D‘woxx huet net laang gezéckt: Kuerz nodeem Petitioun 698 fir Lëtzebuergesch als Amtssprooch anzeféieren d’symbolesch Zuel vun 10.000 Ënnerschrëften iwwerschratt hat, huet d’alternativ Wochenzeitung de Ruff vun der Basis gehéiert an decidéiert hire „Contenu“ – mir sichen nach nom richtege Wuert – progressiv op eis zukünfteg éischt Nationalsprooch ëmzestellen. No a no wäerten ëmmer méi Artikelen an dëser Sprooch erschéngen. Den Ufank mécht dës Woch déi historesch Rubrik. Zum Gléck ass kierzlech och nach eng nei Versioun vum spellchecker.lu (eigentlech: richtegschreiwer.lu) erauskomm, sou datt mer ouni vill Personalopwand dës Ëmstellung hikréien wäerten. D‘Oplag wäert och net ze vill leiden, well mer an Zukunft just nach Ofbestellungen op Lëtzebuergesch wäerten akzeptéieren. Am Géigenzuch erwaarden mer eis Dausende vun NeiabonnentInnen aus dem Lager vun de PetitionistInnen, mat deene mer gewëllt sinn zesummen de Fändel an eis Sprooch héichzehalen.
Guten Rutsch!
2025 s’achève et comme chaque année, le woxx ne paraîtra pas entre Noël et le Nouvel An. Le numéro que vous tenez entre vos mains est donc le dernier de l’année. Vous nous retrouverez le vendredi 2 janvier pour notre première édition 2026. En attendant, vous pouvez bien entendu nous suivre sur notre site woxx.lu, dont l’accès est libre. En...

