Backcover: Gilles Kayser

Dem Gilles Kayser seng Fotoen hu schonn den een oder aneren Artikel vun der woxx illustréiert, am Juni geet hien e Stéck méi wäit: De Fotograf weist op der Récksäit vun der woxx eng exklusiv Serie. Wat fir e Motiv hien ausgesicht huet a wéi hie Fotografie am Zäitalter vu Selfien an Handykamerae gesäit, verréit hien am Interview zum Optakt vu senger Serie.

De Gilles Kayser huet sech d’Fotografie selwer bäibruecht. Ugefaangen huet hie mat Street Photography, antëscht interesséiert hie sech a senger Aarbecht awer och fir Dokumentatioun, sozial a politesch Froen. Als Fotojournalist ass hie fir verschidde lëtzebuergesch Medien aktiv. De Gilles Kayser wunnt a schafft zu Lëtzebuerg. (© Gilles Kayser)

woxx: Wat faszinéiert Iech u Street Photography?

Gilles Kayser: Mir geet et bei der Street Photography drëms eng bestëmmte Period bildlech festzehalen. Wéi huet ee bestëmmte Quartier ausgesinn? Wat huet eng gewësse Period gepräägt? Een einfacht Beispill heifir wieren zum Beispill d’Maske wärend der Pandemie, déi e Merkmal fir eng besonnesch Zäit sinn. Anescht wéi beim Fotojournalismus, wou op bestëmmte Sujete geschafft gëtt, hält d’Street Photography och en Deel vum Alldag bildlech fest. Dacks si Persounen op der Foto ze gesinn, mee et kann awer och just eng Dokumentatioun vum urbane Raum sinn. Generell ass d’Street Photography spontan an net poséiert, ausser et handelt sech ëm Portraiten. Fir mech ass den dokumentaresche Charakter vun der Street Photography essenziell.

Wéi uerdnet Dir d’Roll vun der professioneller an artistescher Fotografie hautdesdaags an, wou e groussen Deel vun der Populatioun Zougrëff op eng Kamera huet: Fënnt eng Vulgariséierung vum Genre statt oder eng beräicherend Ergänzung?

Duerch den einfachen Accès op Kameraen an awer och de Smartphone, ass et méi Mënsche méiglech sech duerch d’Fotografie auszedrécken. Dëst gesinn ech eendeiteg als beräicherend Ergänzung. Et kann ee vun enger Demokratiséierung vum Medium Fotografie schwätzen. Et ass dofir awer och méi schwiereg, fir sech hautdesdaags als Fotograf vun der Mass ofzehiewen. Als Fotograf*in geet et drëms méi wéi just eng eenzel schéi Foto ze maachen. D’Konscht besteet fir mech doran, säin eegene Stil ze fannen. Fotojournalist*innen kënnen duerch hir Fotoen op sozial oder politesch Mëssstänn opmierksam maachen, woubäi am artistesche Beräich éischter konzeptuell geschafft gëtt.

Wéi neutral ass Fotografie, wann et ëm d’Afänke vu bestëmmte politeschen a soziale Beweegunge geet?

D’Motivatioun vun der Dokumentarfotografie ass et d’Realitéit fotografesch ze dokumentéieren. Ech denken dofir, datt een dobäi eng gewëssen Neutralitéit sollt ustriewen. Als Fotograf*in huet een awer, wéi all aner Persoun, eng eege Liewensgeschicht mat perséinlechen a politeschen Iwwerzeegungen, déi engem säin alldeeglecht Handelen, bewosst an onbewosst, beaflossen. Ech denken dofir, datt de Fotograf*innen ni ganz neutral un ee politeschen oder soziale Sujet kënnen erugoen.

Wéi definéiert Dir selwer Är Billersprooch?

Beim Fotograféieren iwwerhuelen ech sou gutt wéi méiglech d’Roll vum Observateur. Ech probéieren net an d’Situatioun anzegräifen, fir se esou onverfälscht wéi méiglech festzehalen. Ech schaffe souwuel faarweg wéi och schwaarz-wäiss, dëst ass ëmmer ofhängeg vum Projet an der Stëmmung déi dobäi passt.

Wat fir ee Projet hutt Dir Iech fir d’woxx ausgesicht?

Fir d’woxx hunn ech decidéiert eng Serie vun eidelstoenden Haiser zu Lëtzebuerg ze fotograféieren. D’Haiser, déi sech gréisstendeels an der Stad befannen, sinn all frontal fotograféiert – dëst soll de serielle Charakter ervirhiewen.

Wisou grad dëst Motiv?

Ech hu mech fir dëse Projet entscheet, well et mech stéiert, datt bei där ugespaanter Wunnengssituatioun zu Lëtzebuerg nach ëmmer eng ganz Rei Haiser zanter Joer(zéngt)en eidel stinn. Am Alldag falen déi Haiser engem net onbedéngt op, well se sech tëschent ville moderne Bauprojete verstoppen. Wann een awer bis ufänkt déi eidel Haiser ze zielen, da mierkt ee mol wéi vill et der sinn; an all eenzelt amenagéiert Haus kéint een Doheem fir eng oder souguer méi Famille sinn.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.