Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx #41 – I walked with a zombie

Mat Halloween virun der Dier, kucke mir dës Woch eng vun de bekanntste Figuren aus dem Horrorkino: de Zombie.

(Copyright: Isabel Spigarelli)

Dës Kreatur, déi hir Geschicht enk mam Kolonialismus am karibesche Raum verbonnen ass, huet sech zu engem Ikon vum moderne Horror entwéckelt. Wat mécht de Zombie esou angschterreigend, a wat ënnerscheet en vun anere klassesche Filmmonstere wéi Vampiren oder Geeschter? Dat diskutéiert Chris Lauer an hirer éischter Kulturpodcast-Folleg mat Melanie Czarnik.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx #40 – Can we make music tours carbon-neutral?

The environmental impact of the music scene is growing, as is the public awareness and attention on musicians. One artist who is taking a different approach in the music industry is singer-songwriter Aditi Veena.

(Copyright: Isabel Spigarelli)

Singer-songwriter Ditty is based in Berlin and sings about making forests, not war. Apart from taking inspiration from nature, she walks the talk: In 2020, she went on her first carbon-neutral tour across India. This month, she just completed a smaller tour across Europe, with stops in Berlin, Frankfurt and Amsterdam. Before the end of her tour, the Woxx team met her to discuss how musicians can counter the environmental impact of the music industry. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #39 Um Canapé mat der Furiosa

D’Tessie Jakobs an de Joël Adami waren an de Kino an hunn den neisten Deel vum „Mad Max“-Franchise gekuckt.

D’Tessie Jakobs an de Joël Adami diskutéiere Furiosa, den neiste Film aus dem „Mad Max“-Franchise. Si stellen sech d’Fro, ob et sech lount, an een IMAX-Kinosall ze goen a vergläiche Furiosa mat Fury Road, mat deenen ale Mad Max Filmer, an deenen erstaunlech vill Coiffeure virkomm sinn.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android. Opgronn vun technesche Problemer ass dësen Episod bis op weideres just op eisem Site ze fannen.

D‘woxx-Rezensioun vun „Furiosa: A Mad Max Saga“. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #38 Dem Isabel Spigarelli seng lescht Folleg

Dëse Freiden ass dem Isabel Spigarelli säi leschten Aarbeschtsdag bei der woxx. Mir hu profitéiert, fir an der neister Folleg vun „Um Canapé mat der woxx“ mat eiser geschätzter Kolleegin iwwer hier Erfahrungen als Coordinatrice vum Kulturressort ze schwätzen.

Während 5 Joer war d’Isabel Spigarelli Member vun der woxx-Redaktioun an dovu 4 Joer laang Coordinatrice vun eise kulturellen Inhalter. Eier d’Isabel ab Abrëll säin neie Posten beim Tageblatt untrëtt, hu mer mat him eng e bësse méi ongewéinlech Folleg vun „Um Canapé mat der woxx“ opgeholl. Wéi huet sech d’Kulturszen zu Letzebuerg an der Tëschenzäit verännert? Op wéieen Artikel ass d’Isabel besonnesch stolz? mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #37 Mëssbrauch

Mëssbrauch an der Famill aus ënnerschiddleche Perspektiven op d’Bün bréngen: Dat ass der Autorin Mandy Thiery mat hire Stécker „Escher Meedchen“ an „Escher Bouf“ gelongen. Mä wat fir e perséinlechen a professionelle Prozess stécht do dohannert? Méi dozou am Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“.

COPYRIGHT: Isabel Spigarelli/woxx

Hefteg, gewot, ze vill: Mat dësen Adjektiver hunn ënnerschiddlech Persounen dem Mandy Thiery seng Theaterstécker „Escher Meedchen“ an „Escher Bouf“ an der Vergaangenheet kommentéiert. Dobäi beschreiwen si Mëssbrauchserfarungen ënnerhalb vun enger Famill, wéi se dagdeeglech stattfanne kënnen. 2018 huet de Monodrama „Escher Meedchen“ Premiere gefeiert, 2023 dunn d’Theaterstéck „Escher Bouf“ – eng drëtt Episod vun der Geschicht ass geplangt. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #36 Queer Filmgeschicht

D*de Charlie Thines vun der Cinemathéik an d’Hélène Walland vu Queer Loox schwätzen am Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ iwwert queer Filmgeschicht an dat, wat Lëtzebuerg dozou bäidréit.

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

Iwwert queer Filmgeschicht gëtt international reegelméisseg geschwat, zu Lëtzebuerg awer éischter manner: D*de Projektionist*in an Archivist*in Charlie Thines souwéi d’Filmproduzent*in Hélène Walland geheien dofir e Bléck op d’Entwécklung vun der Duerstellung vun LGBTIQA+-Mënsche am Film mä och deenen hir Situatioun am Secteur zu Lëtzebuerg. Wéi schwéier ass et hei queere Contenu ze weisen an ze produzéieren? Ass all Representatioun vun LGBTIQA+ – Persoune gutt ? Lauschtert eran a fannt et eraus! mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #35 Kulturpolitesche Réckbléck

D’Joer geet op en Ënn, Zäit fir „Um Canapé mat der woxx“ e kulturpolitesche Réckbléck ze woen: Wat ware fir d’Ex-Kulturministesch Sam Tanson (Déi Gréng) Héichpunkter? Zu wat ass si net komm? A wat hält si vum neie Koalitiounsaccord?

COPYRIGHT: Isabel Spigarelli/WOXX

D’Deputéiert Sam Tanson (Déi Gréng) huet no de leschten Nationalwalen am Oktober zwar hire Büro als Kulturministesch misse raumen, mä de Recht vum Joer huet si kulturpolitesch Debatten an der Regierung gefouert. Zesumme mam Isabel Spigarelli (woxx) léisst si d’Joer Revue passéieren: Wat war mam Konflikt ronderëm de Bâtiment4 zu Esch? Wat hëlt si mat aus dem Tëschebilan vum Kulturentwécklungsplang? mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #34 Queere Kulturaustosch

Huelt Plaz „um Canapé mat der woxx“: Am November sinn d’Kënschtler*innen Charlotte Muniken an Karma Catena (C’est Karma) op Besuch. Zesummen hunn si beim neie Magasinn vu Rosa Lëtzebuerg, queer.lu, matgewierkt. Mä wat bedeit et eigentlech, wa queer Kënschtler*innen openeentreffen? An wou geschitt dat iwwerhaapt?

COPYRIGHT: Isabel Spigarelli/WOXX

Zwou Kënschtler*innen, zwou Disziplinnen: Wärend d’Karma Catena virun allem an der Musek doheem ass, ass d’Zeechnen dem Charlotte Muniken seng Welt. Fir de neie Magasinn queer.lu vu Rosa Lëtzebuerg, deen am Januar 2024 lancéiert gëtt, hunn déi zwee sech zesumme gedoen. Am Magasinn gëtt et eng Illustratioun vum Charlotte ze entdecken, déi sech un engem Lidd vum Karma inspiréiert. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #33 Mental Gesondheet an Danz

Et ass rem Zäit fir op de Canapé mat der woxx: Dëse Mount sinn d’Sandra Beck an d’Sissy Mondloch vum Danzkollektiv Lucoda op Besuch fir iwwert mental Gesondheet am Danz souwéi hire Projet „Ongoing“ ze schwätzen.

COPYRIGHT: WOXX/Isabel Spigarelli

En Danzprojet zu mentaler Gesondheet: eng Erausfuerderung oder eng Beräicherung? Fir d’Sandra Beck an d’Sissy Mondloch vum Danzkollektiv Lucoda ass et béides. Ënn 2021 huet d’Sandra Beck, Danzvermëttlerin an haaptberufflech Sozialaarbechterin, de Projet „Ongoing“ am Kader vun der Semaine de la santé mentale an d’Liewe geruff. D’Choreographin Sissy Mondloch huet dem Sandra seng Iddi, zesumme mat aneren Dänzer*innen, an e Spektakel ëmgesat. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #32 Fir eng sozial Kulturpolitik

A knapp zwou Woche wielt Lëtzebuerg eng nei Regierung – Zäit e Réckbléck op déi läscht Legislaturperiod ze geheien: Wéi sozial war do d’Kulturpolitik? D’Marianne David an de Luis Santiago vu  Cultur’all sinn dofir op Besuch um Canapé.

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

​Mat der Aféierung vum Kulturpass am Joer 2008 hu sozial marginaliséiert Persoune fir 1,50 Euro Zougank zu Kultur. Mä geet dat duer fir kulturell Erliefnisser ze demokratiséieren? D’Marianne David an de Luis Santiago schaffe béid säit Jore fir Cultur’all, d’ASBL, déi fir de Kulturpass zoustänneg ass. Si stinn am Kontakt mat den eenzele Partnerorganisatioune souwéi mat de Persounen, déi e Kulturpass notzen. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #31 Rape Culture: d’Roll vu Veranstalter*innen

Hei ass den zweeten Deel vun eiser Mini-Podcastserie zum Thema rape culture: Am August schwätzt d’Ainhoa Achutegui, Direktesch vun der Abtei Neimënster, iwwert d’Verantwortung vu Veranstalter*innen a Kulturinstitutiounen.

COPYRIGHT: Isabel Spigarelli/WOXX

E gouf am Juli versprach, hei ass en – den zweeten Deel vun eiser Mini-Podcastserie zu rape culture. Dëse Begrëff ëmfaasst ënner anerem sozial a kulturell Verhalensweisen, déi sexualiséiert Gewalt verharmlosen oder ignoréieren, d’Schold dofir bei den Affer sichen oder alles dat zesummen.

Huet lëschte Mount déi spuenesch Kënschtlerin Laia Abril gedeelt, wéi si dat Thema an hirer Aarbecht souwéi an der Ausstellung On Rape“ an der Abtei Neimënster ugeet, schwätzt lo d’Ainhoa Achutegui iwwert den Ëmgang vu Kulturveranstalter*inne mat rape culture. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #29 Queer Literatur aus Lëtzebuerg

Lëtzebuerg feiert de „Pride“-Mount, mä tauche LGBTIQA+-Themen och an der nationaler Literatur op? Dëser Fro ginn d’Sandy Heep an de Cosimo Suglia vum Fanzine „Aner Welten“ dëse Mount „Um Canapé mat der woxx“ no.

Queer Literatur ass an de Bicherregaler a Butteker zu Lëtzebuerg ze fannen, awer dofir méi rar an der lëtzebuergescher Literaturzeen selwer. Zwar ginn et vereenzelt Autor*innen, déi LGBTIQA+-Figuren an hir Texter abannen, mä dës loossen sech un zwee Hänn ofzielen. Wisou ass dat sou an engem Land, an deem LGBTIQA+-Mënschen opmannst um Pabéier eng ganz Partie Rechter hunn, déi hinnen e gläichberechtegt Liewen erméiglechen sollen? Feelt et dofir un Interessi un der Thematik oder bedéit dëst, datt et trotzdem Tabu ass oppe Faarf zu Queerness ze bekennen? mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #28 Kommunal Kulturpolitik

Um Canapé mat der woxx ginn d’Gemengewalen 2023 agelaut: Wat fir e Stellewäert huet do d’Kulturpolitik? U wat feelt et op regionalem Niveau a wat leeft gutt? De Maxime Bender, Präsident vum Netzwierk Réseau an Direkter vum Trifolion Echternach, péckt aus.

COPYRIGHT: Isabel Spigarelli/woxx

D’Walplakater sinn opgehaangen, d’Programmer verschéckt: Et ass alles prett fir d’Gemengewalen 2023, den 11. Juni. Iert et an d’Walkabinn geet, geheit de Maxime Bender dofir mat der woxx e Bléck op déi regional Kulturpolitik. Als Präsident vum Netzwierk Réseau, gegrënnt 2008 a Verband vun 10 regionale Kulturhaiser, mä och als Direkter vum Trifolion Echternach huet hie Luef an eng Partie Virschléi fir d’Verbesserung vun der regionaler Kulturzeen iwwreg. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #27 Cultural Exchange

In April’s episode of “Um Canapé mat der woxx” we speak English: Our guest is the artist Fadi Jaafar, a civic activist and member of the cultural association Douri. How does he experience cultural exchanges? What does it mean to start all over again as an established artist? How does all of this affect his work? Fadi shares his thoughts about these questions and much more.

COPYRIGHT: woxx/Isabel Spigarelli

What do we mean when we talk about cultural exchanges? How can art help people, who need to settle down in a new environment, after having experienced traumatic events? Is it easy to start a dialogue in between cultures if you don’t share a common language? mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #26 Sexismus an der Kulturzeen

Am Mäerz huet de feministeschen Zentrum CID Fraen an Gender seng Video-Campagne zu strukturellem Sexismus an der Kulturzeen lancéiert. Wat fir eng Gesichter kann deen unhuelen? Ass eppes dovunner typesch Lëtzebuerg? A wat seet d’Politik dozou? „Um Canapé mat der woxx“ ginn et Äntwerte vum Claire Schadeck an dem Natalie von Laufenberg.

COPYRIGHT: woxx/Isabel Spigarelli

„Féier keng op – dach net an eiser Kulturzeen! Oder … ?“ Ënnert dësem Slogan huet de CID Fraen an Gender ëm de Weltfraenkampfdag uganks Mäerz an am Kader vu senger Kooperatioun mam Luxembourg City Film Festival eng Video-Campagne zu strukturellem Sexismus an der lëtzebuergescher Kulturzeen präsentéiert. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #25 Kultur a Kommerz

Am Februar dréint sech „Um Canapé mat der woxx“ alles em d´Geld: Wéi gëtt Kultur fir wirtschaftlech Zwecker genotzt? Wien wëlle Stied mat kulturelle Groussevents uschwätzen? A wéi nohalteg ass dat Ganzt? Richtung22 deelt hir Gedanke mat der woxx.

Copyright: Isabel Spigarelli/woxx

D’Bedeelegung vum lëtzebuergesche Kultursecteur un der Weltexpo zu Dubai, d’Kulturjoer Esch2022 – béides sinn Evenementer, déi d’Kënschtler*innenkollektiv Richtung22 an der Vergaangenheet beschäftegt hunn. Generell komme weltwäit ëmmer erëm Froen dono op, wéi wäit d’Kulturzeen dierf fir touristesch, wirtschaftlech an aner politesch Beräich instrumentaliséiert ginn. An dësem Episod ginn d’Isabel Spigarelli vun der woxx an zwou Vertrieder*inne vu Richtung22 dëser a villen anere Froen zum Thema no. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #24 Tabu an der Konschtzeen

Neit Joer, nei Staffel: den éischten Episod vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ am Joer 2023 gëllt dem Thema Tabu. D’Larisa Faber, Schauspillerin a Regisseurin, deelt hir perséinlech Erfarungen zum Ëmgang mat kontrovers diskutéierten Themen an der lëtzebuergescher Kulturzeen.

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

Schwangerschaftsofbroch (e.a. Good Girls), Mëssbrauch an der Pflegeanstalt (Disko Dementia) – d‘Larisa Faber, Schauspillerin a Regisseurin vun ënner anerem engleschsproochegen Theaterstécker souwéi Kuerzfilmer oder Musical, schréckt an hire Produktiounen net virun Tabuthemen zréck. Wéi schwéier ass et dës Sujeten op d’Bün ze bréngen? Wéi reagéiert de Public op sinn? An wat huet dem Larisa Faber hir eege Familljegeschicht, déi enk mat der Nikolae Ceaușescu-Diktatur a Rumänien zesummenhänkt, fir en Afloss op hir Aarbechten? mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast – Um Canapé mat der woxx: #23 Réckbléck mat der woxx

2022 geet op en Ënn, mee wat bléift hänken? D’Kulturredaktioun vu der woxx bléckt op hiert ganz perséinlecht Kulturjoer zréck an tauscht sech am leschten Episod „Um Canapé mat der woxx“ vum Joer driwwer aus.

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

D’Lëtzebuerger Südgemenge waren europäesch Kulturhaaptstad 2022 an de kulturelle Programm war deementspriechend voll – an awer huet d’Kulturredaktioun vun der woxx dëst Joer och aner Momenter am Kulturliewe  beschäftegt, déi näischt domadder ze dinn haten. D’Tessie Jakobs, de Florent Toniello an d’Isabel Spigarelli paken aus: Wat huet si dëst Joer am Beräich Kultur besonnesch interesséiert? Wat si fir si Themen, déi iwwert de Joreswiessel eraus Spuere wärten hannerloossen? mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast – Um Canapé mat der woxx: #22 Queer Little Lies

D’Sandy Artuso vum Theaterkollektiv Independent Little Lies hëllt fir d’zweet Kéier Plaz um Canapé mat der woxx: Dës Kéier schwätzt d’Sandy iwwert de Konschtfestival Queer Little Lies, deen dëse Weekend am Bâtiment 4 zu Esch souwéi an der Escher Bibliothéik stattfënnt, mä och iwwert d’Plaz vu queerer Konscht op der Bün, hannert de Kulissen an am politeschen Diskurs zu Lëtzebuerg.

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

All zwee Joer stellt d’Theaterkollektiv Independent Little Lies queer Konscht a Kënschtler*innen an de Mëttelpunkt vun engem Festival: dem Queer Little Lies. No der éischter Editioun am Joer 2018 huet sech an der lëtzebuergescher Kulturzeen vill gedoen. Nieft der Pandemie, gouf et och Verännerungen an der Programmatioun vu Kulturinstitutiounen: Et komme méi queer Themen op. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #21 Inclusioun: (K)een Thema? Grenzen, los!

Loscht op déi nei Episod vum Kulturpodcast zum Thema Inclusioun? D’Peggy Kind vum Mierscher Kulturhaus an den Didier Scheuren vun cooperationsART sinn op Besuch um Canapé an diskutéieren iwwert Muecht, Liichtegkeet, Kulturpolitik a méi.

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

D’Mierscher Kulturhaus schreift dës Saison Inclusioun besonnesch grouss: Ënnert dem Slogan „Inklusion Kultur. Grenzen, los!“ solle bewosst Kënschtler*innen mat Behënnerung an de Programm opgeholl souwéi den Zougang vir de Public mat Behënnerung erliichtert ginn. Dat inklusiivt Kënschtler*innenkollektiv cooperationsART ass Deel dovunner. Mä wéi gëtt Inclusioun am Kulturberäich ëmgesat? Hu Mënsche mat oder ouni Behënnerung d’Handlungsmuecht? A wat fir eng Roll spillt um Ënn och d’Kulturpolitik? mehr lesen / lire plus