Perl oder Pica? Dat wäerte sech d’LĂ«tzebuerger Kinosgänger geschwĂ« froen, wann d’Verfilmung vum Jhemp Hoscheit sengem Roman op eis EcranĂ« kĂ«nnt.

Am richtege Film: de Jhemp Hoscheit um Tournage
vu „Perl oder Pica“. (Foto: Christian Mosar)
Et muss een oppassen, wann een sech am Moment zu Esch gemittlech wĂ«llt widdert eng Hauswand stäipen. Wann ee mĂ©i genee hikuckt, da kinnt een nämlech Ă«nner Emstänn mierken, dass et eng falsch Fassad ass. An der Rue Origer huet eng Filmequipe hir Zelter opgeschloen. Dat ass zu LĂ«tzebuerg näischt Ongeweinleches mĂ©i – just dass hei matzen an engem Quartier gedrĂ©int gĂ«tt, dee fir d’GeleeĂ«nheet ganz am Stil vun de Siechzeger „relookĂ©iert“ gouf. En Deel vun där Fassade, dĂ©i de Bewunner vun den Häiser hannendrun just virun de Fenstere steet, muss dann och all Owes of- a Moies Ă«rem opgebaut ginn. „Eng Madamm huet sech beschwĂ©iert“, seet de Jhemp Hoscheit, „mee dat ass dĂ©i eenzeg Reklamatioun, dĂ©i mer bis elo kruten.“ Heen ass offensichtlech erliichtert doriwwer, datt den Tournage bis elo ouni grouss Problemer verleeft.
Wann hee wĂ«llt virwĂ«tze goen, wĂ©i de Pol Cruchten säi Roman „Perl oder Pica“ Ă«msetzt, da brauch de Jhemp Hoscheit vu sengem Wunnhaus just d’Strooss erop a bis Ă«m den Eck ze trĂ«ppelen. Seng Geschicht spillt viru 40 JoĂ«r an der Minettmetropol. Am Ufank huet d’Equip sech gefrot, wĂ©i se dĂ©i Zäitrees sollt rĂ©alisĂ©ieren. Si hat sech schonn drop ageriicht fir de Buttek vun der Famill Welscheid an engem Studio nozebauen. An do huet d’Chance hinnen an d’Hand gespillt. Zoufälleg hat de Chansonnier Michel Clees grad an der Niewestrooss en Haus kaaft, mat dräi Stäck an enger Hellewull ZĂ«mmeren. An um Rez-de-ChaussĂ©e war tatsächlech e Buttek. De Patron ass viru Jore gestuerwen, an zĂ«nterhier hat ni mĂ©i een e Fouss an dat Geschäft gesat. Wou de Michel Clees an de Jhemp Hoscheit
d’Dier opgespaart hunn, do hu si sech wĂ©i an der Zäit zerĂ©ck versat gefillt. Haut steet op der Vitrine „Welscheid – tabac – journaux“ a bannendran koschtert den Ă„nder Jung, deen an der Verfilmung de strenge Papp spillt.
„Si hunn d’Fassade fir d’Ă©ischt frĂ«sch gemaach an duerno erĂ«m knaschteg gespritzt Ă™“ De Jhemp Hoscheit zielt dat alles wĂ©i eng Geschicht. Fir hien ass et d’Fortsetzung vun eppes, wat viru mĂ©i wĂ©i zĂ©ng JoĂ«r ugefaangen huet. Oder vläicht ass et och nach mĂ©i laang hier. 1996 hat hee sech dohigesat mat der Idee fir e puer Episoden aus senger Kandheet opzeschreiwen. Hien a säi Kabarets-Partner Jemp Schuster ware grad getrennte Weer gaang an en huet no engem neie Ventil gesicht. Beim Nationale Literaturconcours war grad e Präis fir de beschte Roman ausgesat ginn an dat war fir hien e Grond, fir sech duebel an de Projet z’investĂ©ieren. „Et sinn heiansdo Leit“, seet heen, „dĂ©i mer virwäerfen, datt ech nach Ă«mmer bei Concoursen matmaachen.“ Dat wär awer dĂ©i eenzeg MĂ©iglechkeet, wĂ©i Literatur sech hei am Land kĂ©int Unerkennung erkämpfen.
Skeptiker oder Dreemer
Fir „Perl oder Pica“, seng hallef fiktiv KandheetserĂ«nnerungen, krut hien e ganze Koup Unerkennung. Obwuel hie sech mat senger ugebuerener Skepsis, wĂ©i hie seet, net allzevill erwaart hat. Hee koum beim Nationale Literaturconcours op dĂ©i drĂ«tt Plaz a gouf mam Servais-Präis belount. Enges Owes am Kino huet de Joy Hoffmann him bäileefeg gesot, „aus deem Buch kinnt e gudde Film ginn“. An do ass e beemol alles ganz sĂ©ier gaang. Am Juli virun dräi JoĂ«r ass hie mam Viviane Thill iesse gaang an dat sot him, hatt hätt ugefaang un engem SzĂ©nario ze schaffen. E bĂ«sse mĂ©i spĂ©it sinn si do nach eemol iesse gaang, „dĂ«s KĂ©ier mĂ©i deier“, mam Pol Cruchten zesummen, deen sech bereet erklärt huet, fir d’Regie ze iwwerhuelen. Hien ass selwer am Minett opgewues a ka sech an dat, wat den Auteur beschriwwen huet, erafillen.
An d’EntwĂ©cklung vum DrĂ©ibuch wollt de Jhemp
Hoscheit sech net amĂ«schen. Hien huet heiansdo VirschlĂ©i gemaach, mee soss der Spezialistin Viviane Thill d’Aarbecht iwwerlooss. Villes gefällt him elo bal besser wĂ©i a sengem Roman. Zum Beispill d’Rahmenhandlung, ronderĂ«m de mystĂ©riĂ©ise „P“, dĂ©i dem Buch den Numm gĂ«tt, ass am Film vill mĂ©i kloer erausgeschafft. „Ech hat d’Episoden am Fong nĂ«mmen nodrĂ©iglech mam P zesummegebitzt.“
Hien huet erĂ©ischt richteg dru gegleewt, dass aus dem Projet wierklech eppes gĂ©if ginn, wou den Ă©isterräichesche Koproduzent „Amour Fou“ mat erageklommen ass. Do waren d’Suen zesummen an et konnt lassgoen. „Perl oder Pica“ ass trotzdem nach eischter eng Low Budget-Produktioun. De Jhemp Hoscheit erĂ«nnert sech drun, wĂ©i d’Equip extra e risege Kran vu BrĂ©issel komme gelooss hat, just fir en Travelling vun enger Fenster an eng aner ze drĂ©inen. „Dat hätt e vläicht nach mĂ©i dacks kĂ«nne maachen“, schwärmt hien, an ee vun den Techniker relativisĂ© iert: „Et soll awer nach eng kleng Produktioun bleiwen.“
Familiär ass et. D’Equip huet hir BĂĽroen e puer Heiser weider. Een Techniker wunnt zoufälleg just niewt dem Set. Dem Jhemp Hoscheit ass dat wichteg, besonnesch well den DrĂ©i och fir hien eng Familienaffär ass. D’Roll vum klenge Bouf, dem Norbi Welscheid, gĂ«tt nämlech vu sengem eegene Jong Ben gespillt. Natierlech kommen do StĂ«mmen op, dĂ©i behaapten, de Papp hätt seng Relatioune spille gelooss, fir den Nowues an d’Ă©ischt Rei ze drĂ©cken. „Et war hien, deen dat wollt“, betount de Jhemp Hoscheit. Den 13-Jähregen huet sech fir de Casting gemellt, seng Proufopnahme gemaach an dann doheem ongedĂ«lleg op den Telefon vun der Produktioun gewaard. De SchrĂ«ftsteller huet dee Klenge schonn op d’Risike vun deem Geschäft opmierksam gemaacht an och probĂ©iert erauszefannen, op hien dem Drock gewuess wär. Mee de Jong wollt einfach nĂ«mme spillen. Hien huet schonn Ă©ischt Erfahrungen am Theater gesammelt, Ă«nner anerem beim Kabaret Geoghelli vum Escher JongelycĂ©e. Fir d’Ă©ischt huet et geheescht, hie kĂ©int ee vun de Jongen aus dem Norbi senger Klass spillen, dono ass d’Entscheedung gefall, dass hien awer d’Haaptroll kĂ©int iwwerhuelen. „D’Eisterräichesch Koproduzenten wosste guer net, datt hie mäi Bouf ass“, seet de Jhemp Hoscheit, „fir si war hien einfach nĂ«mmen de Ben“.
Ganz relax setzt hien elo an enger almoudescher kuerzer Box an engem gemusterte Pullunder matzen an der Strooss op engem Klappstull tĂ«scht sengen „Elteren“ Ă„nder Jung an Nicole Max. Dat Ganzt schĂ©ngt hien net terribel aus dem Konzept ze brĂ©ngen. „Hie geet mĂ«ttes pĂĽnktlech um halwer zwielef op de Set a kĂ«nnt owes um hallwer eng heem“, erzielt säi Papp houfreg. Hien huet säin eegene Coach, deen sech dorĂ«m kĂ«mmert, datt de Jong an de laangen DrĂ©ipause beschäftegt ass. DĂ©i eenzeg Angscht, dĂ©i de Jhemp Hoscheit elo nach huet, ass, datt et beemol ze roueg kĂ©int ginn, wann den Tournage Enn August eriwwer ass. „An awer kennt dann erĂ«m eppes Neies“, seet hien. Fir d’Ă©ischt kĂ«nnt d’Première, da gĂ«tt de Film nach fir den Ă©isterräichesche Public op Däitsch synkronisĂ©iert. D’Geschicht geet weider.

