(Norbert Mores) – „Schwaarze Schockela“, heescht der Sonja Lux-Bintner hiert neit, an drëtt Buch. Néng batter-séiss Geschichte fir Leit mat Humor, heescht et am Ënnertitel – freet sech just, op se net eng Grëtz ze séiss gerode sinn. Eng Maartfra ouni Clienten, en eeleren Här mat enger Angel, Männer, déi zu Muppe ginn, eng Fra, déi e Fotoapparat bestellt, e Knouterhännes, eng Mamm, déi pisse muss. Dës, an aner Personnage ginn an deenen néng Kuerzgeschichte vun der Sonja Lux-Bintner an d’Liewe geruff. Wat op den éischte Bléck banal schéngt, ass et och. Et si liicht verdaulech Texter, déi, an enger humoristescher an onkomplizéierter Erzielweis, Personnagen duerch hiren Alldag begleeden, déi, obwuel se kenge Stereotypen nolafen, net wierklech iwwerraschen. Och wa Fraen, grad wéi Männer, an dësem Buch duerch hir Eegenaarten a Schrullegkeete charakteriséiert ginn, an heiansdo en onerwaartenen Dréi era kënnt – richteg batter gëtt et ni. D’Zesummesetzung vun den Texter schéngt och net ganz gelongen, et fänkt mat enger Geschicht un, déi sech am Laf vun der Lektür, als eng vun deene schwachsten erausstellt. Besonnesch rausstiechen dogéint Geschichte wéi de „Fëscher Fränz“, deen, fir eng Lige mat enger anerer ze verstoppen, all Dag fësche geet. Oder „Dem Carmen säi Geméis“: Eng Zort Parabel, déi op erfrëschend Manéier Froen iwwer ënnerlech an äusserlech Schéinheet stellt. Fir usprochsvoll Lieser ass dëst Buch awer sécherlech näischt. Belanglos grad ewéi originell Iddie verlafe sech gläichermoossen, eleng doduerch, datt se, amplaz mat der Zäit z’evoluéieren, onnéideg an d’Längt gezu ginn. Leider sinn och d’Schlusspointen dacks wackeleg, oder fir de Lieser ze offensichtlech. An awer ass et e charmant Buch, dat duerch seng kleng Skurilitéiten an onprätenziéis Aart a Weis, sécherlech säi Public fanne wäert.
Schwaarze Schockela, erauskomm bei éditions Saint-Paul.