Am Bistro mat der woxx #343 – Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg?

von | 11.07.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Kollage, die zeigt, wo überall Ewigkeitschemikalien sind. Ein Rohrleitungsystem verwandelt sich in eine Baumwurzel, Regen, Felder und Häuser sind zu sehen.

Am Reemantel, an der Pan, am Läschschaum vun de Pompjee an an dausend anere Saachen. Déi sougenannt Ewigkeitschemikalien, och als PFAS bekannt, sinn iwwerall. Dat heescht awer och, datt sech hir Ofbauprodukter mëttlerweil iwwerall erëmfannen, besonnesch am Waasser: An eise Flëss a Bachen, am Grondwaasser an och am Krunnewaasser. Eng méintlaang Recherche vun der woxx wéisst, wou dPFASen iwwerall virkommen. Wéi geféierlech ass dat? Wéi si mir bei der Recherche virgaangen? Wouriwwer wäerte mir an deenen nächsten Deeler schwätzen? Dat alles gitt dir an dëser Podcastepisod gewuer.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (1/4): Auf immer und ewig

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #382 – Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d'Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, kritesch mat...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #380 – Ungarn vor dem Systemwechsel?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. De Sonnde sinn an Ungarn Parlamentswale: No 16 Joer Fidesz-Herrschaft vum Viktor Orbán gëtt et eng reell Chance op e Regierungswiessel. De Géigekandidat Péter Magyar an seng Tisza-Partei leien a ville Ëmfroe vir. Mä och wann den Orbán verléiert: Säi System...