Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #38 Dem Isabel Spigarelli seng lescht Folleg

von | 26.03.2024

Dëse Freiden ass dem Isabel Spigarelli säi leschten Aarbeschtsdag bei der woxx. Mir hu profitéiert, fir an der neister Folleg vun „Um Canapé mat der woxx“ mat eiser geschätzter Kolleegin iwwer hier Erfahrungen als Coordinatrice vum Kulturressort ze schwätzen.

Während 5 Joer war d’Isabel Spigarelli Member vun der woxx-Redaktioun an dovu 4 Joer laang Coordinatrice vun eise kulturellen Inhalter. Eier d’Isabel ab Abrëll säin neie Posten beim Tageblatt untrëtt, hu mer mat him eng e bësse méi ongewéinlech Folleg vun „Um Canapé mat der woxx“ opgeholl. Wéi huet sech d’Kulturszen zu Letzebuerg an der Tëschenzäit verännert? Op wéieen Artikel ass d’Isabel besonnesch stolz? A wéi optimistesch kuckt hatt der Zukunft vum Kulturjournalismus entgéint? Dës an nach vill aner Froen hunn d’Tessie Jakobs an d’Maria Elorza him am Kader vu senger leschter Podcast-Folleg gestallt.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android. Opgronn vun technesche Problemer ass dësen Episod bis op weideres just op eisem Site ze fannen.

 

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...