BUCH: Geschichten iwwer Konscht

De Mudam huet eng Aféierung an déi international a Lëtzebuerger Konschtgeschicht erausginn. Eng Publikatioun, iwwer där hire Sënn ee sech ka Froe stellen.

Der Stina Fisch hier erfrëschent
Illustratiounen zu wichtege künstleresche Perséinlechkeeten hëllefen net driwwer ewech: Eng Aféierung an d’Konscht ouni Ofdrock vu Konschtwierker ass problematesch. (© Stina Fisch)

Et gëtt Bicher, do ass ee perplex, datt et se gëtt. Sou geet et engem bei „Eng Geschicht vun der Konscht vun haut“ vum Claude Moyen a Paul di Felice. E luxuriéise Léngen-Aband versprécht, wat d’Buch natierlech net hale kann. Et ass keng global Konschtgeschicht an och mol net e kompletten Iwwerbléck iwwert d’Lëtzebuerger Konscht vun nom Zweete Weltkrich. Dogéint gëtt „haut“ zäitlech ganz wäit gefaasst, well d’Buch setzt u mat de franséischen Impressionisten. Tëscht den zwee Deckele stiechen Ofdréck vu Konferenzen, déi 2010 am Kader vun engem Konferenzzyklus vun der „Mudam Akademie“ gehale goufen. Dat gëtt een awer nëmme gewuer, wann een den Dossier de Presse huet, net am Buch selwer. Firwat d’Buch op Lëtzebuergesch ass, gëtt och net erkläert –  allem Uschäin no, well d’Konferenzen op Lëtzebuergesch woren.

D’Buch presentéiert sech a Form vu Geschichten iwwert eng Rei Schlësselmomenter vun der europäescher an amerikanescher Konschtentwécklung, erzielt vum Claude Moyen. Dertëscht gestreet si méi kuerz Kapitelen, an deenen de Paul di Felice op Lëtzebuerg ageet. Besonnesch bei der Beschreiwung vun der internationaler Konscht ass ee schonn no den éischte Säiten irritéiert. Den Auteur schreift, wéi wann hien dobäi gewiescht wier: de Manet a sengem Boot, den André Breton am Bus oder de Picasso, wéi en am Palais du Trocadéro déi tribal Konscht entdeckt huet. De Picasso, sou de Claude Moyen, „ka säi Bléck net vun de friemen, deelweis erschreckenden a magesche Fetischen ofwennen, déi hie fixéieren. Eréischt wéi hien dobaussen ass, fillt en sech zwar erliichtert, mee och iergendwéi befreit.“

Vläicht wollt den Auteur dëse Konschtgrëff benotzen, fir säin Uleies méi bildhaft duerzestellen, well am Buch gëtt et keng Reproduktioune vu Konschtwierker. Et kann een sech denken, datt dat wuel opwenneg a vläicht deier gewiescht wier, mee Konscht op bal 300 Säiten nëmmen duerch Text beschriwwen ze kréien, ass bal nach méi eng Erausfuerderung wéi um 100komma7 Expokritiken nozelauschteren. Der Stina Fisch hir Illustratiounen, déi op di eenzel virgestallte Künstlerinnen a Künstler aginn, sinn zwar witzeg, mee léisen de Problem net.

E Konschtbuch ouni Biller

Wat ee méi am Buch liest, wat een och ëmmer méi d’Gefill kritt, dat kéint net alles op dem Auteur senger Mëscht gewuess sinn. An tatsächlech, e Klick op Google liwwert de Beweis. Sou ass den Abschnitt iwwert d`Marina Abramovic op der Säit 221 zwar vläicht kee Plagiat, mee awer dach staark ugeleent un den englesche Wikipedia-Text (respektiv eng Source vun der Annaela Daneri, déi do och benotzt gouf). Dat Beispill weist, datt an deene Geschichten net wierklech Neies produzéiert gëtt, et ass éischter eng Zesummestellung vu konschtgeschichtlechen Texter op Lëtzebuergesch.

Firwat kann dat gutt sinn? Sou-wäit bekannt, ass de Lëtzebuerger Sproochennationalismus nach net esou wäit gedieën, datt et Leit géing ginn, déi eenzeg an eleng Lëtzebuergesch verstinn – ongeféier sou, wéi a Frankräich munnecher just Franséisch oder an England just Englesch verstinn. All Leit, déi Lëtzebuergesch kënnen, beherrschen och Däitsch a Franséisch, oft souguer Englesch, a kënnen déi Informatiounen, déi hei verschafft goufen, och an anere Sprooche consomméieren. An deem heite Buch ginn d’Auteuren awer sou wäit an iwwersetzen net nëmmen englesch, mee och franséisch an
däitsch Zitater op Lëtzebuergesch – den Original kann een dann an de Foussnouten noliesen.

Och wann een oft irritéiert duerch d’Säite vun dësem Buch geet, ginn eng Rei Iddiën transportéiert, déi duerchaus interessant sinn. Sou gëtt d’Importenz vum Dada-Mouvement ëmmer nees betount an den Afloss vu senge Froestellungen och nach fir ganz rezent Konschtepochen ënnerstrach. „Dada ass Punk virun der Zäit,“ schreift de Claude Moyen a spillt op d’Elementer vu Gesellschaftskritik, mee awer och vun Ironie, Kreativitéit a kreativer Destruktivitéit vu béide Stréimungen un.

Interessant, well oft manner bekannt respektiv nach wéineg beschriwwen, sinn och d’Passagen iwwert de Lëtzebuerger Kontext. Och wann se sech net ëmmer ideal an de Kader vun den internationale Beschreiwungen afügen, ginn se een zwar lückenhaften, awer interessanten Iwwerbléck zu de Lëtzebuerger Entwécklungen: Steichen, Kutter, modernistesch Architektur, Foni Tissen, de Groupe „Iconomaques“ an de Fofzegerjoren, d’Protestkonscht, bis zu deem, wat de Paul di Felice als „pictorial turn“ zu Lëtzebuerg beschreift, notamment mat dem Opkomme vun der Konschtfotografie. Datt munnech Saachen ënnerstrach ginn – wéi d’Bedeitung vum Foto-Magazin „Café Crème?“ bei deem den Auteur selwer implizéiert wor -, oder ënnerbeliicht bleiwen – wéi den enormen Impakt vun der Ausstellung „Manifesta 2“ zu Lëtzebuerg, där een duerchaus en Zündungscharakter fir déi zäitgenëssesch Konscht am Ländche kéint zouschreiwen -, wierkt e bëssen arbiträr. Trotzdem kritt ee bei dëse Passage Loscht, méi iwwert d’Konscht zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn – an iwwert dee geschichtleche Kader, deen si konditionnéiert huet.

Lëtzebuerger Verspéidung

Sou kënnt zum Beispill ëmmer nees den Thema vum Lëtzebuerger Hannendrulafen no de kënschtle-reschen Entwécklungen an aneren europäesche Länner op: sief dat bei der Architektur vun den Drëssegerjoren, sief et beim Verharren an der Abstraktioun an de Fofzeger oder der éischter zaghafter Appropriéierung vun der kontestatärer Konscht an de Siechzeger a Siwwenzeger. Eréischt zënter der Entstehung vum Casino – Forum d’art contemporain an den Incentivë vun der Marie-Claude Beaud als Mudam-Direktesch schéngt dëse Retard opgeholl. Och an der Conclusioun heescht et: „Mat vill Efforten, an oft gebremst duerch heftegen nationale Géigewand oder duerch ëffentlech Indifferenz, konnt Lëtzebuerg sech eréischt an den Nonzegerjoren eng Existenz op der internationaler Kaart vun der aktueller Konscht schafen. Mee och haut steet déi nei Situatioun nach net op feste Fundamenter.?

Et wier interessant, dës „Verspéidung“ méi genee ënnert d’Lupp ze huelen an se mat ähnleche Constatën an anere gesellschaftleche Beräicher – zum Beispill wat den Réckgang vum Afloss vun der Kierch oder d’Fraenemanzipatioun ugeet – ze vergläichen. Läit dësen Tendenzen, wéi oft gesot gëtt, de relativ spéiden „Nation Building“ vun engem nach jonke Staat zu Gronn, oder gëtt et vläicht aner Explikatiounen? Kloer ass jiddefalls – an dat weist och dëst Buch -, datt d’Lëtzebuerger Konschtszen spéitstens zënter dem Enn vum 19. Joerhonnert a Relatioun wor mat där an eisen Nopeschlänner an iwwert hir Entwécklungen am Bild wor. An deem Sënn huet dëst Buch vläicht de Merite, d’Noutwendegkeet vun enger méi systematescher Lëtzebuerger Konschtgeschichtsschreiwung däitlech ze maan.

Eng Geschicht vun der Konscht vun haut, éd. Mudam/Saint-Paul.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.