Am Bistro mat der woxx #361 – Wisou ginn et esou vill aarm Leit zu Lëtzebuerg?

von | 21.11.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Ronn ee Fënneftel vun der Bevëlkerung ass dem Risiko vun Aarmut ausgesat – an dat am räiche Lëtzebuerg. D’Melanie Czarnik huet méi genee zu dem Thema recherchéiert an erkläert am Podcast, wisou elengerzéiend Eltere besonnesch betraff sinn, a wisou de Phänomen vun den „working poor“ ëmmer méi grouss gëtt. Et geet awer net just ëm eng Bestandsopnam, mä och ëm d’Scheier tëscht aarm a räich, déi zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss gëtt – an dat net ouni Konsequenze fir de sozialen Zesummenhalt. Natierlech steet beim Thema Aarmut och de Wunnengsmaart um Programm, an d’Fro, wéi vill Hëllefe vum Staat wierklech bewierken.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Armut: Die Kluft wächst

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...