Am Bistro mat der woxx #365 – Bodenschutz: Op wackelegem Buedem

von | 19.12.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Gesond Biedem si fundamental fir d’Biodiversitéit, d’Liewensmëttelsécherheet an de Klimaschutz – a stinn dach laang am Schiet vun aneren Ëmweltthemen. Mat enger neier EU-Direktiv soll sech dat änneren: Zanter dem 16. Dezember ass fir d’éischt e gemeinsaame Kader fir d’Iwwerwaachung vun der Buedemqualitéit a Kraaft. Mä geet dat wäit genuch?
Iwwer degradéiert Biedem, versiegelt Flächen, politesch Kompromësser an d’Grenze vun engem Gesetz, dat éischter observéiert wéi schützt, schwätze de Joël Adami an d’María Elorza Saralegui an dëser Episod.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Bodenschutz: Auf wackligem Grund

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...