Am Bistro mat der woxx #404 – Wisou d’KI net wäert d’Weltherrschaft iwwerhuelen

von | 23.10.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Logo vum Podcast Am Bistro mat der woxx: een Kopfhörer. Doriwwer steet a grénger Schrëft: Wisou d'KI net wäert d'Welt iwwerhuelen Een Text informéiert ausserdem, datt et d'Episod Nr. 404 ass.An deene leschte Wochen a Méint gouf et vill Schlagzeilen an Diskussioune ronderëm „rogue AI“, déi angeblech deemnächst schonn sech zu enger „Superintelligenz“ entwéckelen an d’Weltherrschaft iwwerhuele kéint. Tatsächlech huet sech Software, déi op engem grousse Sproochemodell baséiert, de Computernetzwierk vun enger aner Firma infiltréiert. Dëse Virfall ass grouss mediatiséiert ginn an huet zu villen Ängschte gefouert. Am Podcast erkläert de woxx-Journalist Joël Adami, wat et mat deem Virfall wierklech op sech hat, a wisou Firme wéi „OpenAI“ ganz staark dovunner profitéieren, wann hir Produiten als immens mächteg a geféierlech gesi ginn, och wann dat iwwerhaapt net der Realitéit entsprécht.
D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Weltuntergang mit Werbewirkung & Der Computer bleibt dumm

 

 

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...