(lc) – Krëschtdag ass d’Zäit vun de Kadoen. An am léiwste verschenkt ee Saachen, déi schéi sinn, awer och en Notzen hunn. A wann Dir dëst Joer am Fall sidd, datt Der musst engem Kand oder Jugendlechen e flotten an nëtzleche Kado maachen, ass „D’Hoogen-Stoogen Tulp“, erausginn vun den Editions Binsfeld, d‘ideal Saach. Illustréiert vum Carlo Schmitz, deem seng Zeechnungen zumindest de forum-LieserInnen e feste Begrëff wäerte sinn, an erzielt vum Robert Schofield, ass „D’Hoogen-Stoogen Tulp“ e modernt Mäerchen mat engem duerchaus instruktiven Hannergrond: Den Tulpenhandel an Holland, an déi éischt Wirtschaftskriis vun der Welt, d‘sougenannt Tulpekriis, déi an der éischter Halschent vum 17. Joerhonnert stattfonnt huet. Am Buch léiere mer den Tulpebauer Jan Hoogen-Stoogen a säi Meedche Sarah kennen. De Papp, e batteraarmen, awer duerchaus ambitionéierten Tulpenziichter, probéiert mat alle Mëttelen, eng schwaarz Tulp ze ziichten, déi ee ganz déier kinnt verkafen. Wat him dann och duerch en Zoufall geléngt. Kuerz drop interesséieren sech all déi déck Banker aus Amsterdam fir dem Hoogen-Stoogen seng Tulpen, a si iwwerbidden sech géijesäiteg, fir sech déi schwaarz ënnert den Nol ze rappen … Wat de Charme vum „D’Hoogen-Stoogen Tulp“ ausmëcht, sinn nët nëmmen dem Carlo Schmitz seng Illustratiounen, déi a sengem eegenen, onverwiesselbare Stil dohier kommen an duerch d’Koloratioun nach u Schéinheet gewannen. Wichteg ass och dem Robert Schofield seng – vun der Valérie Schreiner aus dem Engleschen iwwersate – Geschicht, e Mäerchen, awer och eng wichteg Lektioun iwwert de Fonktionnement vun der Wirtschaft an doriwwer, wéi zevill Gier souguer den zolittste Marché zerstéiert. An deem Sënn ass „D’Hoogen-Stoogen Tulp“ sëcher och eng Seechen vum 21. Jorhonnert.
-
Die neuesten Artikel
Newsletter
woxx Podcasts