All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Dëst Joer ass déi fënneft Editioun vun de Woche vun der mentaler Gesondheet. Do sti vill Themen un, engt vun deene wichtegst ass d’Prekaritéit. Et gëtt nämlech ee staarke Lien tëscht Aarmut, Prekaritéit a mentaler Gesondheet. D’Psycholog*innen Hédi Ben Malek an Amélie Zeimet, déi fir d’Unitéit Psy vun Hëllef um Terrain schaffen, sinn Expert*innen op dësem Gebitt. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet sech mat hinnen ënnerhalen an erkläert am Podcast, wat déi wichtegst Facteure sinn.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Santé mentale et exclusion sociale
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

