FAMILY GUY: d’Simpsons Nr. 2

Fir all déi, déi d’Simpsons gären hunn, gëtt et eng Fortsetzung „digne de ce nom“. Di nächst Generatioun vun de Simpsons heescht Family Guy!

D’Rezept ass dat selwecht: de Peter Griffin, e fetten, domme Familljepapp, deen an enger Spillsaachefabrik schafft, seng Fra Lois née Pewterschmidt, den dräizéngjäregen Chris, deen en Talent entwéckelt fir d’Zeechnen, dat siechzéngjäregt Meg, wat éiweg zur cooler Clique wëll gehéieren, de Brian, de Familljemupp dee schwätze kann, an de klenge Stewie, deen als Puppelchen nëmmen dat eent wëllt: d’Welt beherrschen.

Am Vergläich zu de Simpsons ass den Humor méi entwéckelt: ‚t ginn amerikanesch Serie parodéiert an et gi masseg Referenzen par rapport zu Sex, Alkohol, oder Gewalt. Et kann ee keng Serie kucken ouni eng Kéier d’Aen an de Mond grouss opzerappen a sech futti ze laachen. E Muss a Genoss fir all Simpsons-Fan!

D’Family Guy Collection ass kierzlech op DVD erauskomm mat alle Serien (Season 1 – 3 + Extras, insgesamt 7 Discen).


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.