Podcast: Am Bistro mat der woxx #153 – Pegasus, NSO a wat Lëtzebuerg domadder ze dinn huet

von | 30.07.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’NSO Affär, och Pegasus Project genannt, huet an deene leschten Deeg vir vill Opreegung gesuergt. A wéi bei all internationalem Skandal ass och dës Kéier Lëtzebuerg mat involvéiert. Allerdéngs huet NSO net nëmmen eng geschéckt Steiervermeidungsstruktur op der Lëtzebuerger Finanzplaz opgebaut, mä et gëtt och eng Firma, déi net esou ass, wéi déi aner. De Luc Carregari huet fir d’woxx recherchéiert an erausfonnt, datt déi Software verkaaft an entspriechend Trainingen ugebueden huet. Wat et soss zu der Affär NSO a virun allem der Reaktioun vun der Lëtzebuerger Regierung ze soe gëtt, huet hien dem Joël Adami an eisem Podcast gezielt.

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #368 – Umgehungsstrooss Niederkerschen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d’Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D’Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo...

KLIMAPODCAST

Am Bistro mat der woxx #367 – EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d’EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot...

KLIMAPODCAST

Am Bistro mat der woxx #366 – Wunderwaffe CO2-Speicher?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. CO₂ ofschäiden, späicheren oder notzen – dës Technologien ginn zanter Joren als méigleche Wee aus der Klimakris gehandelt. Kritiker*innen gesinn doranner awer virun allem eng Strategie, fir strukturell Verännerungen...