All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Lëtzebuerg huet kee gudde Ruff, wat Steiergerechtegkeet ugeet. Allerdéngs betount d‘Regierung an de Finanzministère ëmmer erëm, datt sech d‘Land an deene leschte Joren zu engem „Musterschüler“ entwéckelt hätt. Stëmmt dat? De Joël Adami schwätzt haut an eisem Podcast mam Luc Caregari doriwwer, wisou de Barreau géint d‘Ëmsetzung vun der Europäescher Direktiv DAC 6 Stuerm leeft a wat dat mat deene Konstrukter ze dinn huet, duerch déi multinational Firme vill Steiere spuere konnten.
Ausserdeem diskutéieren d‘woxx-Journalisten de Virworf, Lëtzebuerg hätt probéiert, de sougenannte „Country-by-Country“-Reporting ze torpedéieren. mehr lesen / lire plus