krich nees verschwonnen ass, gëtt et menges Wëssens bis elo ausser enger rezenter Master-Aarbecht nach keng Recherchen. Dobäi wier et dach interessant, emol ze kucken, firwat dat zu Lëtzebuerg de Fall wor, während an der Lorraine d’Fraenaarbecht op der Schmelz apparemment och spéiderhi méi courant wor. Och den Ausgrenzungs-Phenomen vun de bestuete Fraen am Verwaltungsberäich vun der Stolindustrie ass bis elo nach wéineg erfuerscht. Munnech eeler Frae kënnen sech awer nach gutt erënneren, dat si oder hir Mammen 
hu missen op der Hadir oder der Arbed kënnegen, wéi se sech bestuet hunn.

Och zu Lëtzebuerg gëtt et zënter dem Enn vum 20. Joerhonnert eng Fraen- an Gender-Geschichtsschreiwung.

Gender-Geschicht an der Kris?

Zënter Enn vum 20. Joerhonnert gëtt et och zu Lëtzebuerg eng Fraegeschichtsschreiwung, oder wéi een haut éischter méi ëmfaassend seet, fir an d’Rolle vun de Geschlechter an d’Verhältnisser tëscht hinnen ze beschreiwen, gender history. Am Ufank stoung dobäi och de Wonsch vun der Fraenemanzipatiounsbeweegung am Mëttelpunkt, Frae siichtbar ze maachen. Dat huet dozou gefouert, datt Historikerinnen, a lues a lues och Historiker, versicht hunn, déi Lücken opzefëllen, déi déi klassesch Geschichtsfuerschung opstoe gelooss huet. Mam Resultat awer, datt Fraegeschicht a Sammelbänn oft ëmmer nach an engem eegene Kapitel ofgehandelt gëtt. Gesamtgeschichten, an deenen déi allgemeng Geschicht op eng gendersensibel Manéier géif duergestallt ginn, sinn nach ëmmer rar. Fréier hätten d’Feministinne gesot, dat wier och kee Wonner, a souguer vläicht a Fro gestallt, datt esou eng Geschicht an enger patriarchalescher Welt iwwerhaapt méiglech wier. De Géigendeel ze beweisen, schéngt awer weiderhin oft net als Defi ze gëllen. Dat ass keng Lëtzebuerger Spezialitéit, och fir aner europäesch Länner gëtt weiderhin eng Separatioun vun der gender history innerhalb vun der Geschichtswëssenschaft festgestallt.

Op där anerer Säit ass déi feminis-
tesch Geschichtsschreiwung selwer och an eng Kris geroden. Virum Hannergrond vun dekonstruktivisteschen Afrostellunge vun der Opdeelung vun der Welt an zwee Geschlechter, besonnesch duerch Theoretikerinne wéi der Judith Butler, ass et méi schwiereg ginn, Fraen als eng sozial Kategorie ze begräifen a Geschichtsschreiwung iwwer eng spezifesch sozial Situatioun ze bedreiwen, an där Fraen als Frae géifen erlieft ginn an sech och selwer erliewen. Zugläich nieft dësen Opléisungsphenomener vun der Kategorie Gender gëtt et awer – ënnert dem Stéchwuert „Intersektionalitéit“ – och eng Tendenz dozou, Gender als nëmmen eng vu ville méigleche Kategorien ze gesinn, déi zu der Konstruktioun vun individueller Identitéit bäidroen, opgrond vun deenen awer och oft Diskriminéierungen entstinn: sozial Schicht, Relioun, Sprooch, Alter, kierperlech Aspekter. D’Theoretikerin Birgit Rommelspacher weist drop hin, datt dës Debatte sech ëmmer méi staark an déi akademesch Welt verlageren, während se fréier tëscht ënnerschiddleche politesche Beweegungen ausgedroe goufen. [4]

Ënnert dem Stréch kann ee festhalen, datt d’Fraebewegung, ähnlech wéi d’Aarbechterbeweegung, mam Problem kämpft, datt se sech op e kollektiivt Subjekt bezitt, deem seng Konturen ëmmer méi onschaarf ginn. Zugläich ginn och Muecht- an Ofhängegkeetsstrukturen ëmmer méi diffus. Genee sou wéi et awer weiderhin Ausbeutung vun der Aarbechtskraaft gëtt, ass och sexistesch Diskriminéierung domat net ausgestuerwen. Et gëtt just opgrond vun deene kategoriellen Opléisungerscheinungen ëmmer méi schwiereg, se als gesellschaftlech Realitéit ze erfaassen an ze benennen. An deem Sënn ass och d’Gender-Geschicht als Geschicht vum Emanzipatiounskampf vun engem gesellschaftleche Groupe net zu Enn geschriwwen, se muss sech awer nei mat hirem Fuerschungsdomän ausernanersetzen.

Deen heiten Artikel gouf den Donneschdeg, 9. Mäerz an der Rubrik „D’Zäithistorikerin“ vum Radio „100komma7“ iwwerdroen.
[1] Dëse Bäitrag gräift Aspekter op aus Wagener, Renée: Das Auge des Zyklopen. Die Luxemburger Geschichtsschreibung und die weibliche Lohnarbeit im Zeitalter der Industrialisierung. In: Mutations. Mémoires et perspectives du Bassin minier, 6 (2013), 11-26.
[2] Corbin, Alain: Le ‚sexe en deuil‘ et l’histoire des femmes au XIXe siècle, in: Perrot, Michelle (Hg.): Une histoire des femmes est-elle possible? Marseille 1984, S. 141-154, hei S. 142.
[3] Fräuleins und Damen gesucht, in: Die Schmiede, 21.04.1917, S. 4.
[4] Rommelspacher, Birgit: Intersektionalität. Über die Wechselwirkung von Machtverhältnissen. 
http://www.birgit-rommelspacher.de/pdfs/Intersektionalit__t.pdf.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !

Flattr this!

Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.