Podcast: Am Bistro mat der woxx #011 (17.8.2018)

von | 17.08.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vu Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Dës Woch schwätzen de Joël Adami an de Frédéric Braun iwwer déi nei Opklärungscampagne vum Gesondheetsministère, d‘Opklärungsaarbecht, déi de Cigale, de Centre d‘information gay et lesbien, mécht, den Aarteschutz am Kontext vun enger Klo vu Bayer géint d’EU-Kommissioun an den UN-Projet Vanishing Treasures an awer och iwwer d’Kiffen an de Virschlag, datt een no enger Legaliséierung misst eng Aart Kiffer-Führerschäin maachen, fir zu Lëtzebuerg Gras dierfen ze kafen.

D’Thema vun der Woch ass dës Kéier d‘Biografie vun der Ruth Troeller. Si war net nëmmen déi éischt Fra vum Gordian Troeller, mä huet selwer een enorm spannend Liewen gefouert – an dat huet ee grousse Lien mat Lëtzebuerg.

Dat kéint Iech och interesséieren

ËMWELTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #376 – Directive de la vigilance

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette semaine-ci, les journalistes Fabien Grasser et María Elorza Saralegui se centrent sur une directive européene concernant le devoir de vigilance. Considérablement affaiblie lors des...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...