Podcast: Am Bistro mat der woxx #043 – Den Doud vum Grand-Duc Jean

von | 26.04.2019

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Grand-Duc Jean ass dës Woch gestuerwen, an en huet et och op de Cover vun der woxx gepackt. Dëst allerdéngs net an der Form vun enger Foto, mä als Karikatur, déi allerdéngs zimlech subtil ass. Och den Editorial an der Print-woxx beschäftegt sech dës Woch mam Grand-Duc an dofir ass dëst och d’Thema vum Podcast.

De Joël Adami schwätzt mam Luc Caregari doriwwer, wisou de Grand-Duc Jean den 1. Staatsbeamte war a wéi seng Roll als Wirtschaftsdiplomat ze bewäerten ass, och am Hibléck op seng grouss Léift zur Natur, déi an deene leschten Deeg ëmmer nees betount ginn ass. D’Journaliste kucken sech dann och un, wéi d’Reaktiounen anzeuerdne sinn a wat se dorunner besonnesch iwwerrascht huet.

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...