Podcast: Am Bistro mat der woxx #150 – Trans an intersex Persounen am Profisport

von | 08.07.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An zwou Wochen trëtt mat der Gewiichtshiewerin Laurel Hubbard fir di éischte Kéier an der Geschicht eng oppe liewend trans Fra bei den Olympesche Spiller un. Déi emstridden Décisioun ass dorop zeréckzeféieren, dass d’Sportlerin während iwwert engem Joer en niddregen Testosteronwäert virweise konnt. Vun der sougenannter Testosteronreegel sinn awer net just trans Persounen betraff: Intergeschlechtlech Fraen mat héigem Testosteronwäert kréien ëmmer erëm ennersot géint Fraen unzetrieden. Dobäi ass d’wëssenschaftlech Basis fir dës Décisioun emstridden. D’Tessie Jakobs huet dës Woch iwwert dat komplext Thema geschriwwen an diskutéiert am Podcast mam Joël Adami iwwer den Impakt vun der Testosteronreegel a firwat se vu Mënscherechler*innen kritiséiert gëtt.

 

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...