Am Bistro mat der woxx #363 – Antirassismus: E Plang ouni Bëss?

von | 05.12.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Regierung huet de laang erwaarten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virgestallt – e Plang, deen no bal 50 Joer ICERD-Ratifikatioun endlech konkret Politik versprach huet. Mä d’Reaktioune sinn duerchwuess: ze wéineg Verbindlechkeet, ze vill Lücken, a kee kloert Verständnis dovun, wéi sech systemesche Rassismus zu Luxemburg wierklech auswierkt.

An dëser Episod schwätzt d’Melanie Czarnik iwwer déi gréisste Schwaachstellen: feelend Intersektionalitéit, e Kultursecteur, deen am Plang kaum virkënnt, an eng Strategie, déi vill sensibiliséiert, mee wéineg verflicht.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Rassismus: Vom zahnlosen Tiger

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...