Am Bistro mat der woxx #399 – Wisou d’Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass

von | 11.09.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Logo vum Podcast Am Bistro mat der woxx: een Kopfhörer. Doriwwer steet a grénger Schrëft: Wisou d'Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass . Een Text informéiert ausserdem, datt et d'Episod Nr. 399ass.Deemnächst geet d’Schoul erëm un. Mä net fir all d’Schüler*innen ass et d’selwecht einfach oder schwéier, an der Schoul matzekommen. Et gëtt an de Lëtzebuerger Schoulen ëmmer méi Personal, fir Schüler*innen mat spezielle Besoinen ze ënnerstëtzen. Mä dat eleng geet awer net duer, an nach ëmmer schwätzen Elteren, Léierpersonal a Gewerkschafte vu villen Problemer. Pünktlech zur Rentrée huet sech d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras mat dem Thema beschäftegt a mat verschiddenen Leit vum Terrain geschwat. Am Podcast erzielt si, wat bei hirer Recherche erauskomm ass – ënnert anerem och, datt et ganz ënnerschiddlech Opfaassungen dovunner gëtt, wat Inklusioun an der Schoul iwwerhaapt ass a wat se leeschte soll.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: COP17 gegen Bodendegradation: Ein Tropfen auf den heißen Boden

 

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...