Am Bistro mat der woxx #327 – Wéi Senior*innen sech an d’Klimabeweegung abréngen
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Bei der Klimabeweegung denkt een*t vläicht als éischt u jonk Leit, déi Freides op d'Strooss ginn oder sech op d'Strooss pecht. Zu Lëtzebuerg waren dës zwou Aktiounsformen zwar ni immens staark, mä trotzdeem...



