LUXEMBURGENSIA: Vum Blat op den Ecran

Perl oder Pica? Dat wäerte sech d’Lëtzebuerger Kinosgänger geschwë froen, wann d’Verfilmung vum Jhemp Hoscheit sengem Roman op eis Ecranë kënnt.

Am richtege Film: de Jhemp Hoscheit um Tournage
vu „Perl oder Pica“. (Foto: Christian Mosar)

Et muss een oppassen, wann een sech am Moment zu Esch gemittlech wëllt widdert eng Hauswand stäipen. Wann ee méi genee hikuckt, da kinnt een nämlech ënner Emstänn mierken, dass et eng falsch Fassad ass. An der Rue Origer huet eng Filmequipe hir Zelter opgeschloen. Dat ass zu Lëtzebuerg näischt Ongeweinleches méi – just dass hei matzen an engem Quartier gedréint gëtt, dee fir d’Geleeënheet ganz am Stil vun de Siechzeger „relookéiert“ gouf. En Deel vun där Fassade, déi de Bewunner vun den Häiser hannendrun just virun de Fenstere steet, muss dann och all Owes of- a Moies ërem opgebaut ginn. „Eng Madamm huet sech beschwéiert“, seet de Jhemp Hoscheit, „mee dat ass déi eenzeg Reklamatioun, déi mer bis elo kruten.“ Heen ass offensichtlech erliichtert doriwwer, datt den Tournage bis elo ouni grouss Problemer verleeft.

Wann hee wëllt virwëtze goen, wéi de Pol Cruchten säi Roman „Perl oder Pica“ ëmsetzt, da brauch de Jhemp Hoscheit vu sengem Wunnhaus just d’Strooss erop a bis ëm den Eck ze trëppelen. Seng Geschicht spillt viru 40 Joër an der Minettmetropol. Am Ufank huet d’Equip sech gefrot, wéi se déi Zäitrees sollt réaliséieren. Si hat sech schonn drop ageriicht fir de Buttek vun der Famill Welscheid an engem Studio nozebauen. An do huet d’Chance hinnen an d’Hand gespillt. Zoufälleg hat de Chansonnier Michel Clees grad an der Niewestrooss en Haus kaaft, mat dräi Stäck an enger Hellewull Zëmmeren. An um Rez-de-Chaussée war tatsächlech e Buttek. De Patron ass viru Jore gestuerwen, an zënterhier hat ni méi een e Fouss an dat Geschäft gesat. Wou de Michel Clees an de Jhemp Hoscheit
d’Dier opgespaart hunn, do hu si sech wéi an der Zäit zeréck versat gefillt. Haut steet op der Vitrine „Welscheid – tabac – journaux“ a bannendran koschtert den Änder Jung, deen an der Verfilmung de strenge Papp spillt.

„Si hunn d’Fassade fir d’éischt frësch gemaach an duerno erëm knaschteg gespritzt Ù“ De Jhemp Hoscheit zielt dat alles wéi eng Geschicht. Fir hien ass et d’Fortsetzung vun eppes, wat viru méi wéi zéng Joër ugefaangen huet. Oder vläicht ass et och nach méi laang hier. 1996 hat hee sech dohigesat mat der Idee fir e puer Episoden aus senger Kandheet opzeschreiwen. Hien a säi Kabarets-Partner Jemp Schuster ware grad getrennte Weer gaang an en huet no engem neie Ventil gesicht. Beim Nationale Literaturconcours war grad e Präis fir de beschte Roman ausgesat ginn an dat war fir hien e Grond, fir sech duebel an de Projet z’investéieren. „Et sinn heiansdo Leit“, seet heen, „déi mer virwäerfen, datt ech nach ëmmer bei Concoursen matmaachen.“ Dat wär awer déi eenzeg Méiglechkeet, wéi Literatur sech hei am Land kéint Unerkennung erkämpfen.

Skeptiker oder Dreemer

Fir „Perl oder Pica“, seng hallef fiktiv Kandheetserënnerungen, krut hien e ganze Koup Unerkennung. Obwuel hie sech mat senger ugebuerener Skepsis, wéi hie seet, net allzevill erwaart hat. Hee koum beim Nationale Literaturconcours op déi drëtt Plaz a gouf mam Servais-Präis belount. Enges Owes am Kino huet de Joy Hoffmann him bäileefeg gesot, „aus deem Buch kinnt e gudde Film ginn“. An do ass e beemol alles ganz séier gaang. Am Juli virun dräi Joër ass hie mam Viviane Thill iesse gaang an dat sot him, hatt hätt ugefaang un engem Szénario ze schaffen. E bësse méi spéit sinn si do nach eemol iesse gaang, „dës Kéier méi deier“, mam Pol Cruchten zesummen, deen sech bereet erklärt huet, fir d’Regie ze iwwerhuelen. Hien ass selwer am Minett opgewues a ka sech an dat, wat den Auteur beschriwwen huet, erafillen.

An d’Entwécklung vum Dréibuch wollt de Jhemp
Hoscheit sech net amëschen. Hien huet heiansdo Virschléi gemaach, mee soss der Spezialistin Viviane Thill d’Aarbecht iwwerlooss. Villes gefällt him elo bal besser wéi a sengem Roman. Zum Beispill d’Rahmenhandlung, ronderëm de mystériéise „P“, déi dem Buch den Numm gëtt, ass am Film vill méi kloer erausgeschafft. „Ech hat d’Episoden am Fong nëmmen nodréiglech mam P zesummegebitzt.“

Hien huet eréischt richteg dru gegleewt, dass aus dem Projet wierklech eppes géif ginn, wou den éisterräichesche Koproduzent „Amour Fou“ mat erageklommen ass. Do waren d’Suen zesummen an et konnt lassgoen. „Perl oder Pica“ ass trotzdem nach eischter eng Low Budget-Produktioun. De Jhemp Hoscheit erënnert sech drun, wéi d’Equip extra e risege Kran vu Bréissel komme gelooss hat, just fir en Travelling vun enger Fenster an eng aner ze dréinen. „Dat hätt e vläicht nach méi dacks kënne maachen“, schwärmt hien, an ee vun den Techniker relativisé iert: „Et soll awer nach eng kleng Produktioun bleiwen.“

Familiär ass et. D’Equip huet hir Büroen e puer Heiser weider. Een Techniker wunnt zoufälleg just niewt dem Set. Dem Jhemp Hoscheit ass dat wichteg, besonnesch well den Dréi och fir hien eng Familienaffär ass. D’Roll vum klenge Bouf, dem Norbi Welscheid, gëtt nämlech vu sengem eegene Jong Ben gespillt. Natierlech kommen do Stëmmen op, déi behaapten, de Papp hätt seng Relatioune spille gelooss, fir den Nowues an d’éischt Rei ze drécken. „Et war hien, deen dat wollt“, betount de Jhemp Hoscheit. Den 13-Jähregen huet sech fir de Casting gemellt, seng Proufopnahme gemaach an dann doheem ongedëlleg op den Telefon vun der Produktioun gewaard. De Schrëftsteller huet dee Klenge schonn op d’Risike vun deem Geschäft opmierksam gemaacht an och probéiert erauszefannen, op hien dem Drock gewuess wär. Mee de Jong wollt einfach nëmme spillen. Hien huet schonn éischt Erfahrungen am Theater gesammelt, ënner anerem beim Kabaret Geoghelli vum Escher Jongelycée. Fir d’éischt huet et geheescht, hie kéint ee vun de Jongen aus dem Norbi senger Klass spillen, dono ass d’Entscheedung gefall, dass hien awer d’Haaptroll kéint iwwerhuelen. „D’Eisterräichesch Koproduzenten wosste guer net, datt hie mäi Bouf ass“, seet de Jhemp Hoscheit, „fir si war hien einfach nëmmen de Ben“.

Ganz relax setzt hien elo an enger almoudescher kuerzer Box an engem gemusterte Pullunder matzen an der Strooss op engem Klappstull tëscht sengen „Elteren“ Änder Jung an Nicole Max. Dat Ganzt schéngt hien net terribel aus dem Konzept ze bréngen. „Hie geet mëttes pünktlech um halwer zwielef op de Set a kënnt owes um hallwer eng heem“, erzielt säi Papp houfreg. Hien huet säin eegene Coach, deen sech dorëm këmmert, datt de Jong an de laangen Dréipause beschäftegt ass. Déi eenzeg Angscht, déi de Jhemp Hoscheit elo nach huet, ass, datt et beemol ze roueg kéint ginn, wann den Tournage Enn August eriwwer ass. „An awer kennt dann erëm eppes Neies“, seet hien. Fir d’éischt kënnt d’Première, da gëtt de Film nach fir den éisterräichesche Public op Däitsch synkroniséiert. D’Geschicht geet weider.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.