All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Lëtzebuerg huet kee gudde Ruff, wat Steiergerechtegkeet ugeet. Allerdéngs betount d‘Regierung an de Finanzministère ëmmer erëm, datt sech d‘Land an deene leschte Joren zu engem „Musterschüler“ entwéckelt hätt. Stëmmt dat? De Joël Adami schwätzt haut an eisem Podcast mam Luc Caregari doriwwer, wisou de Barreau géint d‘Ëmsetzung vun der Europäescher Direktiv DAC 6 Stuerm leeft a wat dat mat deene Konstrukter ze dinn huet, duerch déi multinational Firme vill Steiere spuere konnten.
Ausserdeem diskutéieren d‘woxx-Journalisten de Virworf, Lëtzebuerg hätt probéiert, de sougenannte „Country-by-Country“-Reporting ze torpedéieren.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #227 – Wat d’Urteel vum Europäesche Geriichtshaff fir d’Mënscherechter fir Lëtzebuerg bedeit
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #063 – Fantom-Investissementer zu Lëtzebuerg
- Am Bistro mat der woxx #225 – Wéi d’Regierung Greenwashing op der Finanzplaz fërdert
- Am Bistro mat der woxx #200 – Gas an Atom sinn an der EU-Taxonomie. An elo?
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #149 – D’Affär Luxletters erkläert