Am Bistro mat der woxx #189 – Bremst den Ukraine-Krich d’Energiewend?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Hëlleft d’Energiekris an den Ukrain-Krich, fir d’Energiewend méi séier virun ze dreiwen, oder ass se éischter eng Brems? Am Podcast vun dëser Woch schwätzt de Joël Adami mam Raymond Klein doriwwer. D’woxx-Journalisten analyséieren, wat kuerz a mëttelfristeg passéiere kann. Ausserdeem schwätzen si doriwwer, ob zu Lëtzebuerg genuch geschitt. An da stellt sech déi grouss Fro: Kann een an Zukunft nach mat Russland iwwert de Klima verhandelen? A wat geschitt, wann dat net de Fall ass?

Den Artikel op woxx.lu

 

Am Bistro mat der woxx #188 – D’Auswierkunge vum Ukrain-Krich op d’Landwirtschaft

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

A verschiddene Regioune vun der Welt ginn Hongersnéit gefaart, well d’Liwwerungen aus der Ukrain an deelweis wuel och aus Russland ausfale wäerten. D’Tessie Jakobs schwätzt dës Woch am Podcast mam Joël Adami doriwwer, wat fir Repercussiounen déi russesch Invasioun vun der Ukrain op d’Lëtzebuerger Landwirtschaft huet. Donieft diskutéieren d’woxx-Journalist*innen, wat fir fréier Feeler elo erëm widderholl ginn, obwuel et am Fong géif Alternative ginn, déi net op d’Käschte vun der Biodiversitéit ginn.

Den Artikel op woxx.lu

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #187 – Wat bréngt déi erweidert EU-Taxonomie?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wéi d’Kommissioun decidéiert huet, Atom a Gas an der EU-Taxonomie zouzeloossen, war d’Opreegung grouss. Déi ass elo awer erëm méi roueg ginn, mä et ginn Neiegkeete bei der Taxonomie fir nohalteg Investitiounen. D’Plattform vun Expert*innen, déi d’Kommissioun beréit, huet eng erweidert EU-Taxonomie virgeschloen. No engem System vun enger Rouder Luucht sollen Investitiounen a Gréng, Giel a Rout agedeelt ginn. Am Podcast schwätzt d’Tessue Jakobs mam Joël Adami doriwwer, wat dat bréngt, wat fir Kriticken un der Taxonomie domadder besäitegt solle ginn an wéi d’Lëtzebuerger Finanzplaz domadder ëmgeet. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #186 – D’Ennerbréngung vu Flüchtlingen a Gaaschtfamilljen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Säit e puer Wochen gëtt d’Vermëttlung tëscht Persounen, déi aus der Ukrain geflücht sinn a Familljen, déi se bei sech doheem ophuele wëllen, vun der Caritas an der Croix-Rouge géréiert. D’Organisatioun vun dëser Prozedur ass komplex, eng Erfollegsgarantie gëtt et net. An eiser Podcastfolleg vun dëser Woch erzielt d’Tessie Jakobs dem Isabel Spigarelli wéi et vorgaangen ass mat senge Recherchen zu deem Thema – a firwat et net liicht war, Äntwerten op déi vill Froen ze kréien, déi sech stellen.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #185 – D’Maulkuerfgesetz a seng Virgeschicht

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch schwätzt de Joël Adami mam Renée Wagener iwwert d’Maulkuerfgesetz, dat viru 85 Joer un engem Referendum gescheitert ass. D’Historikerin erzielt an dräi Artikelen d’Geschicht dovunner. Am éischten Deel geet et ëm d’Virgeschicht, dat heescht virun allem doriwwer, wéi dat politescht Instrument vum Referendum zu Lëtzebuerg iwwerhaapt agefouert gouf a wéi verschidde Politiker de Grand-Duché an een autoritäre Staat ëmbaue wollten a wien do Virbild war.

Den Artikel op woxx.lu

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #184 – Een internationaalt Ofkommes géint d’Plastikverschmotzung

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Ronn 9,5 Milliounen Tonne Plastik landen all Joer an de Weltmierer. Wéi vill Plastik op de Kontinenter ronderëm läit, ass net erfaasst. Gewosst ass: D’Plastikverschmotzung ass ee risegen, globale Problem. Elo soll endlech een internationaalt Ofkommes ausgeschafft ginn, fir eng Léisung ze fannen. Am Podcast schwätzt d’Isabel Spigarelli dës Woch mam Joël Adami doriwwer, wat dat vir een Ofkomme wäert sinn, wat alles doranner stoe soll kommen a wat eis blo Valorlux-Tut domadder ze dinn huet.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #183 – Eng Studie weist, wéi rassistesch Lëtzebuerg ass

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Etude „Le racisme et les discriminations ethno-raciales au Luxembourg“ liwwert déi éischte Kéier konkret Zuelen dofir, wéi verbreet rassistesch Diskriminatioun zu Lëtzebuerg ass. D’Isabel Spigarelli huet d’Studie gelies a schwätzt am Podcast mam Joël Adami doriwwer, wéi se zustane koum, wéi d’Fuerscher*innen dobäi virgaange sinn a wat d’Resultater sinn. Ausserdeem stellen d’woxx-Journalist*innen sech d’Fro, ob d’Resultater iwwerraschen, an iwwerleeën, wéi d’Reaktioun vun der Politik ass – a wéi se misst sinn.

Ënnert dësem Link fannt dir de woxx-Artikel zum Podcast. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #182 – Lëtzebuerger Wandmillen: offline duerch de Cyberkrich

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zäitgläich mat der russescher Invasioun vun der Ukrain ware Lëtzebuerger Wandmillen net méi fernstéierbar. Dat läit dorunner, datt de Satellit, iwwert deen si eng Internetverbindung kréien, net ze erreechen ass. Mir spieren also och hei d’Auswierkunge vum Cyberkrich. Am Podcast beliichte mir d’Hannergrënn a stellen d’Fro, wéi sécher kritesch Infrastrukturen zu Lëtzebuerg sinn.

Hei fannt dir de woxx-Artikel zum Thema.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #181 – D’Situatioun vu LGBTIQ-Persounen an Europa

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An deene leschte Jore war Lëtzebuerg ëmmer op der drëtter Plaz, wat de Ranking vu LGBTIQ-Rechter an Europa ugeet. Dëst Joer huet sech dat geännert – dat heescht awer net onbedéngt, datt d’Situatioun vu queere Mënschen zu Lëtzebuerg sech verschlechtert huet. Wisou dat esou ass, erkläre mir am Podcast. Donieft schwätze mir allgemeng iwwert Situatioun an Europa, iwwert déi politesch Moossnamen, déi Lëtzebuerg nach misst ergräifen an d’Fro, ob et an dësem Beräich ze vill Aktivismus ka ginn.

Hei fannt dir de woxx-Artikel zum Thema. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #180 – Kritik um néie Quartier „Faïencerie“ am Rollengergronn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Keng gutt Vëlosverbindungen, elle gro Këschten, ze wéineg Bieger*innenbedeelegung – dat sinn e puer vun de Kriticken, déi et um néie Quartier „Faïencerie“ am Rollengergronn ginn. Am Podcast schwätzt d’Isabel Spigarelli mam Joël Adami doriwwer, wat op dem Terrain vu Villeroy & Boch passéiere soll, a wisou dat néit Wunngebitt urbanistesch alles anescht wéi iwwerzeegt. Thema ass och, wat do eventuell ënnert dem Buedem schlummert.

Hei fannt dir de woxx-Artikel zum Thema.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #179 – D’Resultater vum Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Prozess Luxembourg in Transition war eng landesplaneresch Konsultatioun, bei där als éischt 12, dunn sechs, dunn véier Teams hir Visionen fir een klimaneutralt Lëtzebuerg ausgeschafft hunn. Dräi Gremien hunn si bewäert. Net do dobäi war den Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050, obwuel deen offiziell och Deel vum Prozess war. Am Podcast schwätzt d’Isabel Spigarelli  mam Joël Adami doriwwer, wat den Biergerkommitee gemaach huet, wat seng Roll bei Luxembourg in Transition war an wisou sou villes an dem Dossier intransparent war.

Hei fannt dir all d’woxx-Artikelen zum Thema Luxembourg in Transition. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #178 – Spillt eis Zukunft an digitale Paralleluniversumen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Koppele bestueden sech an der virtueller Spillwelt vu Animal Crossing, Facebook a Google investéieren héich Zommen: Metaversen, vereinfacht ausgedréckt digital Parallelwelte mat eegener Wärung a Treffpunkten, beweegen d‘ Technologiebranche genee sou wéi d‘ Gaming-Szen. D‘ Tessie Jakobs geet dem Phänomen an enger Serie vu Artikelen no. Am Bistro mat der woxx schwätzt d‘ Journalistin mat hirer Kolleegin Isabel Spigarelli iwwert hire Interessi um Thema souwéi iwwert Geforen a Méiglechkeete vu Metaversen.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #177 – Schaarf Kritik un Atom- an Äerdgas an der EU-Taxonomie

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’EU-Kommissioun huet een Expert*innengrupp gegrënnt, fir hier bei der Taxonomie fir nohalteg Entwécklungen ze hëllefen. Grad deen huet dës Woch eng vernichtend Kritik un de Pläng, Atomkraaft an Äerdgas als nohalteg ze labelen, verëffentlecht. Am Podcast schwätzt d’Tessie Jakobs mam Joël Adami iwwert Argumenter vun der Kommissioun, vun den Expert*innen an doriwwer, wisou d’Chancen, dat ganzt nach ze verhënneren, immens kleng sinn.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #176 – D’Affär SuperDrecksKëscht

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Ëmmer erëm gëtt et politesch Diskussioune ronderëm d’SuperDrecksKëscht. Am Podcast vun dëser Woch schwätzt de Joël Adami mam Tessie Jakobs doriwwer, ëm wat et bei der Affär SuperDrecksKëscht mëttlerweil geet: Ee Kontrakt, dee ganz offensichtlech net mat der Verfassung konform ass. Léisst sech dat esou einfach mat engem Finanzéierungsgesetz behiewen? Donieft schwätzen d’woxx-Journalist*innen awer och doriwwer, wéi de System vun der SuperDrecksKëscht historesch gewuess ass, datt et et schonn am Joer 2000 ganz änlech Diskussioune wéi haut gouf – a wéi déi ausgaange sinn. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #175 – Wéi d’Regierung hier Verantwortung an der Klimapolitik ofgëtt

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Klimabierger*innerot ass dës Woch d’Thema am Podcast. Wat et domadder op sech huet a wéi sënnvoll de Projet vum Premierminister Xavier Bettel wierklech ass, diskutéieren de Joël Adami an d’Lisa Urbany vun der woxx. Handelt et sech em e Verschibe vu politescher Responsabilitéit? Fir dat ze beschwätzen, gräife mir d’Kritikpunkten an d’Aschätzunge vu verschidde lëtzebuergeschen Organisatiounen op.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #174 – Haiser a Scheiwe kafen: Eng Léisung fir de Wunnengsmarché?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch schwätze mir am Podcast iwwert BlocHome, eng néi Firma, déi den Investissement an de Logement och fir Leit, déi net vill Suen hunn, soll méiglech maachen. Ass dëse Modell eng Léisung fir d’Problemer um Wunnengsmarché oder just eng weider Method, fir Sue mat Immobilien ze maachen? D’Isabel Spigarelli ass der Saach op de Grond gaangen an beäntwert dem Joël Adami seng Froen zum Thema.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #172 – De schlechten Zoustand vun de Lëtzebuerger Gewässer

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den Zoustand vun de Lëtzebuerger Baachen a Flëss ass net gutt. Am Fong hätt schonn zanter 2015 missten ee gudden ökologeschen a chemeschen Zoustand erreecht ginn, dat ass awer net geschitt. De Joël Adami vun der woxx huet sech op d’Sich no den Ursaache gemaach. Am Podcast schwätzt hie mam Tessie Jakobs doriwwer, wisou vill néideg Moossnamen nach net ëmgesat goufen a wou et soss nach iwwerall Problemer ginn.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #171 – Den Zentrum fir Urban Gerechtegkeet an d’Zebrasträifen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch huet d’woxx den Zentrum fir Urban Gerechtegkeet (Zug) virgestallt. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Isabel Spigarelli doriwwer, wéi den Zentrum säin Numm krut, wat fir Aktiounen d’Online-Aktivist*inne bis elo gemaach hunn a wat et mat den illegalen Zebrasträifen an der Stad Lëtzebuerg op sech huet. Wéi ass den Zug bei der Analyse vun den Zebrasträife virgaangen a wat waren d’Reaktiounen aus der Politik op hir Revelatiounen? Ausserdeem hunn sech d’woxx-Journalist*innen sech hiren Adventskalenner ugekuckt.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #170 – Diskriminéierung beim Bluttspenden

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Homo- a bisexuell Männer gi beim Bluttspenden zu Lëtzebuerg nach ëmmer diskriminéiert. Allerdéngs gëtt et zanter Ufank des Jores eng nei Reegel, déi et hinnen erlaabt, Plasma ze spenden. De Joël Adami an d’Tessie Jakobs schwätzen an dëser Episod vum Podcast doriwwer, wéi déi Diskriminéierung gerechtfäerdegt gëtt a wat fir Alternativen et géife ginn. Ausserdeem diskutéieren d’woxx-Journalist*innen iwwert d’Nëtzlechkeet vun der Formuléierung „Männer, déi Sex mat Männer hunn“.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #169 – De Kampf ëm d’Unerkennung vun der Endometriose

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Endometriose ass ëmmer nach eng onbekannt Krankheet, obwuel vill Leit dorënner leiden. Eng Petitioun wëll dat änneren – an endlech Unerkennung fir déi staark Auswierkungen op den Alldag an d’Beruffsliewen. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Isabel Spigarelli net nëmmen doriwwer, wat déi Krankheet fir déi Betraffen heescht, mä virun allem doriwwer, wéi d’woxx-Journalistin bei hierer Recherche zum Thema virgaangen ass. Et ass nämlech och fir Journalist*innen net esou einfach, un Informatiounen zu dem Thema ze kommen.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus