Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #39 Um Canapé mat der Furiosa

von | 29.05.2024

D’Tessie Jakobs an de Joël Adami waren an de Kino an hunn den neisten Deel vum „Mad Max“-Franchise gekuckt.

D’Tessie Jakobs an de Joël Adami diskutéiere Furiosa, den neiste Film aus dem „Mad Max“-Franchise. Si stellen sech d’Fro, ob et sech lount, an een IMAX-Kinosall ze goen a vergläiche Furiosa mat Fury Road, mat deenen ale Mad Max Filmer, an deenen erstaunlech vill Coiffeure virkomm sinn.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android. Opgronn vun technesche Problemer ass dësen Episod bis op weideres just op eisem Site ze fannen.

D‘woxx-Rezensioun vun „Furiosa: A Mad Max Saga“.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...