All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den 14. Oktober 2025 stellt Microsoft de Support fir säi Betribssystem „Windows 10“ an. Weltwäit kéinten da Millioune funktionéierend Computeren zu Elektroschrott ginn – och hei zu Lëtzebuerg. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwert d’Konsequenzen vum Support-Enn, d’Alternativen zu engem forcéierte Computerwiessel – a firwat sech e Bléck op Linux lount.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Müllberg by Microsoft
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

