Am Bistro mat der woxx #369 – Kënschtlech Intelligenz a Musek: Wien spillt hei eigentlech?

von | 22.01.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Musek, déi net méi vu Mënschen, mee vun Algorithme komponéiert gëtt, ass längst am Alldag ukomm. Op Streaming-Plattformen zirkuléieren ëmmer méi Lidder, déi ganz oder deels vu kënschtlecher Intelligenz generéiert sinn – dacks ouni datt d’Lauschterer*innen dat iwwerhaapt mierken. Wat heescht dat fir eis Relatioun zur Musek? Ass et egal, wien (oder wat) e Song produzéiert huet? A wat bedeit dës Entwécklung fir Museker*innen, déi vun hirer Aarbecht liewe wëllen?

Iwwer KI-generéiert Musek an d’Zukunft vum Musekschafen schwätzt d’Melanie Czarnik mat der Chris Lauer an dëser Episod.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Warum David Bowie Recht hatte

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

EDITO

Amazon als kultureller Sponsor: Gönnerhaft

Amazon tritt bei der dritten Ausgabe des renommierten „Anne & Françoise Groben-Preises“, der an Nachwuchs-Musiker*innen vergeben wird, als Geldgeber auf. Eine Aktion, die nicht darüber hinwegtäuschen kann, dass Amazon durch seinen Streamingdienst unbekanntere Künstler*innen benachteiligt.

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...