Claudine Muno: Komm net kräischen

1373spalteVilles ass erwaart a scho villes gesot a geschriwwe ginn iwwert der Claudine Muno hire neiste Roman „Komm net kräischen“. Sécher, no enger méi laanger Absence vum Schreiwe waren d’Erwaardungen och héich un dat lokalt „Literaturwonnerkand“. An dofir war wuel och sou munch ee Kritiker enttäuscht iwwert dëst komescht Stéck Literatur, dat  sou guer net an der Auteurin hiert Wierk passt. An „Komm net kräischen“ verloosse mer de verzauberte Realismus an déi grouss an droleg Metapheren, déi bis elo der Kënschtlerin hire Stil gepräägt hunn, a fannen eis um Terrain vum Realismus a vum – falschen – ënnere Monolog erëm. Am Mëttelpunkt vun der Geschicht steet d’Marie, e jonkt Meedchen dat am Süde vum Land an enger éischter mëttelméisseger, typesch Lëtzebuerger Famill opwiisst. Hatt ass faszinéiert vu sengem beschte Frënd Theo sengem Papp, dem Paul, a verbréngt souvill Zäit wéi méiglech bei där anerer Famill. Mat der Zäit, an der Pubertéit, schwengen an der kannereger Schwäermerei op eemol ganz aner Notioune mat, an d’Marie weess e beemol net méi wou et eigentlech drun ass. Eng klassesch „Coming of Age“-Geschicht mat engem vlaïcht autobiographeschen Aschlag also? Net onbedéngt, well „Komm net kräischen“ ass och eng universell Geschicht vu Sécherheeten déi mir alleguerten opbauen, Festungen an deene mir liewen – wéi dem Marie säin Elterenhaus – an an deene mir eis sëlwer vill ze gär aspären. An wann dann alles a Fro gestallt gëtt, jo da gi mir och kräischen. Der Claudine Muno ass, bei aller Kritik déi een un der Kierzt vum Text an um komesche Schluss vum Buch gëlle loosse kann, eppes gelongen, wat net all SchrëftstellerIn kann: Si huet en neie Narrativ, eng nei Geschicht geschriwwen, amplaz wéi sou oft dat selwecht Buch nach eemol ze schreiwen. An dat verdéngt Respekt, a mécht „Komm net kräischen“ zu engem Buch, dat een onbedéngt sollt gelies hunn.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.